Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Horrorfilm mat Humor

Filmkritik

Een Horrorfilm mat Humor

"In Fabric" erzielt eng humorvoll Horrorgeschicht vun engem roude Kleed, dat Mënschen ëmbréngt a vun engem louche Kleederbuttek, an deem een et kafe kann. Am 100,7 Interview schwätzt de Realisateur iwwer d'Moud als Schéinheetsideal, iwwer d'Wichtegkeet vum Toun an iwwer "Eraserhead". D'Maxi Pesch huet de Peter Strickland getraff. De Film leeft am Kader vum Luxfilmfest ausserhalb vun der Kompetitioun.

auto_stories

3 min

Déi rout Faarf vum Kleed soll ganz einfach d'Blutt symboliséieren, erkläert de Peter Strickland. Et wier awer net nëmmen d'Iddi vum Doud.

"Mee och vun de Kierperflëssegkeeten. Et gëtt déi eng Zeen, bei där d'Blutt aus de Venen erausfléisst. Et ass och zum Beispill d'Iddi vun de Reegelbluddungen."

Am Film "In Fabric" trëfft den Doud jiddwereen. Et gi keng bestëmmte Profiller erausgesicht, mee einfach Mënsche mat hire gudden a schlechte Säiten. Och an der Realitéit géif den Doud dacks zoufälleg zouschloen, seet de Realisateur. "Mäi Problem mat villen Horrorfilmer ass, datt ze dacks jugéiert gëtt. Zemools an de Slasher-Filmer. Do ginn d'Leit bestrooft, wa si Sex hunn. Mee wisou soll ee bestrooft ginn, wann ee Sex huet? Dëse Film geet net dorëms. Mee éischter ëm eng zoufälleg irrational Kraaft."

D'Verlaangen no Schéinheet

De Peter Strickland wéilt och keen Hypokrit sinn. Hie selwer wier och e Konsument. Ob dat gutt wier, wéisst hien net, mee "ech wëll net déi Zort vun didaktesche Filmer maachen. Et ass ok, datt d'Personnagen am Film Loscht hunn, dat rout Kleed ze kafen. Ech géif et och maachen". Trotzdem dréit sech am "In Fabric" villes ronderëm ee Verlaangen no Schéinheet, Sex oder Moud. D'Babs huet zum Beispill d'Gréisst 38, mee wëllt onbedéngt an ee 36 erapassen.

"Ech mengen et gëtt ee Problem mat der Moud, an zwar datt se dee Skinny-Look diktéiert. Et soll ee sech kengem Ideal ënnerwerfen. Mee ech wollt déi zwou Säite weisen, déi d'Moud ka mat sech bréngen. Op der enger Säit transforméiert si de Mënsch, gëtt him Selbstvertrauen a Kraaft. Op der anerer Säit sëtzt si en ënner Drock."

De Film ass e Mix tëschent Horror, Giallo, Erotik a Pop Zinema, beschreift de Peter Strickland. Inspiréiert gouf hie mat 16 Joer, vum David Lynch sengem "Eraserhead". "Et ass deen éischten Art-Film, deen ech gesinn hunn. Esou wéi hien de Sound benotzt huet, war immens expressionistesch. Seng Influenz war immens grouss. Mee dat war virun enger laanger Zäit. 1990. Ech hu probéiert d'Influenz lass ze ginn elo. An ech hoffen, datt een dat mierkt, datt ech se lues a lues verluer hunn". Elo géif hie sech u verschiddene Genren inspiréieren a se an eng aner Perspektiv sëtzen. "In Fabric" ass zum Beispill e Mix tëschent Horror an Humor. Den Humor wier awer eréischt wärend dem Schreiwe komm, erënnert sech de Realisateur.

"Ech hat kee witzege Film geplangt. Ech mengen d'Gefor, wann een hei keen Humor benotzt hätt, wier datt déi verschidde Charakteren an ee Selbstbematleed gefall wieren. Et ass e grousse Kontrast tëschent dem Humor an deenen dreckege Saachen, déi duerno kommen. Fir mech huet dat geklappt."

Niewent dësem Kontrast fält och ee stiliséierten Toun am Film op. "An dësem Film waren d'Geräischer immens wichteg. "In Fabric" huet einfach de Sound vun engem Kleederbuttek gebraucht. Dat Pësperen an dann déi Kataloge mat deem immens dënne Glanzpabeier. Et ass e ganz spezifesche Sound, wann een d'Säiten ëmdréit. Et huet mir Spaass gemaach, dat ze maachen".

Fréier, bedauert de Peter Strickland, wier hien an enger Band gewiescht, déi esou ähnlech Téin produzéiert hätt, mee si hätt ni Opmierksamkeet kritt. An de Filmer wier dat anescht gewiescht. Un dräi Projete schafft de Peter Strickland den Ament. De britesche Realisateur hofft, datt hien d'Sue kritt fir se ze realiséieren.