Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Lump Sum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Plaz an der Musicalgeschicht?

"La La Land"

Wéi eng Plaz an der Musicalgeschicht?

Vu Kritik a Public gelueft a mat Präisser iwwerheeft, huet "La La Land" vum Damien Chazelle de Wee op d'Lëtzebuerger Kinosecrane fonnt. Ass dëse Film mat senge rekordverdächtege 14 Oscar-Nominatiounen dann och esou rekordverdächteg gutt?

auto_stories

4 min

Maache mer eis näischt vir. Datt d'Academy, déi an den USA fir d'Verdeelung vun den Oscare verantwortlech ass, mat ganze 14 potenzielle Statuette fir "La La Land" oplauert, ass wéineg iwwerraschend. No der Kontrovers "#OscarsSoWhite" sinn zwar vill Net-Wäisser an dës amerikanesch Filmakademie opgeholl ginn, déi elo mat hirem Vote fir méi Diversitéit bei esou Präisiwwerreechunge suerge kéinten. Mee en gros ass den ale wäisse Mann nach ëmmer predominant.

Dat huet zënter 2000 zum Beispill dozou gefouert, datt esou formal retrograd Filmer wéi "Chicago" 2012 an "The Artist" 2011 mam Haaptpräis dovu komm sinn. D'Academy huet eng laang Traditioun, fir dee schwächste Film aus der Beschtelëscht als "Film of the Year" ze kréinen. Denke mer u "Crash" oder "A Beautiful Mind". Mee bei deene virdru genannte Beispiller spillen einfach Nostalgie, an d'Erënnerung u besser Zäite vun engem amerikanesche Kino, deen et haut an där Form eigentlech net méi gëtt.

Gosling a Stone viru sonneger Kuliss

An ech woen ze behaapten, datt dat bei "La La Land" vum 32-Joer jonken Damien Chazelle bis zu engem gewësse Grad ähnlech ass. Rappt mir w.e.g. nach net de Kapp erof, mee ech versiche grad wierklech, mech net komplett vum Ryan Gosling senger Fred Astaire-Pose a -Kostümer an dem Emma Stone senge groussen Ae blann verleeden ze loossen.

De Ryan Gosling spillt de Sebastian, e Pianist an allgemengen Hardcore-Aficionado fir Jazz-Musek vun der aler Schoul. Säin Dram ass et, en Jazz-Club, an deem hie gespillt huet an - senger Meenung no - zu enger Samba-Tapas-Bar verkënnt, zu enger neier Gloire ënnert senger Gerance ze verhëllefen.

D'Emma Stone ass eng Schauspillerin, déi de ganze Film iwwer versicht, mat Hëllef vu Castingen e Gig ze landen. No der Ouverturesnummer op enger Autobunn am L.A. vun haut, treffen déi zwee ëmmer nees openaner a fannen sech matzen tëschent de Joreszäiten, déi - onofhängeg vu Wanter, Fréijoer, Summer an Hierscht - ëmmer nees sonneniwwerflut sinn. Zesumme versichen se hiren Dram an d'Realitéit ëmzesetzen. Méi ass de Film net - mee och net manner.

Zwee Individualisten, déi hiren Dreem nolafen

No sengem leschte Film "Whiplash" ass den Damien Chazelle héich am Kurs zu Hollywood. An et wonnert guer net, datt hien nom Drumexzess Nummer eent, dee méi wéi een an de Kinossëtz gedréckt huet - not my kind of tempo - sech elo dem Western, deem aneren amerikanesche Filmgenre par excellence géif widmen.

"La La Land" ass manner eng Liebesgeschicht, wéi e Film iwwer zwee Individualisten, déi versichen, hiren Dreem nozelafen. Dobäi gëtt all Code an intertextuell Referenz vum Musical duerchgeknat. Vincente Minelli hei, Stanley Donen do, riets Fred Astaire, lénks Gene Kelly. Faarflech Jacques Demy. Wie seng Musicalgeschicht kennt, dee bléckt séier am "La La Land" duerch. Dat hëlt ee wouer, respektéieren deet een dat och, mee et wënscht ee sech, de Film géif nach méi seng eegen Identitéit manifestéieren.

Genee wéi dem John Legend säi Personnage dem Gosling seng traditionalistesch Manéier virhält, esou kéint een dat och mam Chazelle maachen. D'Realisatioun vum Chazelle ass formal impeccabel. Dramaturgesch gëtt et awer eng Grëtz méi schwiereg, respektiv méi dënn.

Alles an allem e proppere Film

Datt d'Emma Stone mat sengem Personnage dovu kënnt, ass ganz de Merite vum Stone selwer. Dierfe mer an d'Welt vum Gosling ëmmer nees andauchen, kréie mer vum Stone ëmmer just nëmme vergarrelt Castingen ze gesinn. Och wann dat an den éischte 15 Minutten zu engem wonnerbare Spill iwwert d'Spille féiert, sou geet dat net duer. D'Choreographien tëschent hinnen zwee versiche sech um Niveau Rogers an Astaire, a scheiteren op där allerschéinster Manéier, déi am Grupp hunn d'West Side Story fest am Blutt. Op d'Museksnummeren zäitlech wäerten an der Memoire bleiwen, woen ech op dëser Plaz net festzeleeën.

Alles an allem e proppere Film, dee manifestement mat vill Léift entstanen ass, deem et ganz am Eescht gutt zu Gesiicht gestanen hätt, wann de Sënn fir Melancholie, deen e wierklech schéine Schluss op eemol aus dem Hutt zaubert, schonns vun Ufank un etabléiert gi wier. "Les Parapluies de Cherbourg" bleift an där Hisiicht awer dee beschte Musical vun allen Zäiten. Sorry Gosling! Mee hey: esou gutt ugedoen, wéi s du am Film bass, wéilt ech och gäre sinn!