Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E méi däischtere Pinocchio

Nei am Kino

E méi däischtere Pinocchio

Ënner dem einfachen Titel "Pinocchio" realiséiert de Matteo Garrone eng weider Adaptatioun vum Carlo Collodi sengem Klassiker aus der Kannerliteratur, mam Roberto Benigni an der Roll vum Gepetto.

auto_stories

4 min

De Schräiner Gepetto (Roberto Benigni) a säi "Bouf" Pinocchio (Federico Ielapi)

D'Geschicht vum Pinocchio, der Marionett, där hir Nues méi laang gëtt all Kéiers wa se beim Léien erwëscht gëtt an déi sech schécke muss fir e richtegt Kand ze ginn, gouf schonn zeg-Mol adaptéiert, souwuel fir de groussen ewéi fir de klengen Ecran. Natierlech dierft jiddwereen d'Disney-Produktioun vun 1940 a gudder Erënnerung hunn, och wann et net déi éischt Verfilmung vum Carlo Collodi sengem Roman-Klassiker vun 1883 war.

Eng 16 Longmetragë gëtt et bis elo, dorënner ''The Erotic adventures of Pinocchio'' - éischter eng Kuriositéit vun 1971. D'Joer drop hat de groussen italieenesche Realisateur Luigi Comencini eng Mini-Serie fir d'Tëlee gedréint. Méi spéit dann, 2002, koum de ''Pinocchio'' vum a mam Roberto Benigni an de Kino, an dee selwechte Benigni spillt och am neiste ''Pinocchio'' mat, dës Kéier realiséiert vum Matteo Garrone, Realisateur vu ''Gomorra'', ''Reality oder nach ''Dogman'').

De Roberto Benigni als Gepetto

De Benigni verkierpert elo net méi selwer déi hëlze Marionett, mee där hire Papp, den Gepetto, dee sech säi Jong reegelrecht aus engem Stéck Holz schnëtzelt. Den Ufank vum Film steet ganz am Zeeche vum batter-aarmen toskanesche Schräiner, deem een nokuckt, wéi en sech dréint a kéiert fir sech eng Zëppchen offréieren ze loossen ouni mussen ze heeschen.

Wéi esou dacks geléngt dem Roberto Benigni hei de Spagat tëschent Komik an Drama - schued, datt een de leschten Deel vum Film muss ofwaarden, fir de sympatheschen Toskaner aus Leif a Séil nees erëm ze gesinn.

De Realisateur Matteo Garrone hält sech gréisstendeels un d'Romanvirlag vum Carlo Collodi. Dem Pinocchio seng bekannten Aventure ginn, bis op e puer Ausnamen, eng no där anerer gewisen.

Well en nëmmen drun denkt, sech ze ameséieren amplaz schéi brav an d'Schoul ze goen, gëtt de Pinocchio vum Proprietär vun engem ambulante Marionetten-Theater verschleeft, fält - naiv wéi en ass - méi ewéi eng Kéier op de Fuuss an d'Kaz eran, begéint enges Daags enger Fee (Marine Vacth), déi et gutt mat him mengt, ier en dann nees op e Gauner erafält a sech zur Strof an en Iesel verwandelt, mee dann nees sengem Papp Gepetto iwwer de Wee leeft, am Bauch vun engem Haifësch.

Et feelt u Schwong

Dëse fir de klassesche Bildungsroman typesche Verlaf wierkt hei e bësse laangootmeg, dem Film feelt et iergendwéi u Schwong, passt sech scho bal dem Rhythmus vum Schleek un, iwwer deem seng Schläimspuer verschidde Personnagen trëllen. Dem jonke Federico Ielapi seng zeréckhalend, bal apathesch - ech wëll net soen hëlzen - Interpretatioun vum Pinocchio hëlleft do sécherlech net.

Mir sinn hei wäit ewech vum Benigni senger explosiver Performance vu virun 18 Joer - deem seng Marionett war dorëmmer gehopst a gesprongen ewéi op Däiwel komm eraus. Mee den deemools mat groussem Opwand realiséierte Film - bis elo deen deiersten an der Geschicht vum italieenesche Kino - war u sech scho méi faarweg a sprëtzeg.

Gutt Mëschung aus Realismus a Märchen

Dem Mattteo Garrone seng Pinocchio-Versioun ass visuell vill méi däischter a kontrastéiert. Him geléngt an deem Sënn d'Mëschung tëschent Realismus a Märchen, déi schonn dem Collodi säi Roman ausgezeechent hat. Engersäits huet een eng realistesch Duerstellung vum schwéiere Liewen an der ländlecher Toskana.

Anerersäits gëtt dëse Kader mat enger Hellewull u fantastesche Personnage gefëllt, déi haaptsächlech vu reellen, also geschminkten a mat Protheesen equipéierten Acteuren interpretéiert ginn amplaz vu computer-animéierte Wiesen - quitte dat och hei mat Animatiounstechniken nogehollef gouf. Si all maachen e bëssen Angscht, si befriemend, an engems si se dacks witzeg a komme sympathesch eriwwer. Mee déi Zweedeitegkeet entsprécht der schauereger Atmosphär vu Märecher, an deene bekanntlech net permanent Konfetti dorëmmer flitt.

Trotz senge Läängten ass dem Matteo Garrone säi ''Pinocchio'' duerchaus gelongen, virun allem visuell. Am Zweiwelsfall geet een de Film schonn emol fir de Roberto Benigni kucken, deen ee leider net esou dacks ze gesi kritt.