Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entrüstungskultur

Sozial Medien

Entrüstungskultur

E Post, e Kommentar, e Like ze vill, a scho kann een aus enger Partei ausgeschloss ginn. Dat kann dann och zum "Shitstorm" ausaarten. An da kann et ganz schwéier ginn, dee Medium nees ënner Kontroll ze kréien. Seng sozial Medien - wann een da selwer drop aktiv ass - soll een am A behalen. Si kënne sech iwwer Nuecht selbstänneg maachen.

auto_stories

5 min

Fir déi offiziell Affiche vun der 70. Editioun vum Festival vu Cannes gouf eng Foto erausgesicht, déi 1959 gemaach gouf mat der Actrice Claudia Cardinale. Si danzt op engem Balkon zu Roum a schéngt am Krees ze dréinen. Op der neier Affiche vum Festival vu Cannes ass déi Foto awer retouchéiert ginn: eng méi schlank Taille a méi schmuel Been fir d'Claudia Cardinale, dat kann een am Verglach mat der Originalfoto erkennen.

Eigentlech nëmmen eng vun honnertdausende Fotomanipulatiounen, wéi ee se all Moment fanne kann. Déi Affiche zesumme mat der Originalfoto ass d'lescht Woch allerdéngs bannent 24 Stonne massiv op de soziale Medien gedeelt ginn, déi traditionell Medien hunn dat iwwerholl, vill Leit hu reagéiert. Mat Humor, mat Roserei, mat Kritik … Virun allem awer mat Entrüstung. Esou massiv, datt d'Claudia Cardinale selwer huet missen, via Communiqué, reagéieren.

Dës Anekdot, vun där haut eigentlech scho kee méi schwätzt, ass en typescht Beispill fir eng nei Dimensioun, déi mer zënter gutt 15 Joer schonns als "Entrüstungskultur" kennen. Eigentlech war dat eng gängeg Praxis an der Politik, ier et zu engem méi allgemenge Phänomen ginn ass.

Kouduerf-Sträit gëtt Medien-Evenement

Ee weidert Beispill. Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire steet dës Definitioun vum “Kouduerf”: “sächlecht Substantiv (Pluriel Koudierfer), ëmgangssproochlech, DE Kuhdorf FR bled, trou perdu. Beispill: an esou engem Kouduerf géif ech keen Haus kafen. Synonymmen: Bauerennascht, Kaff, Nascht". Den LOD vermëttelt een éischter negatiivt Bild vum Kouduerf …

Wéi d'Ministesch Corinne Cahen Mëtt Mäerz de Begrëff “Kouduerf” am Kontext vun der Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik opgegraff hat, huet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen dat schlëmm genuch fonnt, fir sech doriwwer op hirem Facebook-Konto opzereegen. Iwwer 350 Reaktiounen, bal 79 Mol gedeelt an 193 Mol gouf dat op där Säit kommentéiert.

Op dat elo eng korrekt politesch Oppositioun oder schlechte Wahlkampf war, ass eigentlech net de sprangende Punkt. De Kouduerf-Sträit huet sech eben net méi wéi fréier an der Chamber ofgespillt, wou en et dunn héchstens eventuell als Kuriositéit bis an d'Chamberbliedche gepackt hätt. En ass direkt zu engem Medien-Evenement ginn, an deem sech nei sozial Netzwierker an traditionell Medien ofgewiesselt hunn. Mä et ass net esou einfach, Netzwierker wéi Facebook als einfacht Mëttel zum Zweck ze notzen.

"Schwarmintelligenz"

Déi Zort vu klenge bis eigentlech irrelevanten an zum Deel esou kënschtleche Virwërf sinn iergendwou nach eng Extensioun vun der Political Correctness, déi sech als Tabuiséierungstechnik virun allem an de 1990er Jore konnt duerchsetzen. Och haut heescht et nach: Oppassen, wat ee wéini wéi schreift. Dat koum virun allem iwwert déi leschte fënnef Joer, wou d'Zuel vun de Facebook-Useren enorm geklommen ass. Esouguer zu Lëtzebuerg si se eng Mass ginn. Eng Mass, déi entscheede kann, oder op d'mannst mengt, dat ze kënnen a jiddefalls ze dierfen.

Do kéint een dann de Begrëff vun der "Schwarmintelligenz" asetzen. Mat engem Zesummeschloss vun Internetpositiounen, wéi zum Beispill am Fall vun de Plagiatsrecherchen iwwert d'Netz, geet dat eenegermoossen. Mä et muss een oppassen. Dësen digitale Schwarm ass zwar massiv awer net onbedéngt intelligent. Dat schéint Mäerche vun enger zemools digitaler Schwarmintelligenz krut an der ganz profaner Realitéit säi gréisste Knacks, sécher mam Brexit an och mat der Wiel vum Donald Trump.

D'"Schwarmintelligenz" um Netz ass net dat selwecht wéi eng Informatiounsethik, oder, méi präzis, Computerethik. Bei dëse misst ee capabel sinn, mat der Mass vun den Informatiounen eens ze ginn. D'"Informatiounsgesellschaft" ass awer manner eng informéiert Gesellschaft wéi eng, déi déi Massen un Informatiounen iwwerhaapt emol probéiert ze verschaffen.

Vum Shitstorm zum Internetmob ass et net méi wäit

Flagrant Beispiller sinn déi Momenter, wou eppes schifgeet. Ee Post, ee Kommentar, ee Like ze vill, a scho kann een aus enger Partei ausgeschloss ginn. Dat kann dann och zum "Shitstorm" ausaarten, bei deem et ganz schwéier gëtt, de Medium nees ze kontrolléieren. Et muss ee seng sozial Medien, wann een da selwer drop aktiv ass, am A behalen. Si kënne sech iwwer Nuecht selbstänneg maachen a schonn ass en net méi dat, wat e geduecht hat ze sinn.

Vum Shitstorm zum Internetmob ass et dann och net méi ganz wäit. Dee Fall hate mer zum Gléck nach net zu Lëtzebuerg, mä ausschléisse kann dat keen.

Och an der Lëtzebuerger Press kann een a leschter Zäit ëmmer méi dacks noliesen, wann deen Dag oder zwee Deeg virdrun eppes méi oder manner Bemierkenswäertes op Facebook stoung. Noriichten iwwer Facebookposten also, déi hir Legitimatioun meeschtens dorausser bezéien, datt genuch Leit dat virdrun op Facebook schonn immens schlëmm oder immens genial, haut mega, fonnt hunn. Et gëtt also keng Distanz, et gëtt och kee Filter. Et gëtt awer genuch Moraline op de soziale Netzwierker, fir Entrüstungswellen auszeléisen, déi sech beim zweete Bléck awer ganz séier als ganz banale Ressentiment missten entlarve loossen.

Kee Protest, mä Revanche

De Protest ass hei keng politesch oder sozial Haltung, et ass eng Revanche. Och wann een d'Ursaach vun där Revanche eigentlech direkt guer net esouvill ugeet, wéi een dat menge kéint. Et fänkt dann un, alles schlëmm ze ginn, an terroristesch Attacke kréien déi selwecht oder vläicht esou guer manner Opmierksamkeet op de soziale Medien, wéi déi digital Rubrik vun de "chiens écrasés", déi um Netz vill méi Plaz verbraucht, wéi se déi jee an de Spalte vun den Zeitunge kritt hätt. E Penissëtz am Metro vu Mexiko ass grad esou präsent, wéi Krich, Hongersnout an, wéi gesot, Terrorismus ...

Sanktionéiere kann een dat da mat Emoticons vum Häertzi bis zum Kräischen … dat Bild um Schierm eleng, bei deem eng primär Ikonographie wéi déi vum Smiley a senge Variatioune kann duergoen, fir komplex an dramatesch Aktualitéit mat engem Clic ofzehaken, misst awer schonn nodenklech maachen.

Diffuse Verdacht, datt jidderee litt

Kuerz gesot: Et gëtt an der Entrüstungskultur nivelléiert. Alles ass op eemol d'selwecht "megagenial" an d'selwecht "megaschlëmm".

Dobäi kommen dann nach narzisstesch "Auswüchs", déi flagrant demonstréieren, datt den Internetuser viru sengem Schierm heiansdo nach méi isoléiert ass, wéi den Autobunnraser. D'Distanze sinn enorm, mä si gi via d'Netz an déi sozial Medien esou dramatesch verkierzt, datt der vill dat guer net verstinn.

Virun allem awer féiert déi Kultur vun der Entrüstung an de soziale Netzwierker zu engem diffuse Verdacht, datt jiddereen vun der Politik iwwert d'Medie bis zu - nach méi vaguen - d'"Elitte" jidderee litt. Et ass einfach e Skandal, diskutéiert gëtt méi spéit, oder meeschtens ni.