Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Le fidèle

Filmkritik

Le fidèle

Belsche Kino gëtt et am Fong just nëmmen um Pobeier. D'Realitéit ass, dat d'Wallounen an d'Flammänner hir eege Filmsubventiounen hunn. De Michaël R. Roskam, Realisateur vu "Rundskop - Bullhead", féiert, ouni dat un déi grouss Klack ze hänken, déi zwou Communautéiten a sengem neie Film "Le fidèle" zesummen. An dobäi geet et ëm Autoen.

auto_stories

3 min

Et donnert déif um Asphalt. Laanscht d'Strooss ass d'Wiss perfekt kuerz geméint. Mä egal. Wat zielt, sinn déi déck Ween op der Strooss, déi mat héijer Vitesse an d'Kéier fléien an een deem aneren hannertenee joen. Et géif just nach feelen, datt mat enger Hans Zimmer Hannergrondmusek den Tom Cruise aus dem Gewënnerauto erausklammen an d'Nicole Kidman nieft der Streck op hie waarde géif an da wier een am "Days of Thunder". Am Auto sëtzt awer d'Adèle Exarchopoulos an him nokucken deet de Matthias Schoenaerts. Häerzlech wëllkomm bei "Le fidèle". Dem neien, drëtte Long-métrage vum Michäel R. Roskam, dee sech no "The Drop", sengem Ausfluch an den USA, nees a Richtung Bréissel gemaach huet.

Eng Libesgeschicht mat engem Kriminellen

Dem Schoenaerts säi Personnage, de Gigi, schwätzt d'Bibi, d'Exarchopoulos, un, a freet, ouni grouss Detouren, ob hatt schonns verginn ass. Neen. Si gi sech Rendez-vous zu Bréissel an een, zwee, dräi, hu mer d'Koppel, ronderëm déi sech de ganze Film dréint. Wa gefrot, wat hien esou géif berufflech maachen, kënnt just d'Äntwert, hie wier just am Import-Export vun Automobile Gefierer. D'Bibi schléckt dat. Der jonker Fra hire Papp, bei deem den Gigi Amoroso iergendwann ëm d'Hand freet, gleeft dat net. Hie soll sengetwege maachen, wat e wëll, mä hie soll mat oppene Kaarte spillen. Tatsaach ass, datt hien Deel vun enger Band ass, déi regelméisseg Iwwerfäll duerchféiert. Datt esou eng professionell Aktivitéit toxesch fir eng Koppel ass, duerf op der Hand leien.

De Michaël Roskam trëfft nees op dee Schauspiller, op deem seng international Renommée zréckzeféieren ass. Ëmgedréint natierlech och. Hu si 2011 net den Oscar-nominéierte "Rundskop" op den Ecran bruecht. Och hei, am "Le fidèle", spillt de Schoenaerts e Bourrin. Dës Kéier manner physesch wéi psychologesch. An der Essenz ass "Le fidèle" en einfache Libesfilm. Eng Boy-Meets-Girl Geschicht, an där iwwerdriwwene Stolz, en Iwwerschoss un Testosteron an eng gewësse Form u Männlechkeet am Wee stinn. Datt de Libesfilm funktionéiert, brauch et déi Koppel, déi dat alles op de Schëlleren dréit. Dofir hëlt sech den zwou Stonnen zéng Minutte laange Film bal eng hallef Stonn Zäit fir Schoenaerts an Exarchopoulos als zwee Verléiften z'etabléieren. Am Roskam senger eleganter Mise en scène, déi intim Zweeër- mat Véier-Zeene kombinéiert, ass vun enger liichter Natierlechkeet, datt ee bal vergësst, datt do eppes kromm an der Heck läit, an alles all Ament ëmkippen a schif goe kann.

E Mix vu verschiddenen Genren

Formal ameséiert sech de Roskam, fir kuerz virun der Halschent an da bis zum Schluss vum Film, eng Zort Genre-Hopping ze maachen. Libesfilm, Autosfilm, Gangsterfilm, Melodrama, Prisongssurvivalfilm, Thriller - all Schabloun léisst sech op "Le fidèle" vum Roskam dropsetzen. Bei aller Iwwerzeegungskraaft vum Cast féiert dat dozou, datt de Film sech säi Public op Distanz hält. Bei engem Film, wou d'Spiral an d'bas fondse solle gewisen a gespuert ginn, ass dat schlussendlech awer kontraproduktiv. Esou einfach an op de Punkt sech de Film ufanks gëtt, esou onnéideg opgeblosen gëtt déi ganz Affär op 130 Minutte Längt. Dat ass Schued, well de Film fënnt seng grouss Stäerkt an enger Puritéit an Ongeschlaffenheet vun de Personnagen. A Bréissel huet een an där Form nach ni um Kinosecran gewise kritt.