Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Let's Dance Raw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

Buchkritik

Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

E Groussstad-Roman, deen déi déifste mënschlech Ängschten an heemlech Wënsch mat ganz vill schwaarzem Humor thematiséiert. Eng Welt, an där dat kënschtlecht Liewe méi human ass, wéi dat mënschlecht.

auto_stories

3 min

"Würde die Sonne in der Nacht schéinen, wäre sie sprachlos, was da alles zum Vorschein käme. Das Tageslicht kann die dunklen Seiten einer Stadt nicht aufdecken. Denn nur nachts entblößt die Metropole ihre langen Beine, nur dann zuckt ihr Puls in den nervösen Lichtern."

D'Metropol ass déi däitsch Haaptstad Berlin, mir sinn an enger ganz noer Zukunft an enger Welt, an där humanoid Roboteren am Déngscht vu richtege Mënsche sinn.

Roboter als Ersatz fir Mënschen

D'Mënschen hu keng Loscht méi, sech op Singleforumen ze ploen no engem Partner ze sichen, deen dann awer net passt, dofir kritt een an dëser neier Welt d'Méiglechkeet, sech e Mënsch no eegene Besoinen a Wënsch maachen ze loossen. Net just Partner fir Libesbezéiungen, och Kopië vu sech selwer, den eegen Kanner, Elteren.

Wat jo sou besonnesch un dëse kënschtleche Liewen ass, ass datt se net stierflech sinn - oder dach - well et verschwanne ganz vill vun dëse Roboteren, si ginn ewech geheit, oder zerluecht fir Ersatzstécker fir Autoen ze flécken. An do kënnt d'Roberta an d'Spill.

"Sie war eine Art Wegwerfgottheit, im Einsatz gegen die Auswirkungen mënschlecher Unzulänglichkeit. Sie war das ungewollte Kind von Gewerkschaften und Jobcentern. Sie war der Verstandeseinsatz in Zeiten zunehmender menschlicher Geistes- und Gefühllosigkeit."

Eng perfekt Maschinn?

D'Roberta ass eng Maschinn, eng Enquêtrice, an hir Aarbecht ass d'Famill vun all deenen opzesichen, déi sech ëmbruecht hunn, well d'Zuel vun de Suiciden ass enorm geklommen, an déi sollen net méi op Käschte vun Office social begruewe ginn.

D'Roberta ass perfekt, et ass mat allen Date gefiddert, déi néideg si fir alles iwwer d'Mënschen oder Maschinnen erauszefannen, déi hir iwwer de Wee lafen. D'Roberta huet awer keng Gefiller, weder Angscht nach Freed, weder Léift nach Haass an et weess och net, wéi de Kaffi schmaacht a wéini et kal ass.

D'Roberta soll all déi Sensibilitéite léieren, grad wéi déi aner vermënschlecht Maschinnen, déi esou fillen, denken, handelen a schwätze wéi d'Mënschen, déi si bestallt hunn, sech wënschen. Den Individualismus zielt just fir de Mënsch, dee sech esou e Roboter bestellt, d'Léift 3.0 besteet net aus enger Partnerschaft, net aus Austausch an Diskussioun, net aus Kompromësser an Éierlechkeet.

Kee Wonner, datt et op eemol esou vill Schrottrobotore gëtt, datt dës Recheneenheete just nach als Ersatzstécker gebraucht ginn, well wéini ass de Mënsch zefridden?

Mir gi selwer zu Maschinnen

D'Emma Braslavskay huet mat "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten" eng erschreckend realistesch Dystopie verfaasst. Beim Liesen gëtt ee sech no an no bewosst, datt et sech net méi laang ëm Science-fiction handele wäert, an et gëtt engem ëmmer méi kloer, wéi d'Mënschheet, op d'mannst déi weltwäit Mëttelschicht, am Gaang ass ze degeneréieren.

D'Muecht iwwer déi technesch an elektronesch Fortschrëtter si mer am Gaang dëser Technik an Elektronik z'iwwerloossen an den Egoismus, den dekadenten Individualismus vernicht all Gefiller wéi Empathie, Bescheidenheet, Engagement, Solidaritéit a Léift. Mir ginn ëmmer méi selwer zu de Maschinnen, déi mer mengen ze beherrschen.

De Schreifstil vun der Braslavsy gëtt dem Inhalt och immens gerecht, et ass eng kal, séier, grell Sprooch, mat präzisen techneschen Ausdréck, mat Wuertkreatiounen, déi absolut stëmmeg sinn. Dann als reegelrechte Kontrast ass et och en "Irren" duerch dat kaalt, onmënschlecht Berlin, eng apokalyptesch, onangenehm Atmosphär - a wéi am Alexander Döblin sengem "Berlin Alexanderplatz" gëtt hei ganz expressiv an den Ofgrond vun der mënschlecher Séil gekuckt, grad esou opreiwend a grad esou destruktiv.

Op alle Fall e Roman, deen een onbedéngt liese soll, wann ee keng Angscht huet an de gesellschaftleche Spigel ze kucken.