Radioen

On air

E-Lodie  |  Sebby Kowal - Everything Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Geschicht ouni Text

"Der standhafte Zinnsoldat"

Eng Geschicht ouni Text

Huet et domat ze dinn, datt fréier fir Chrëschtdag vill Zënnfigure verschenkt goufen? Oder mam Bläigéissen? Oder awer mam Fait, datt d'Mäerche vum Meedche mat de Fixspéin op engem Silvesterowend spillt? A ville grousse Chrëschtdagsgeschichten- a Lidderbicher dierfen d'Hans-Christian-Andersen-Märercher net feelen. Elo si mir an engem neie Joer ukomm. Vläicht wier e Perspektiv-Wiessel wichteg.

auto_stories

3 min

De Schwäizer Illustrator Jörg Müller zielt dem daperen Zënnzaldot seng Geschicht vun 1838 an haiteger Zäit, ausschliisslech mat Biller a komplett ouni Text! "Et war emol"... wahrscheinlech an enger franséischer Groussstad, an där ee Mann bei der Renovatioun vun enger Wunneng, nieft enger Mammerat mat Bëbee an zerknujeltem Zeitungssäiten, eng al Zaldotefigur mat nëmmen engem Been fënnt.

Eng wäit Rees

Säi Kand, ob Bouf oder Meedchen, ass och spéider net ze erkennen, gräift interesséiert dono, interesséiert sech an de Joren drop awer relativ séier méi fir Computerspiller, esou datt sämtlech Plüschdéieren, den Zaldot, an eng Barbiespopp um Sperrmüll virun der Dier landen. Vun do aus geet et fir Zaldot a Barbie iwwer d'Kulangsbächelchen an d'Kanalisatioun, dann eraus an dat oppent Mier an - am Bauch vun engem décke Fësch - bis an Afrika.

Den Duo lant um Tipp, wou e vun enger Afrikanerin entdeckt gëtt, déi e mat heem an de Slum hëlt. Am Fong als Spillsaach fir hire Bouf. De Papp bastelt och nach en Auto aus Blechreschter fir déi ongläich Koppel. Mee wéi e wäissen Tourist d'Kand sech domat ameséiere gesäit, keeft hien him souzesoen "de ganze Set" of a bréngt e mam Fliger zeréck an Europa, wou en en am ethnologesche Musée an der Afrika-Sektioun hanner Glas bréngt.

Realistesch Molereien

Eng zäitkritesch Geschicht? Eng Romanz a Biller? Oder einfach eng ongewéinlech Rees an 30 Tableauen? Den Illustrator Jörg Müller wollt eppes kreéieren, wat ee jee no Alter, Liewensexperienz a Stëmmung anescht an all kéiers nei erlieft.

Effektiv sinn dem Müller seng Molereien esou realistesch, datt hie mat Moler vun der "neuen Sachlichkeit" verglach gi war. De Jörg Müller ass 1942 zu Lausanne op d'Welt komm, ass bei Zürich opgewuess, huet Grafik zu Zürich an zu Biel studéiert, duerno dräi Joer zu Paräis an der Grafik éischt Beruffserfahrunge gesammelt, ass 1968 zeréck an d'Schwäiz a pendelt haut tëschent Biel an der Bourgogne.

Scho seng éischt Publikatioune sinn ageschloen: déi eng hu schockéiert, déi aner begeeschtert. Den Album "Alle Jahre wieder saust der Presslufthammer nieder" huet a siwen Tableaue gewisen, wéi e Stéck Natur urbaniséiert gëtt.

Saache visibel maachen

Ugangs den 1970er war den Terme Ëmweltbewosstsinn nach ganz frësch a verschidden Elteren hu sech gefrot, firwat dann elo am bis ewell proppere Billerbuch op eemol Zigarettestompen an Offall ronderëm leie missten. "Nach ëmmer vill manner wéi op der Strooss" war dem Kënschtler seng laachend Äntwert op de Virworf.

De Jörg Müller war net mam moralesche Fanger ënnerwee, dee brauch e schliisslech fir ze molen, nee, hie wollt just Saache visibel maachen. An dat huet hie bis haut net just tëschent Buchdeckele fäerdeg bruecht, och bei der "Sendung mit der Maus" oder mat senge Bühnebiller fir d'"Städtebundtheater Biel-Solothurn", mat gréissere Wandmolereie fir den ëffentleche Raum oder bei perséinlechen Ausstellungen.

Eng aner Perspektiv

Spannend u sengem standhaften Zënnzaldot ass iwwregens d'Perspektiv: dat ganzt Buch ass an der sougenannter Fräsch- oder hei vläicht éischter Zënnzaldotperspektiv gehalen. Den Hans Christian Andersen hat versicht, der Figur aus der Distanz Gedanken a Gefiller unzedichten, de Jörg Müller leet sech nieft se a schaaft doduerch Distanz.

Kennt Dir iwwregens de Sauerländer-Verlag, deen dem Jörg Müller säin Zënnzaldot 1996 publizéiert hat? E war 1807 vum Heinrich Remigius Sauerländer zu Aarau, an der Schwäiz, gegrënnt ginn. 2001 gouf e verkaf. "Der standhafte Zinnsoldat" vum Jörg Müller ass deemno just nach gebraucht ze kréien. Wann dat net eppes vun engem Zënnzaldot um Sperrmüll, respektiv ënner engem alen hëlzene Buedem huet ...