Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Exil ass Fräiheet"

Literatur

"Exil ass Fräiheet"

Déi iranesch Schrëftstellerin Négar Djavadi huet mat "Désorientale" déi éischt iranesch Saga verfaasst. Si beliicht déi politesch a sozial Entwécklung vum Land a bréngt se an Zesummenhang mat Europa.

auto_stories

3 min

U sech ass d'Négar Djavadi Zeenaristin a Realisatrice. 2016 huet si hiren éischte Roman "Désorientale" publizéiert. Eng Familljesaga, déi d'Liewen am Iran mat deem a Frankräich verbënnt. De Roman ass eng Opfuerderung, sech mat de verschiddene Kulturen, politesche Situatiounen, dem Liewen an de Wënsch vum Eenzelen ze beschäftegen. De Lien ze maachen tëschent zwou Welten, déi sou ënnerschiddlech an awer d'selwecht sinn.

Den Titel vum Buch, "Désorientale", wier dem Négar Djavadi no aus der Fro "bass du orientalesch?" entstanen.

"Et ass eng legitim Fro. Mee et freet ee sech wat, nieft der physescher Erscheinung, 'orientalesch sinn' baussent dem Orient heescht. Wat soll ech äntweren? Ech äntweren zwar 'jo', mee et ass een awer de-orientalesch."

Extrait "Désorientale"play_arrow

"D'Geschicht vum Iran geet d'Welt eppes un"

D'Négar Djavadi ass 11 Joer al, wéi si mat hirer Mamm an hiren zwou Schwësteren aus dem Iran flücht. Den Iran ass zu dem Moment an der islamescher Revolutioun. Dëse liewensgeféierlechen Depart, grad esou wéi déi schwiereg Rees, zu Fouss an um Päerd, huet d'Négar Djavadi an hirem Roman mat verschafft. Et wier hier awer net drëms gaangen, hier eege Geschicht ze schreiwen. Soss hätt si dat scho laang virdru gemaach. Hiert Uleies war en anert.

Op der ganzer Welt gi Sagae geschriwwen, mee eng iranesch Saga gëtt et bis elo nach net. D'Welt géif d'Geschicht vum Iran eppes ugoen, seet d'Schrëftstellerin. Europa hätt vill mat der politescher Entwécklung am Iran ze dinn, mee déi Mannste wéissten doriwwer Bescheed.

"An der westlecher Welt kennt een d'Revolutioun vun 1979 am Iran, mee net de Putsch am Joer 1953, dee vun den Amerikaner ugefaange gouf. (...) Alles dat ass tragesch an eng wonnerbar fiktiv Matière. Leit a Familljen, deenen hiert Schicksal bei dësen Evenementer duerchkléngt. Et huet mech gereizt."

Hire Plang wier u sech guer net gewiescht, véier Generatiounen zréck ze goen. Mee wann ee sech déi geopolitesch Positioun vum Iran ukuckt, da géif ee feststellen, datt den Iran de Weste ganz vill ugeet. "Et ass e Land wou et Pëtrol gëtt. Et ass e Land tëscht dem Westen an dem Osten. D'Dier vun Europa."

Exil

Zanter 1980 lieft d'Négar Djavadi zu Paräis. Nom Lycée huet si um "Institut national supérieur des arts du spectacle" zu Bréissel studéiert an eng Rei Kuerzfilmer realiséiert. Si schreift och Zeenarien, fir déi si ausgezeechent gëtt. Den Exil huet hir Fräiheete ginn, déi si wuel ni erreecht hätt, wa si am Iran bliwwe wier. Den Exil hätt ëmmer eng dramatesch Konnotatioun, mengt d'Négar Djavadi.

"Ech soen net, datt et net esou ass. Vu sech doheem fortgoen ass dramatesch. Mee wann ee bis eng Kéier do ass, gesäit ee seng Kultur aneschtes. An et gesäit een, wéi befreit een dovun ass. Dat heescht, den Exil mécht fräi."