Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hoffen, datt alles gutt ausgeet"

Dogan Akhanli

"Ech hoffen, datt alles gutt ausgeet"

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger ass entsat iwwer déi rezent Verhaftung vum Doğan Akhanli. Den däitsche Schrëftsteller mat tierkeschen Originne war fir kuerz Zäit a Spuenien festgeholl ginn. Zënter e Sonndeg ass hien erëm fräi, däerf awer Spuenien net verloossen. De Guy Helminger, dee grad esou wéi den Akhanli zu Köln lieft, gesäit de laangen Aarm vun der tierkescher Regierung hannert där Verhaftung.

auto_stories

4 min

"Ich möchte sehr gerne morgen nach Deutschland fahren und Ruhe haben. Auch wenn ich hier auf spanischem Boden frei bin, kann ich diese Freiheit nicht geniessen," esou den Doğan Akhanli an den Tagesthemen vun e Sonndeg, den 20. August. Den ARD-Redaktiounsmataarbechter Jan-Peter Bartels huet den däitsche Schrëftsteller mat tierkeschen Originnen no dem senger Fräiloossung zu Madrid getraff.

Wat Fräiheet heescht, weess deen 1957 an der Tierkei, no un der Küst vum Schwaarze Mier gebuerenen Doğan Akhanli ganz gutt. 1975 war hie méintelaang festgehale ginn - hien hat eng lénk Zeitung kaf a vun 1985 bis 1987 war hien als politesche Prisonéier agespaart ginn.

En engagéierte Verfechter vun de Mënscherechter

1991 geléngt him dann d'Flucht aus der Tierkei an zanterhier lieft den Doğan Akhanli zu Köln, wou de lëtzebuergesche Schrëftsteller Guy Helminger hien och kenne geléiert huet.

"Ënnert anerem hate mir eng Liesung zesummen. Deemools ass et awer net ëm d'Tierkei, mä ëm China gaangen. Do hu mir fir den Liao Yiwu a fir den Liu Xiaobo gelies. Den Doğan Akhanli war déi eng Stëmm an ech war déi aner. Dat war viru siwe Joer."

Den Doğan Akhanli, engagéierte Verfechter vun de Mënscherechter war am August 2010 an d'Tierkei gereest fir säin doudkranke Papp nach emol ze gesinn. Um Fluchhafen zu Istanbul ass hie verhaft ginn. Him gouf reprochéiert un engem Iwwerfall deelgeholl ze hunn, während deem de Besëtzer vum attackéierte Büro de Change ëmbruecht gouf. Eréischt am Dezember vum selwechte Joer ass den Akhanli op fräie Fouss gesat ginn, well keng Beweiser fir seng Participatioun un dësem Iwwerfall virlouchen.

"En Aschüchteren iwwer d'Grenzen eraus"

2013 ass de Fräisproch an engem Revisiounsprozess erëm opgehuewen an en internationalen Haftbefehl ass vun der Tierkei ausgestallt ginn. Den Doğan Aakhanli gouf de 19. August vun der spuenescher Police festgeholl.

"All Mënsch, deen e bëssen nodenkt, wäert wëssen, datt do Interpol mëssbraucht gëtt, fir eege politesch Ziler ze verfollegen. Spréch: Fir datt déi ganz Leit de Mond net méi opmaachen. Et ass Aschüchteren iwwer d'Grenzen eraus. Dat dierf kee Staat an och Europa sech net gefale loossen. Do muss ee massiv dogéint virgoen. Et ass ganz kloer, datt dee Mann iwwerhaapt näischt gemaach huet, ausser Bicher schreiwen. Hie schreift ënnert anerem iwwer de Genocid un den Armenier, mä och nach iwwer ganz vill aner Saachen. Dat ass einfach de Grond, wéisou hien do verhaft gouf."

"Déi verschwonne Mierer" heescht dem Doğan Akhanli seng Trilogie, vun där just dat drëtt Band ënner dem Titel "Die Richter des jüngsten Gerichts" op däitsch iwwersat gouf. De Genozid un de Armenier ass d'Haaptthema an dësem Roman mat surrealisteschen Elementer, deen och dem magesche Realismus kann zougeuerdent ginn.

Grouss Solidaritéit an Ënnerstëtzung

E weidert, op däitsch iwwersate Roman ass "Die Tage ohne Vater". Et ass d'Geschicht vun engem Museker, deen aus der Tierkei op Köln flücht. Duerch d'Welt vun der Musek devoiléiere sech him d'Spuere vun der Geschicht vun der Tierkei, vu senger eegener Vergaangenheet a vun der Léift.

Guy Helminger: "Interpol gouf mëssbraucht fir eege politesch Ziler ze verfollegen"

Den Doğan Akhanli ass Member vum internationalen Auteureverband PEN, vum deem hien och elo Ënnerstëtzung kritt. D'Solidaritéit ass am Fall Akhanli groussgeschriwwen.

"De PEN hat selwer direkt geschriwwen an un déi däitsch Ministeren appelléiert. Donieft ginn et déi verschidde kleng Organisatioune vu Schrëftsteller. Ech hunn nach gëschter e ganz laange Mailverkéier matkritt, an deem d'Leit versichen, eng Kundgebung ze maachen. Déi treffe sech am Kölner Literaturhaus. Et och ass e Konto opgemaach ginn, fir Spende fir den Doğan. Hie muss sech jo elo a Spuenien e ganze Mount en Hotel leeschten, wat en héchstwahrscheinlech net kann."

"Da kënne mir apaken an d'EU zoumaachen"

Mä dat alles geet net duer. Den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel hätt sech och direkt agemëscht, soss hätt dat vläicht esou guer nach méi laang gedauert, bis den Doğan Akhanli nees fräi komm wier.

"Déi spuenesch Beamte kréie vläicht gesot: 'Hei do ass een, dee gëtt vun Interpol gesicht. Deen ass do am Hotel, gitt e verhaften.' Datt déi elo net all Schrëftsteller kennen, versteet ee jo vläicht nach. Mä do muss natierlech d'Politik direkt reagéieren an do muss et och eng europäesch Solidaritéit ginn. Wann den Doğan géif ausgeliwwert ginn, wier dat fir mech eng komplett Bankrotterkläerung fir Meenungsfräiheet, fir Journalismus, fir Schrëftstellerei. Also da kënne mIr wierklech apaken an da maache mIr d'EU zou."

Den Doğan Akhanli dierf Spuenien net verloossen. D'Tierkei huet elo 40 Deeg Zäit, eng Ausliwwerungsdemande auszestellen an si ze begrënnen.