Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee grousse Kënschtler ënnert dem Stalin

Buchtipp fir de Summer

Ee grousse Kënschtler ënnert dem Stalin

Den Dmitri Schostakowitsch gëllt als ee vun de bedeitendste Komponisten aus dem 20. Joerhonnert. Ee Liewen tëschent groussem Talent, Repressioun an Unerkennung, dat den englesche Schrëftsteller Julian Barnes an enger knapper an expressiver Sprooch beschreift. "Der Lärm der Zeit" ass ee beandrockende Roman, deen eng Hellewull un existenzielle Froen opwerft.

auto_stories

3 min

Wéi an e puer Minutten esou ee groussaartegt Wierk bespriechen? A wou déi richteg Wierder fannen, fir des wonnerbar Sprooch ze beschreiwen an dem Julian Barnes gerecht ginn? All Saz, all Zeil ass derwäert, erwäänt ze ginn. Mee well dat jo net méiglech ass, kann ech just jidderengem dëse Roman un d'Häerz leeën.

Alles ass de 26. Januar 1936 ugaangen an eng kuerz Zäit dono geet och des Geschicht un. Den Dmitri Schostakowitsch steet schonn zwee Deeg virum Lift vu senger Wunneng zu Leningrad, mat enger Valise nieft sech, a waart drop, vun der NKWD, dem Stalin senger politescher Police, ofgeholl a verhéiert ze ginn.

De 26. Januar 1936 war d'Opféierung vum Schostakowitsch senger Oper "Lady Macbeth vu Mzensk" am Bolschoi Theater. De Stalin a seng enkste Genosse Molotow, Schdanow a Mikojan souzen am Publikum. Net nëmmen hu si d'Oper verlooss. De Stalin selwer huet eng vernichtend Kritik - ënnert der Form vun engem Leitartikel - an der Prawda geschriwwen...

Sécher an der Konscht, onsécher am soziale Liewen

De Schostakowitsch wousst, wat dat fir hie perséinlech a fir seng Musek kéint bedeiten. Esou waart hien op d'Beamte vun der Geheimpolice an erënnert sech: u seng Kandheet, seng Jugend, un d'Tanja, seng éischt Léift, u säi Wee hin zur Musek...

Den Julian Barnes beschreift hei e Mann, dee voller Selbstbewosstsinn, ouni Zweiwel an Ängschte war wann et ëm d'Komponéiere gaangen ass. Baussent der Welt vun den Nouten awer en onsécheren, dacks verluerenen a verklemmte Mann...

Gedanken iwwer déi perséinlech an déi kënschtleresch Éierlechkeet, iwwert eng Sehnsucht no Léift an intensiver Passioun, där een sech ergëtt, ouni un e Muer ze denken, wiesselen sech of mat der haarder Realitéit vun enger willkürlecher Diktatur, där de Schostakowitsch ausgeliwwert war.

Politesch Meenung an der Musek zum Ausdrock bruecht

A sengem Roman "The Noise of time" (Der Lärm der Zeit) zeechent de Barnes e grousse Verfechter vun der fräier Léift a vun der Gläichberechtegung tëschent Fra, ee Fräidenker, deen no bausse matgeschwommen ass, a senge Sinfonien awer seng Meenung iwwer de Stalin a Konsorten zum Ausdrock bruecht huet. De Schostakowitch huet e Wierk geschaf, dat laang net unerkannt ginn ass - net just an der Sowjetunioun.

Den Julian Barnes huet sech fir säi Roman haaptsächlech un zwou Quellen inspiréiert: dem Solomon Wolkow seng "The Memories of Shostakovich", déi bei der Publikatioun 1979 fir grouss Diskussioune gesuergt an een neit Liicht op de russesche Komponist geheit haten; an dann der Elisabeth Wilson hir Monografie "Shostakovich: A Life remembered". (D'Biographin huet iwwregens dem Barnes säi Roman lektoréiert.) Och wa säi Wierk sech op seriö an zouverlässeg Quelle stäipt, ass et kloer e Roman, betount den Julian Barnes selwer.

Op alle Fall ass him mat "The Noise of time" e reegelrecht Meeschterwierk gelongen, fir mech déi gréisste literaresch Iwwerraschung vun dësem Joer.


Julian Barnes, Der Lärm der Zeit, Kiepenheuer & Witsch Verlag.