Radioen

On air

De Moien  |  Michael Kiwanuka - You Ain't The Problem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt keng objektiv Wourecht"

Luxfilmfest

"Et gëtt keng objektiv Wourecht"

"Forever Pure" ass kee Film iwwert Futtball. Beim Maya Zinshtein sengem passionanten a brutalen Documentaire stinn d'Politik an d'Muecht an Israel am Mëttelpunkt a wéi Rassismus ee Club an eng ganz Societéit zerstéiert. Am Kader vum Luxembourg City Filmfestival leeft de Film an der Haaptkompetitioun vun den Dokumentarfilmer. E Gespréich mam Kameramann.

auto_stories

3 min

Israel Freedman

Den Israel Freedman gleeft net un d'Objektivitéit vun enger Geschicht. "All Story ass subjektiv" an hie wéilt och kengem "eng Meenung opdrängen". En Documentaire soll eng korrekt Dramaturgie erëmginn an net als Propaganda-Instrument déngen, esou de Kameramann vu "Forever Pure". "Wann ech hannert der Kamera stinn, da probéieren ech de Film ze gesinn, ech probéieren eng Geschicht z'erzielen an ze verstoen."

Et géif e puer Deeg dauere bis d'Personnagë sech un d'Kamera gewinnt hätten. "No fënnef Deeg halen déi meescht op, eng Roll ze spillen. Dann ass d'Kamera total transparent. Eréischt da setzt de richtegen Effekt vun der Kamera an."

Beitar Jerusalem FC ass de populäersten an ëmstriddenste Futtball-Club an Israel. Et ass deen eenzege Club, dee bis d'Saison 2012/2013 nach ni ee moslemesche Spiller ënnerschriwwen huet. Am "Forever Pure" begleet d'Realisatrice Maya Zinshtein zwee tschetschenesch moslemesch Spiller, déi dem Team bäitrieden an déi de Futtball-Club total ausser Kontroll bréngen.

"Forever pure" ass e brutale Film. En hannerléisst e pessimistescht Gefill bei de Spectateuren. No der Verëffentlechung vum Film krut d'Realisatrice Morddreeunge vun de radikalen "Ultras" vum Beitar Club, och nach als "Familia" bekannt. Trotzdem hätt den Israel Freedman zu kengem Moment vum Dréi Angscht gehat. "Wann ee bis filmt, dann ass een esou engagéiert, et kann een net aschätzen, ob eppes geféierlech ass oder net." Am Film géif ee gesinn, datt déi meescht Gewalt verbal wier, erkläert de Kameramann. "Déi Leit wëlle gehéiert ginn, si wëllen der Elite weisen, datt se och do sinn."

© Reuven Schwartz

Den Documentaire wier duerch Zoufall entstanen. D'Realisatrice Maya Zinshtein gouf deemools gefrot, fir an enger Sendung d'Iwwersetzung vu Russesch op Hebräesch vun den zwee neien tschetschenesche Futtballspiller ze maachen. "D'Maya huet direkt e Konflikt an en Drama gespiert", sou den Israel Freedmann. Zwee essentiell Elementer, déi an all Documentaire misse virkommen. "Et huet net vill méi gebraucht, fir mech z’iwwerzeegen."

Remarkabele Montage

Aus zäitleche Grënn hätt d'Crew direkt missen ufänke mat filmen. "Mir hunn aus dem Projet e perséinleche Projet gemaach, et war onméiglech sou séier esou vill Sue beieneen ze kréien". Eréischt zum Schluss vun der Saison hätt de Fundraising ageschloen. Zwee Joer hätt et nach gedauert, fir de Film fäerdeg ze maachen. "Mir hu missen zousätzlech Zeene filmen, fir de Film ze completéieren." Den Israel Freedman begréisst virun allem de gudde Montage am Film. "Souguer d’Haaptpersonnagë konnten herno net méi erkennen, wéi eng Zeen virun den zousätzleche Biller a wéi eng duerno gedréint goufen." Dat wier remarkabel.

© AP Images

"Forever Pure" ass e Film voller Symboler. Vill vun dësen Zeeche wieren net geplangt, esou den Israel Freedman. Zum Beispill déi Zeen, wou ee vun den tschetschenesche Futtballspiller ganz eleng am Bus ass a biet. "Dat war eigentlech e Feeler, ech sinn der falscher Persoun no gaangen, hunn dat gesinn an dunn einfach op Record gedréckt". Eréischt am Montage goufen da lauter Symboler entdeckt.