Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een zukünftege Klassiker vun der Abenteuerliteratur?

Schrëftsteller vum Mount

Een zukünftege Klassiker vun der Abenteuerliteratur?

Dem briteschen Auteur Ian McGuire säi Buch "The North Water", aus dem Joer 2016, huet verschidde Kritiker un dem Melville säi Moby Dick erënnert - wéinst der Thematik vum Walfänken. De McGuire huet ee realistesche Roman geschriwwen, eng Mëschung aus Thriller a Survival-Roman, dee ganz gären enges Daags zu de Klassiker vun der Abenteuer- a Mieresliteratur kéint zielen.

auto_stories

7 min

"Behold the man", hei ass de Mënsch, kuckt iech en un, den Harpunéier Henry Drax. Den Drax ass e Killer, d'Verkierperung vum Béisen, vun der brutaler Gewalt. Säi Géigepol ass de Patrick Sumner, fréieren Dokter an der britescher Arméi an Indien, deen u sengen traumateschen Erliefnesser während dem Opstand vun den indesche Sepoy knat.

Alle béid, Drax a Sumner, engagéiere sech am engleschen Hafe vun Hull um Volunteer. Mam Walfang-Schëff soll et a Richtung Küst vu Grönland goen. Wéi verhält sech de Mënsch an extreme Situatiounen, konfrontéiert mat geféierlechen Individuen an him feindlech gesënnten Naturkräften? Dorëms geet et am Ian McGuire sengem zweete Roman "The North Water".

Graff a beonrouegend amplaz heroesch a romantesch

De McGuire, Joergang 1964, ass Literatur-Professer op der Universitéit vu Manchester, Spezialist vum amerikanesche Realismus aus dem 19. Joerhonnert. An do si mir och scho beim Herman Melville a sengem "Moby Dick", eng vun de grousse Referenzen an der Mieres-Literatur. Dem Stevenson sain "Treasure Island" an dem Jack London säi "Call of the Wild", zwee weider klassesch Abenteuerromaner, si fir den Ian McGuire natierlech och bewosst Inspiratiounsquellen.

Mee, wéi den Auteur selwer erkläert, wier et him drëms gaangen, déi heroesch a romantesch Elementer aus dëse berühmte Beispiller ewech ze loossen, a se duerch eppes méi Réies, méi Graffes a Beonrouegendes ze ersetzen.

Walfänken am 19. Joerhonnert

De Realismus an "The North Water", dat ass fir d'éischt emol d'Beschreiwung vum Walfänken am 19. Joerhonnert, eng Industrie, déi laang an Nord-England floréiert hat, éier se lues a lues ofgeholl huet: d'Walfett, dat fir d'Beliichtung vun de Stied genotzt gouf, ass duerch d'Konkurrenz vum Pëtrol manner wichteg ginn. D'Buch gëtt och en Abléck an d'Bezéiungen tëschent de Britten an der Populatioun vun den Inuitten, där se während der Waljuegd viru Grönland begéint sinn.

De Ian McGuire mécht dem Lieser virun allem dat haart Liewen op engem Walfangschëff gräifbar. Et ass eng kleng Gesellschaft mat hire strenge Hierarchien, hiren ongeschriwwene Regelen, jiddereen huet um Schëff eng bestëmmte Funktioun ze erfëllen. D'Liewen do ass rau, dat kritt och den Haaptpersonnage, den Dokter Sumner, an där fir hie friemer Welt ze spieren. Jo, mee dat schléisst gewësse Momenter vun der Convivialitéit net aus. Zum Beispill wéi d'Männer hir éischt Wale viru Grönland gefaangen hunn an, am Gesang, mat de Booter zeréck bei d'Schëff paddelen:

"Sumner descended to the deck, hears their voices coming accross the water, tuneful, gruff, carried by the cool damp wind. 'Randy Dandy O', 'Leave her Johnny'. Three dozen men in unison. He feels again, and almost against his will this time, that he is part of something larger and more powerful than himself, a joint endeavor."

Kollisioun vu Charakteren

Um Volunteer treffe verschidde Charakteren openeen. Den Ian McGuire zeechent seng Personnagen op eng differenzéiert Aart a Weis, mat hire Stäerkten a Schwächten, mat hirer Vergaangenheet, déi se belaascht. Do hu mir de Kapitän Brownlee, dee mat engem viregte Schëff ënnergaange war an, fir sech erëmzekafen, gezwonge gëtt, bei engem Bedruch matzemaachen. "Dreem a Visioune sinn op d'mannst grad esou wichteg wéi d'Matière", gëtt fir säin Deel den däitschen Harpunéier Otto, ee mystesch ugehauchte Mann, ze bedenken.

Beim Dokter Sumner, geplot vum schlechte Gewëssen, hëlt dat d'Form enger onkamouder Erënnerung un, d'Erënnerung un dat, wat deemools an Indien passéiert war, an déi sech him während engem Opiumrausch opdrängt.

Henri Drax, d'Verkierperung vum Béisen

De wichtege Personnage Henri Drax dann, ee weideren Harpunéier, ass kompetent bei deem wat hie mécht a gëtt dofir och vum Equipage respektéiert. Den Drax ass eng Urgewalt, primitiv, brutal, ee Mann, dee sech net vill Froe stellt, mee handelt:

"He only acts, and each action remains separate and complete in itself: the fucking, the killing, the shitting, the eating. They could come in any order at all. No one is prior or superior to the rest."

Wéi d'Männer versichen engem Äisbier meeschter ze ginn - ee Member vum Equipage ass schonn dobäi leie bliwwen -, trëtt den Henry Drax an Aktioun, woubäi seng moralesch Virstellungen iwwer Liewen an Doud zum Ausdrock kommen:

"With the third blow, he pierces the bear's heart and a great purple gout of blood comes steaming to the surface and spreads like India ink accross her ragged white coat. The air is filled with a foetid blast of butchery and excrement. Drax feels pleasure at his work, arousal, a craftsman's sense of pride. Death, he believes, is a kind of making, a kind of building up. What was one thing, he thinks, is become something else."

Den Drax, de Killer, ass de Motor vun der Geschicht, d'Billardkugel, déi dat ganzt Spill duerchernee geheit. Hie schaaft eng Situatioun, déi déi aner Personnagen op d'Prouf stellt. Op engem Schëff ass een op deen aneren ugewisen. Mee wiem kann een, wann et haart op haart kënnt, iwwerhaapt nach trauen?

Thriller a Survivalroman

Den Dokter Sumner schéngt deen Eenzegen u Bord ze sinn, deen den Drax duerchkuckt huet. D'Handlung gëtt ugedriwwe vun der gespaanter Relatioun tëschent dësen zwee Kontrahenten, eng Bezéiung, déi sech ëmmer méi zouspëtzt. "The North Water" ass virun allem och e spannende Thriller. "Ech mengen net, datt e Roman, fir literaresch ze sinn, méi u Personnagen an Iddien interesséiert si muss, wéi un Handlung a Geschicht", seet den Auteur Ian McGuire. Den amerikanesche Schrëftsteller Cormac McCarthy wier an deem Sënn ee Virbild.

De Roman ass engersäits een nervenzerreiwenden, däischtere Huis-clos um Schëff, anerersäits een net manner bedréckende Survival-Roman an der oppener Natur, eng Landschaft vu Schnéi an Äis, eng kal Atmosphär, an där de Lieser op eng beandrockend Manéier d'Gefill vun der Einsamkeet vermëttelt kritt. Een Héichpunkt am Roman ass eng Course-poursuite tëschent dem Sumner an engem Äisbier. Den Dokter, vum Honger ugedriwwen, huet op der Juegd vu wäitem den Äisbier ugeschoss, hie muss d'Déier elo awer afänken:

"The bear has slowed down to a walk now, but so has Sumner. As he follows it up and accross the ridge and onto another undulent snow field, the gap between them barely alters. He gains twenty yards, then loses them again. The aching in his legs and chest is sharp and hot but regular. He thinks of turning back but doesn't. The chase has found a rhythm already, a pattern he can't easily disrupt. When he is thirsty, he reaches down and eats the snow; when he is hungry, he lets the feeling rise and peak, then pass away. He breaths, he walks, the bear precedes him always, badged high with blood, steambound, its tracks as broad and round as soup bowls.

Every minute he expects the bear to fail, to weaken, to begin to die, but it never does so. It persists. Sometimes he feels a fierce and violent hatred for it, at other times a sickly kind of love."

Den däischtere Säite vum Liewen an d'Ae kucken

Den Dokter Sumner empfënnt also Haass, mee och Léift fir den Äisbier, eng ambivalent Verkierperung - am Roman - vun de Geforen an och de Chancen, déi vum Liewe selwer ausginn. Dem Haaptpersonnage Sumner seng Ausenanersetzung mat der Natur, mat der Naturgewalt Henry Drax, oder och mat senger eegener Vergaangenheet an Indien, kann een als Metapher ugesinn.

Fir kënnen ze iwwerliewen, muss ee fir d'éischt emol d'Gefor erkennen. Et muss een där Gefor, et muss een den däischtere Säite vum Liewen an d'Ae kucken, sou schwéier et och ass. Nëmmen esou kann ee sech retten, nëmmen esou kritt een eng zweet Chance. Dat ass eng vun de grousse Lektioune vun "The North Water".

Wéi hien u Bord gaang ass, hat de Sumner eng Ausgab vum Homer senger "Ilias" bei sech. Den zweeten Deel vum Epos, d'"Odyssee", kritt dem Auteur Ian McGuire säin Haaptpersonnage op eng gewësse Manéier selwer ze duerchliewen. Wie weess, vläicht liest een och nach an Zukunft "The North Water" als ee vun de grousse Klassiker vun der Abenteuer- a Mieresliteratur ...