Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Stéck dat provozéiert

"Viel gut essen"

E Stéck dat provozéiert

De 5. Oktober ass d'Première vum Stéck "Viel gut essen" am Kasemattentheater. D'Anne Simon bréngt eng Opféierung op d'Bühn, déi net just mat rietspopulisteschen Parole schafft, mä och de Mënsch hannendru weist, deen all deenen Aneren d'Schold um eegene Misär gëtt. E Stéck dat opwullt, rosen an nodenklech mécht a fir vill Diskussioune suerge wäert.

auto_stories

3 min

"Looss mech kräischen iwwer mäi grausamt Schicksal a bekloe meng Fräiheet ..."

Den Ufank vun der Arie aus dem Händel sengem "Rinaldo" spigelt u sech all déi Kontradiktiounen, Konsequenzen a Konklusiounen, déi an dësem Stéck vun der Schrëftstellerin an Dramaturgin Sibylle Berg an enger iwwerspëtzter a konzentréierter Form op Pabeier bruecht goufen. Vu wéi enger Fräiheet schwätze mir? Der Fräiheet mol haart ze soen, wat mir denken?

"Das wird man ja wohl noch sagen dürfen ..."

Zënter e puer Joer a spéitstens zënter dem fréieren däitsche Politiker Thilo Sarrazin sengem Pamphlet "Deutschland schafft sich ab" ass all Form vu Rassismus, Sexismus, Homophobie an Antisemitismus salonfäeg ginn. An d'Affer sinn net méi déi vun all dësen Diskriminatioune viséiert Mënschen, mä déi, déi d'Aussoe maachen.

Wäiss, männlech, heterosexuell ... d'Welt huet en neit Feindbild an déi wäiss heterosexuell Männer gesi sech ëmmer méi als Victime vun all den Ongerechtegkeeten, deene si ewell ausgeliwwert ginn: De Fraen, den Auslänner, de Politiker, de Banker, de Moslemen.

"Zwei Seelen wohnen - ach! In meiner Brust ..."

De Pitt Simon verkierpert de wäisse männlechen Heterosexuellen, dee säi Schicksal beklot, dee sech no enger Uerdnung seent, déi him net méi ginn ass. Fir d'Regisseurin Anne Simon ass een als Mënsch ufälleg fir eng einfach Léisung a schwéieren Zäiten ze sichen.

"Et kuckt een net onbedéngt der Realitéit an d'Aen, well déi einfach och ze komplex ass. Ech mengen et muss een, an dat ass mënschlech, iergendwou eng Erklärung fir Saache fannen. A wat d'Welt méi komplex gëtt, wat et natierlech méi einfach ass oder méi einfach gëtt, fir eng vereinfacht Erklärung ze maachen."

Fir si ass et do, wou de Rietspopulismus uknäppt. Et misst een awer probéieren ze verstoen, wéi sou Systemer géife fonctionnéieren, esou d'Regisseurin.

"L'enfer c'est les autres ..." Si sinn dru schold? Däerf ech den Aneren d'Schold ginn, däerf ech mech ongerecht behandelt fillen? A muss ech mech fir Gedanke schummen, déi net politesch korrekt sinn? Firwat si an net ech?

D'Iwwerleeung, et hätt een eppes ze gutt, einfach well een am richtege Moment op der richteger Plaz vun der Welt sëtzt, schéngt an de Käpp vu ville wäissen, heterosexuelle Männer ee vun der Natur aus bestëmmte Recht ze sinn.

Bühnebild als Spillwiss

Genee do setzt der Sibylle Berg hiren onbequemen Text un. Wéi reagéiert een op esou Gedanken, Iwwerleeungen a Wënsch? Mat lénks-intellektueller Iwwerhieflechkeet oder mat Empathie? An do si mer erëm bei der Fräiheet, déi och duerch d'Bühnebild, dat aus risege Legostäng zesummegestallt ass. D'Anne Simon gesäit am Dekor engersäits d'Symbolik vun enger grousser Spillwiss.

"Op där enger Säit si Legostäng e bësse sou déi ideal Welt, d'Kannerwelt, dat Haischen dat mir eis alleguerte kënne mam Lego bauen. Op der anerer Säit kënne mir natierlech och eng Mauer bauen. Mir kënnen eis doduerch och vun anere Leit ofschiermen. Et ass ganz kloer och déi Scheinwelt, an där u sech och alles nach einfach a simpel ass. Mä d'Welt herno der erwuessener Realitéit awer net méi entsprécht a mir awer mengen, mir misste genee déi Idealwelt zréckbauen an dat ass awer net esou."

De Pitt Simon an den Néckel Bösenberg ginn dem Text am Stéck eng brutal a skrupellos Kraaft, déi mam Spectateur senge Gedanken an Emotioune Schlitt fiert.

Et ass ze wënschen, datt dës villschichteg a punktuell gewoten Inzenéierung nei Diskussiounen ausléist an dat net just bei "lénksversifften, feministesch-transhomosexuelle Guttmënschen".