Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fyre a Fyre Fraud

Kultur

Fyre a Fyre Fraud

De Fyre Festival ass dee bekanntste Museksfestival, deen et ni gouf. Elo hunn zwee Documentairen de Festival filmesch verschafft. Den Tom Dockal huet déi zwee Filmer gekuckt a se matenee verglach.

auto_stories

3 min

Am Abrëll vum Joer 2017 konnt een - op d'mannst a Kontinentaleuropa - gesinn, wéi mat engem Instagram Posting vun enger Kéiseschmier mat engem Blat Zalot an enger klenger Styropors-Këscht den Ufank vum Enn vun engem Museksfestival agelaut gouf. De Festival heescht: Fyre Festival.

De jonke Entreprener Billy McFarland kënnegt an Zesummenaarbecht mam Rapper Ja Rule am Wanter 2016 un, en Exklusivfestival vun nach ni do gewieschte Proportiounen op de Bahamas ze organiséieren; op genee där Insel, déi emol dem Pablo Escobar gehéiert huet. Millenials mat vill Sue konnte sech fir deier Suen en Ticket an d'Paradäis kafen, mam Privatjet op d'Insel geflu ginn, Stäreniessen an natierlech déi hottste Kënschtler a Gruppen a Blink 182. Mee eemol ukomm huet sech erausgestallt: de Fyre Festival war just e Marketing-Coup hanner deem sech just eng eenzeg grouss Arnaque verstoppt huet.

Eng Geschicht, zwee Documentairen

Elo also zwee Documentairen, déi d'Geschicht an de Ronderëm vum Festival a seng Mënsche retracéiert. "Fyre: The Party That Never Happened" vum Chris Smith op Netflix a "Fyre Fraud" vum Jenner Furst an der Julia Willoughby Nason op Hulu.

De Chris Smith, dee fir Netflix scho mat "Jim & Andy: The Great Beyond" déi zwou Säite vum Jim Carrey sengem Sinn am Kontext vum Milos Forman Film "Man On The Moon" thematiséiert huet, gesäit sech elo an enger méi ongewollter, bal schizophrener Situatioun. Dräi Deeg éiert de Film land, stellt Hulu, en anere grousse Streaming Déngscht, Netflix de Fouss a released komplett aus dem Näischt säin eegenen Documentaire.

Streidereien tëschent den zwou Produktiounen

De Krich ëm d'Gonscht vum Spectateur kënnt domat op en Niveau, deen et esou an där Form nach net gouf. A bei deem Krich ass d'Story, de Fyre Coup am Fong just niewesächlech. Och wa sech natierlech jiddwereen d'Fro stellt: wat ass dee bessere Film? Wat dee manner Gudden? A soll een net einfach déi zwee kucken?

Et ass keng Fro vu gutt oder schlecht, mee eng Fro vun dokumentarescher Ethik. Et huet net laang gedauert, bis datt d'Leit hanner dem Hulu Film Netflix virgeworf hunn, datt d'Com-Boîte hanner dem Festival, deen ee Film matproduzéiert huet. Natierlech gouf zeréckgeschoss. Hulu soll de McFarland Dausende vun Dollare fir en Exklusivinterview bezuelt hunn. An esou weider an esou virun. Am Hulu Documentaire gëtt esou d'Existenz vun deem anere Film kommentéiert. Dokumentarfilmstudenten an de Guy Debord freeë sech!

Inhaltesch Ënnerscheeder

Dem Chris Smith säin Documentaire retracéiert an inzenéiert de Wee zum fatalen Desaster méi, woubäi d'Hulu Aarbecht méi de Lien versicht ze maachen tëschent dem McFarland, Millienal-Culture an dem Revirement op den Zoustand vun den USA an hirer politescher Situatioun. Moralesche Schlusspunkt do: d'amerikanesch Presidentschaft ass genee esou eng Con-Artistry wéi de Festival. Witzegerweis gëtt een an deenen zwee Documentairë mat deenen nämmlechten Archivbiller konfrontéiert an et kommen zum Deel déi nämmlecht Instanzen zu Wuert. A jiddweree versicht natierlech säin Hiem wäisszewäschen. Och de McFarland, deen am Prisong sëtzt.

Et ass en absurd Noliewe vun engem popkulturelle Coup, dee mat sengen zwou dokumentaresche Veraarbechtungen awer iergendwéi och nees de Geck mat de Leit mécht. Just kascht dat an dëse Fäll keng Dausende vun Euro, mee just den Abo beim jeeweilege Streamingdéngscht.