Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ La Chana - Mein Leben, ein Tanz

Kultur

La Chana - Mein Leben, ein Tanz

Mat engem frenetesche Rhythmus geet den Documentaire vun der Lucija Stojevic un. La Chana ass de Bünen-Numm vun enger Danzlegend. D'Antonia Santiago Amador huet sech de Flamenco iwwer de Radio als jonkt Meedche selwer bäibruecht. D'Antonia, elo eng eeler Fra, zielt aus hirem Liewen, wéi si op enger Kanddaf fir d'éischte Kéier am Rhythmus vun der Gittar vun hirem Monni gedanzt huet. Wéi si sech verléift a bestuet huet. Wéi si dem Rhythmus vun hirem Kierper gefollegt huet, bis op déi gréisste Büne ronderëm d'Welt.

auto_stories

2 min

Mat engem frenetesche Rhythmus geet den Documentaire vun der Lucija Stojevic un. La Chana ass de Bünen-Numm vun enger Danzlegend. D'Antonia Santiago Amador huet sech de Flamenco iwwer de Radio als jonkt Meedche selwer bäibruecht.

"Duerch den Takt wäert mäi Kierper menger Séil follegen. Ech weess, datt ech et kann, well mäi Gefill follegt dem Rhythmus."

La Chana kënnt aus der Sprooch vun de Roma a bedeit Wëssen.

D'Antonia, elo eng eeler Fra, zielt aus hirem Liewen, wéi si op enger Kanddaf fir d'éischte Kéier am Rhythmus vun der Gittar vun hirem Monni gedanzt huet. Wéi si sech verléift a bestuet huet. Wéi si dem Rhythmus vun hirem Kierper gefollegt huet bis op déi gréisste Büne ronderëm d'Welt. De Film weist d'Antonia elo an hirem Haus, hirem Alldag, wéi si erzielt iwwer d'Vergaangenheet. Dëst vermëscht sech da mat Biller vun Optrëtter vu Fernsee-Plateauen oder aus dem Film "The Bodo" vum Peter Sellers.

De Peter Sellers wollt si mat op Hollywood huelen. Och den Dali koum laanscht an eleng oder mat hirer Compagnie ass si souguer bis op Tokyo gereest. Et ass hire Mann, dee si dovunner ofgehalen huet a si lues a lues an de Schied gestallt huet. An der Roma Gemeinschaft decidéiert eben de Mann.

Flamenco muss een net kenne fir dëse Film ze genéissen

Esou wéi de Rhythmus vun hirem Danz, verschléngt de Film een ëmmer méi enk an der Chana hir Welt. Si danzt mat hirem Kierper, mat hire Gefiller mat hirer Séil, mat allem wat si huet.

An et erlieft een, wat hir Duechter och am Film seet. Si ass eng Naturgewalt. Si ass eng vun deene Fraen, déi et trotz engem gewalttätege Mann an hire Roma-Originne gepackt huet dat ze maachen, wat hirer Meenung no hir Bestëmmung war, well et hir Rettung war. Der Chana hir Erzielunge sinn net melodramatesch, och de Film betount hiert perséinlecht Drama net. Et ass e rouege Film, dee roueg fléisst, bis en dann heiansdo sou richteg opbraust an Temperament weist, wéi d'Chana. Si erzielt hir Geschicht, einfach an demüteg, mee mat esou enger Leidenschaft, déi een net kal léisst.


La Chana - Mein Leben, ein Tanz, ass nach bis den 3. Juli an der Arte Mediathéik ze gesinn.