Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand M. Guelf - Der Ausnahmezustand

Buchkritik

Fernand M. Guelf - Der Ausnahmezustand

Dräi Mënschen, dräi Geschichten, en Attentat ze Berlin, an op eemol ass näischt méi wéi et geplangt war. Mat sengem neie Roman "Der Ausnahmezustand" weess de Fernand M. Guelf ze begeeschteren. Sproochlech an inhaltlech.

auto_stories

3 min

Den Eduard decidéiert Berlin ze verloossen, de Leon wëllt op Berlin flüchten an d'Amelie lieft zu Berlin a waart op de Leon, dee Mann, dee si bis elo just virtuell kennegeléiert huet.

Wat u sech ganz banal klengt, vläicht no enger Dräiecksgeschicht oder enger Erzielung vun dräi verschiddene Liewen, entwéckelt sech zu engem pechschwaarze Roman, an deem déi däischterst Säite vu Mënschen zum Virschäi kommen.

Just dee Moment, wou de Leon um Berliner Flughafen ukënnt an den Eduard sech decidéiere wëllt a wéi ee Fliger hie klamme soll, kënnt et zu engem terroristeschen Attentat, deen de Leon net iwwerlieft, den Eduard, deen nieft dem Leon senger Läich, liicht blesséiert zou sech kënnt, decidéiert spontan, dem Leon seng Wallis ze huelen an d'Pabeieren ëmzetauschen. Eng perfekt Léisung fir mat der eegener Vergaangenheet endgülteg ofzeschléissen.

Datt dem Leon seng Vergaangenheet awer alles anescht wéi perfekt ass, weess den Eduard dee Moment natierlech net.

E pechschwaarze Roman

Et ass d'Vergaangenheet vun den dräi Protagonisten, déi de Fernand Guelf dann an engem Wiesselspill beliicht. Et wandert ee vun engem Liewe bei dat anert, ouni Iwwergang, mol no enger Säit, mol no e puer Zeilen.

D'Amelie ass Fotografin, hir Biller hu grousse Succès, et sinn d'Griewer an alles wat mam Doud verbonnen ass, wat si faszinéiert, dëst Fotograféieren alimentéiert hir Verlaangeren nom Doud, well et ass just den Doud, an deem si de Sënn vum Liewe fënnt.

Sou huet si och de Leon am Darknet kennegeléiert, de Mann aus räichem Haus, deen eng absolut gestéiert Sexualitéit lieft, fiddert si mat sengen Theorien iwwer d'Perfektioun vum Doud. Tendéiert d'Amelie éischter an der Literatur Trouscht ze fannen, sou ass de Leon de wëssenschaftlech-mathemateschen Typ, deen a sengem Gréisstewan mengt, de Schlëssel vum Sënn oder Onsënn vum Liewe fonnt ze hunn.

Eng philosophesch-pragmatesch Sprooch

An den Eduard, deen entdeckt um geklaute Laptop lues a lues dem Leon seng Theorien, mee d'Realitéit weist him och, grad wéi am Luigi Pirandello sengem "Mattia Pascal", datt et net esou einfach ass engem anere seng Identitéit unzehuelen an datt dës Prozedur schonn u prakteschen Alldagssituatioune scheitere kann.

Mee et gëtt keen Alldag, Berlin ass, grad wéi déi dräi Mënschen et permanent sinn, an engem Ausnamezoustand. Wéinst dem Attentat gëllt e Lockdown an d'Police kënnt dem Eduard lues a lues op d'Spuer ... a Berlin selwer gëtt, wéi dacks an der Literatur, vermënschlecht a mat ofstoussende Charakterzich versinn.

D'Vergaangenheet stéisst op de Present, den Doud gëtt an all senge Formen deklinéiert, dat alles an enger philosophesch-pragmatescher Sprooch. Dem Guelf geléngt eng Keelt an Distanz ze schafen a gläichzäiteg de passionéiert geliefte Refus vum Liewen, vun der Gesellschaft a vu Relatioune beängschtegend nozebréngen.

En dystopesche Roman, dee vill méi Déift huet wéi dat, wat hei zum Virschäi kënnt, ass op alle Fall derwäert sech drop anzeloossen an och dem Guelf seng eloquent Sprooch ze genéissen.