Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En hypermaitriséierten, inzeenéierte Worf

Us vum Jordan Peele

En hypermaitriséierten, inzeenéierte Worf

En zweete Film ass ëmmer e schwieregen Exercice. Virun allem wann dësen zweete Film no engem grousse Succès bei Public a Kritik kënnt. D'Erwaardunge sinn also héich beim neie Jordan Peele Film "Us". Mee mol dovunner ofgesinn: e Méindeg start een am beschte souwisou mat engem Horrorfilm. Den Tom Dockal war "Us" fir us-eis kucken.

auto_stories

3 min

Loosst eis net ronderëm de Bräi schwätzen a bréngen direkt am drëtte Saz op de Punkt, ëm wat et geet. Ass den neien Jordan Peele Film den Entréesbilljee derwäert? Absolut.

Fir "Us", deem zweete Film vum Jordan Peele - dee virun zwee Joer vun der Sketchkomedie zur Filmrealisatioun iwwergaangen ass a mat "Get Out" net just d'Frënn vum Horror iwwerrascht huet - gëllt et elo, den Erwaardungen entgéintzekommen, ouni sech einfach op de Merite vum Debutfilm auszerouen. Déi exzellenten Noriicht: dem Peele geléngt béides!

"Us" ass virop emol en Titel, deen et a sech huet. Us - mir an Us - US, United States, Vereenegt Staaten. Zwee Buschtawen. Zwou méiglech Liesaarten. Iwwerhaapt ass d'Notioun vun zwee, der Verduebelung immens wichteg. Dir verstitt elo direkt firwat.

Renconter mat antagonisteschen Doppelgängerfiguren

D'Koppel Adelaide a Gabe Wilson - gespillt vu Lupita Nyong'o a Winston Duke - fuere mat hiren zwee Kanner a Richtung kalifornesch Küst fir Vakanz ze maachen. Déi aiséiert mëttelstänneg Famill huet e Vakanzenhaus a wäiss Frënn, Vakanzennoperen, déi sech scheinbar de ganze schéinen Dag mat Rosé offëllen. Wéi op eemol d'Iddi opkënnt, tatsächlech emol un d'Mier ze goen, triggert dat beim Adelaide eng traumatesch Kandheetsmemoire. Zanter engem Virfall op enger Kiermes, deen drësseg Joer zeréckläit, mengt d'Fra, en 100-prozentegen Doppelgänger ze hunn. Dee selwechten Owend geschitt et dann. Véier däischter Gestalten a rouden Overalle sti virun der Dier. Onugemellt. An et stellt sech eraus: bei deene véier Gestalte kritt d'Famill et quasi mat sech selwer ze dinn. Antagonistesch Doppelgängerfiguren am Familljepak sinn do a wëllen an d'Haus.

An dat ass just den Ufank. Gleeft mir - et ass just den Ufank.

Tëschent Horror- a Comedy-Elementer

Den Jordan Peele liwwert also nees en Horrorfilm of. Respektiv, hie liwwert e Film of, dee sech och bei den Horrorfilmcodë bedéngt. Nieft den Horrorelementer assuméiert de Peele komödiantesch Situatiounen, wéi déi maîtriséiert surrealistesch Grondstëmmung. An iwwerhaapt: bis an déi zweet Hallschent vum Film mengt een, et wier een an engem Home Invasion Film. Bei aller Form - de Peele beweist nämlech, datt gudde Filmmaking absolut guer a glat näischt mat Genren ze dinn huet, an zwar ob ee sech hire Code unhëlt oder se subvertéiert. Op alle Fall geet et dorëms, wat ënner der Surface vum Gewisene gezielt gëtt. Eppes weisen, an eppes ganz aneres zielen. Dat gëllt fir all Erzielung, mee beim Horrorkino eegent sech dat natierlech immens.

Mam Trauma vun der Spigelung am Spigellabyrinth, déi op zwee Niveauen ze verstoen ass - iwwregens e schéine Wénk u "Lady from Shanghai" vum Welles - an der Verdrängung vun deem Trauma, ass am Fong alles gesot. "Us" ass e Film iwwer d'Condition humaine, wéi och e Film iwwer d'Condition américaine. D'Vergaangenheet, déi vun engem selwer, wéi déi vun den USA, mee net noutgedrongen, gëtt verdrängt, iwwerdeckt, d'Vergaangenheet kënnt awer nees erop a leet d'Rechnung op den Dësch. Am Film kënnt se wuertwiertlech vun ënnen erop. Woubäi de "sunken place" aus "Get Out" elo am "Us" materialiséiert gëtt. Mee d'Notioun vum Ënnen an Uewen huet eng laang Traditioun an der Kinosgeschicht - "Metropolis" vum Lang, "Underground" vum Kusturica, fir just déi ze nennen.

En absolutt gelongene Film

Gleeft mir, ech kéint elo zéng Minutten iwwer Billersprooch a Semantik vun "Us" schwätzen, mee dat géif de Kader sprengen. Dem Jordan Peele geléngt op alle Fall en hypermaitriséierten, inszenéierte Worf, deen engersäits héichkomplex an anerersäits Grand public à mort ass. D'Filmmusek ass immens an d'Beach Boys hunn ee vun de gréissten Optrëtter iwwerhaapt. A vun de Schauspiller net ze schwätzen: Eleng der Lupita Nyong'o hir duebel Prestatioun ass de Kinosbesuch derwäert.

"Us" ass op alle Fall de Film vun der Woch.