Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fusion2Art": Kënschtler schaffen am Duo

Konscht

"Fusion2Art": Kënschtler schaffen am Duo

Um Food for your Senses-Festival spillt d'Musek déi éischt Gei. Fir d'Organisateure war et awer schonn ëmmer wichteg, mam Evenement all d'Sënner ze fidderen. Fir dës Editioun hu si sech eppes Besonnesches afale gelooss a jonk a confirméiert Kënschtler am Duo un engem gemeinsame Projet schaffe gelooss, dee si um Festival presentéieren.

auto_stories

2 min

D'Shari Pleimelding studéiert Grafik- a Kommunikatiounsdesign. Viru kuerzem huet si ugefaangen hir Biller auszestellen. De Joël Rollinger ass zanter zwee Joer fräischaffende Kënschtler. Zesumme schafe si eng gemeinsam Installatioun, déi si um Food for your Senses Festival wäerten ausstellen.

Alles komplett wäiss

De Joël war 2016 mat enger Konscht-Aktioun opgefall, bei där hien zu Luerenzweiler säi perséinlecht "White House" opgemaach hat. Eng temporär Konschtgalerie an engem Haus, dat den ausgebilten Architekt a Kënschtler komplett wäiss ugestrach hat, sou datt d'Gebai vun der Haaptstrooss aus net z'iwwersi war.

Och fir dëse Festival-Projet sprëtzen déi Zwee alles mat wäisser Faarf. Tëscht Camionen an Aarbechter, verschiddene klenge Chantieren a Sperrmüll schaffe si fir hir Ausstellung a pechen a bueren ënnert fräiem Himmel Objeten uneneen. D'Objeten huet de Joël vum Sperrmüll oder vun der Famill. "Ech fanne wäiss ass einfach neutral. Et lenkt net ze vill of. Wann een et elo géif giel maachen, géif dat méi oflenken", sou de Joël Rollinger. Mat wäisser Faarf iwwerzu géif ee just d'Forme kucken, an dat Ganzt géif zu enger eenheetlecher Skulptur ginn.

Ee Konscht-Container-Duerf

All Kënschtlerduo kritt fir de Festival e Schëffscontainer zur Verfügung gestallt. Während dem Food for your Senses kann de Public also eng Aart Container-Duerf mat Ausstellunge kucke goen. De Joël wënscht sech, datt d'Leit einfach eraginn an de Raum op sech wierke loossen. "Si kënnen awer och matmaachen, sech dohi sëtzen oder schéi Fotoe maachen."

Fir d'Shari Pleimelding soll de Container och e bëssen duerchernee maachen. Duerch d'Bemole vun der rechteckeger Form kéim méi Bewegung eran. "Hautdesdaags geet et jo drëms, datt d'Saachen déi d'Leit gesinn schockéieren a stéiere sollen. Esou fale si och op an dat ass beim Container och esou." Dofir hunn d'Shari Pleimelding an de Joël Rollinger eng surrealistesch schwaarz Spiral duerch déi wäiss Ariichtung gezunn.

Zesummen eng Linn fannen

De Projet mat all senge Contrainten hätt de Kënschtlerduo net just interesséiert, mä och stimuléiert. Och de Fait, datt den Exercice um Enn un e Concours geknäppt ass, schéngt d'Shari Pleimelding an de Joël Rollinger tëscht dem Containerblech net psychesch agëengt ze hunn. "Ech fannen, et léiert een och vill vun dem aner Kënschtler. Et kann ee seng eegen Iddien abréngen an et kritt een der awer och vill", sou d'Shari. Och de Joël wier ëmmer oppe fir speziell Projeten an hie fënnt et schéin, fir de Projet eng gemeinsam Linn ze fannen.