Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng "Rencontre" vun där aner Zort

Art Wiltz Festival

Eng "Rencontre" vun där aner Zort





Véier Wochen huet déi däitsch Kënschtlerin Birgit Knappe fir hire Projet "Rencontre" un zwou Steeskulpturen aus Schifer geschafft. Déi Berliner Kënschtlerin war op Invitatioun vum Art Wiltz-Festival an der Ardennerstad. Wat faszinéiert si un der Aarbecht mat Steng a wat genee soll hire Projet ausdrécken?

auto_stories

4 min

D'Birgit Knappe ass faszinéiert vun der Dräidimensionalitéit, déi d'Aarbecht mat Steng erméiglecht. Scho während hire Studien op der "Hochschule der Künste" zu Berlin an den 1980er wier si méi u Skulpturen, wéi un der Molerei interesséiert gewiescht. "Grad, wann ech mat Steng schaffen, hunn ech e Géigeniwwer. An der Molerei an der Zeechnung hunn ech en eidelt Blat viru mir a fänken un, aus menger Formwelt eppes ze schafen."

Net géint de Steen, mä mat ëm

Wa si mat Skulpture schafft, stéing d'Kënschtlerin ëmmer an engem Dialog mat ganz liewegem Material. "Et ass e Material, dat eng vill méi laang Geschicht huet, wéi dir an ech."

De Steen soll och als Steen z'erkenne bleiwen, seet d'Birgit Knappe. Si géif dofir och ni e Stee komplett beaarbechten, fir zum Beispill eng Figur doraus ze schafen.

"De Steen ass fir mech eigentlech e Partner, un deen ech mech eruntaaschten an deen ech ukucken. Ech versichen ze gesinn, wat de Steen mir vum Material hier ubitt. Ech probéieren net géint de Steen ze schaffen, mä mat ëm."

Mat hirer eegener Geschicht, hirer Formsprooch an hiren Themen, déi si entwéckelt hätt. "An dann och ze kucken, wou mir eis begéinen. Ob dat elo vun der Materialitéit oder vun der Form hier ass, dat muss een ëmmer am Eenzele kucken."

"D'Spannung an d'Luucht setzen"

Si wéilt ëmmer nëmmen en Deel vum Stee beaarbechten an dem Steen och keen neie Charakter ginn, esou d'Kënschtlerin.

De Charakter vum Steen sollt duerch hiren Agrëff an hir Interventioun verstäerkt ginn. "Ech wëll d'Spannung an d'Luucht setze mat deem, wat ech maachen an mat deem, wéi de Steen ass." Glat Ecker géifen d'Birgit Knappe net interesséieren.

Am Dialog mat de Steng

Am Ganzen ass d'Kënschtlerin aacht Stonnen den Dag iwwer véier Woche mat de Steng beschäftegt. Méi, wéi mat soss iergendengem oder iergendeppes, seet si. Do géing et der Kënschtlerin no och mol virkommen, datt si ufänkt mat de Steng ze schwätzen.

"Si si meng Partner am Dag. Wa si mech rose maachen oder wa mir eppes geléngt, da schwätzen ech mat hinnen. Dat si meng Kärelen hei an dëse Wochen, déi ech versichen zesummenzebréngen."

Grouwacke, wéi d'Gestängszort op däitsch genannt gëtt, mat där d'Kënschtlerin fir dëse Projet geschafft huet, wier kee klassesche Bildhauersteen. Eigentlech géing de Stee fir den Haus- a Stroossebau benotzt ginn. Et wier donieft och immens schwéier, mat dësem Steen ze schaffen, well en esou heterogen wier.

Steeskulptur aus Schifer

D'Banneliewe vum Steen kenneléieren

"Et fënnt ee bal kee kompakte Block ouni Néit a Rëss. Si all verlafen duercherneen. Dat ass den Ënnerscheed zu deene meeschten anere Steng. Hei schafft ee sech eran an et fënnt een ëmmer erëm nei Néit, déi openee stoussen. Da muss een erëm eppes ewech huelen, well et anescht och net geet."

De Steen géing engem wierklech Aufgabe stellen. Et géing een d'Banneliewe kenneléieren, wann ee sech intensiv domat auserneesetzt.

Déi zwee Steng, déi d'Birgit Knappe fir den Art Wiltz-Festival a Form bréngt, goufe just op engem Eck beschafft. D'Kënschtlerin hätt dofir verschiddenen Zorte vun Ofstufungen an de Steen ageschafft. Verschiddener gesinn aus wéi Trapen, verschiddener iwwerhuelen, verstäerken oder konteren d'Formsprooch, déi de Steen mat sech bréngt.

"Mäin Thema iwwer Jore beweegt sech an engem architektonesche Formvocabulaire. Ech denke formal, wat de Stee mir ubitt."

Et misst ee bei Schifersteng a speziell bei de Grauwacke prinzipiell oppe bleiwen, fir Strategieännerungen. Esou géing ee sécherstellen, datt ee mat dem Steen an net géint e géing schaffen.

D'Spectateure solle sech treffen

Fir de Projet "Rencontre", deen d'Kënschtlerin fir den Art Wiltz-Festival ausschafft, wëll d'Birgit Knappe och erëm mat enger Géintiwwerstellung vun den zwee Steebléck schaffen.

"Et ass ëmmer en Dialog: Positiv an negativ, riets a lénks, bannen a baussen. Ech hoffen um Enn ëmmer, datt déi Géintiwwerstellung vun deenen zwee Steng och d'Leit unzitt a si sech dann och géintiwwer stinn. Si kënne sech drop setzen oder sech dogéint lehnen a sech esou treffen. Dowéinst war mäin Aarbechtstitel och "Rencontre".

Dat wier net nëmme fir d'Steng eleng geduecht mä och fir dat, wat si géingen ausléisen. D'Birgit Knappe hätt mat hire Spectateuren deelweis ganz interessant Gespréicher gefouert. Heiansdo wier et net einfach gewiescht, de Leit z'erklären, wat hire Projet soll duerstellen.