Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - The Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll fillen, datt ech liewen"

70. Gebuetsdag vum Paulo Coelho

"Ech wëll fillen, datt ech liewen"

Mam Roman "L'Alchimiste", am Original "O Alquimista", gouf de brasilianeschen Auteur Paulo Coelho weltbekannt. Hie gehéiert zu deenen zéng Schrëftsteller, déi weltwäit déi meeschte Bicher verkafen. Dësen Donneschdeg kritt de Literaturstar 70 Joer.

auto_stories

3 min

Fir hie wier d'Schreiwen net nëmmen do, fir Suen ze verdéngen, mä e Wee, sech selwer ze fannen, seet den Auteur. Fir seng Lieser ass hie scho bal eng Zort "Guru".

Et ass awer eng komesch Constellatioun: Och wann hien zu deenen Auteure weltwäit zielt, déi am meeschte Bicher verkafen, gëtt de Paulo Coelho awer vun de meeschte Kritiker zerrappt. Him maachen déi Kritiken awer näischt aus. Hie mengt ganz einfach: "Schrëftsteller schreiwen a Kritiker kritiséieren, dat ass nu mol esou."

Den Auteur vum "O Alquimista" seet iwwer seng eegen Texter, datt si einfach geschriwwe sinn. Genee dat huet de Paulo Coelho als Journalist esou geléiert: Et dierf een net ze komplizéiert schreiwen, fir vill Fong ze hunn. Hie selwer liest gären Henry Miller a William Blake.

Weltwäit Millioune Bicher verkaf

D'Zuele weisen, datt de Paulo Coelho richteg läit: Zënter Joren ass hie regelméisseg op der zweeter oder drëtter Platz op der Lëscht vun den am meeschte verkaafte Schrëftsteller op der Welt. Besser wéi hie waren bis ewell just Literatur-Phänomener, wéi den John Grisham, Dan Brown oder d'Mamm vum Harry Potter, d'Joanne K. Rowling. Och an den däitsche Bestsellerlëschten ass de Magier, wéi de Paulo Coelho a Brasilien genannt gëtt, ëmmer nees ze fannen.

Dem Diogenes Verlag no huet de brasilianesche Schrëftsteller weltwäit eng 215 Millioune Bicher verkaf. Seng Romaner, déi een als esoteresch Inspiratioune-Literatur kéint kategoriséieren, goufen a ronn 81 Sproochen iwwersat a sinn an 160 Länner ze kréien. An dobäi huet den Paulo Coelho sech eréischt zimlech spéit an d'Literatur lancéiert. Virdrun hat hien nawell e mouvementéierte Curriculum.

De Paulo Coelho ass den 24. August 1947 zu Rio de Janeiro a Brasilien op d'Welt komm. Als Teenager gouf hien op d'mannst dräi Mol wéinst Drogekonsum a rebelleschem Verhalen vu senge strenge kathouleschen a konservativen Elteren a psychiatresch Institutioune placéiert.

Géint de brasilianesche Militärregime

Spéider war de Paulo Coelho als Hippie a Südamerika, an Afrika, grad wéi an Europa ënnerwee an en huet et mol hei an do als Journalist, Dramatiker oder Zeenarist probéiert - ouni gréissere Succès.

An de 70er Joren hat den Paulo Coelho sech awer e gewëssene Bekanntheetsgrad als Texter vum Rock-Mythos Raul Seixas erschafft. Mam Rockmuseker zesummen huet de Paulo Coelho en anti-kapitalistesche Mouvement gegrënnt a si sinn ëmmer nees géint de brasilianesche Militärregime gaangen. D'Enn dovu war dacks am Prisong.

De Paulo Coelho war déi Zäit och dauernd op enger Zort spiritueller Sich: E war en Adept vun der schwaarzer Magie an en huet orientalesch Reliounen studéiert.

Pilgerrees op Santiago de Compostela

De groussen "Turning Point" a sengem Liewen koum ugangs den 80er Joren no enger Visite am Konzentratiounslager Dachau. De Paulo Coelho soll zu Dachau d'Visioun vun engem Mann gehat hunn, deem hie spéider an engem Café zu Amsterdam begéint ass. Am Gespréich huet dëse Mann de brasilianeschen Auteur iwwerzeegt, op Santiago de Compostela a Spuenien ze pilgeren. Dat huet hien dunn och gemaach.

Seng Erfahrungen huet de Schrëftsteller a sengem Roman "Le Pèlerin de Compostelle" vun 1987 verschafft. Et ass e Roman, dee mat "L'Alchimist" vun 1988 a "Brida" vun 1990 Bestseller gouf. Elleng den "O Alquimista" goung weltwäit 30 Milliounen iwwert Butteksthéiken.

Ëmmer nach net zur Rou komm

De Paulo Coelho kënnt och haut nach ëmmer net zur Rou an ass dauernd am gaangen ze reesen. Genee dat gëtt him d'Iddien an d'Inspiratioun fir seng Bicher.

De brasilianeschen Auteur ass net nëmmen ee vun de gréisste Bestsellerauteure vun der Welt, mä och eng international unerkannte Perséinlechkeet. Sief et als Invité um Weltwirtschaftssommet zu Davos oder als UNESCO-Ambassadeur fir de interkulturellen Dialog. Ronderëm d'Welt krut hien ëm déi 30 Auszeechnungen.

Op Fro, ob hie glécklech ass, äntwert de Paulo Coelho: "Gléck ass oninteressant. Ech wëll Aventuren a Risiko an domat nach fillen, datt ech liewen."