Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ganz perséinleche Brasilien-Touristeguide

Reesliteratur

Ganz perséinleche Brasilien-Touristeguide

De Guy Helminger ass och bekannt fir seng Reesliteratur. Mat "Die schwere Naht der Flüsse" (Capybarabooks) liwwert hie seng Andréck vu senger Rees queesch duerch Brasilien am Abrëll 2019.

auto_stories

3 min

Reesliteratur ass zënter bal zwee Joerzéngte Bestanddeel vum Guy Helminger sengem Schreiwen. Kënschtlerresidenzen a soss Invitatiounen op Liesungen an Indien, Iran, Jemen oder Südafrika huet den Auteur zum Ulass geholl, fir seng Andréck festzehalen a se a Buchform oder op Internet-Bloggen ze verëffentlechen.

"Die schwere Naht der Flüsse" (Capybarabooks) heescht dem Guy Helminger seng lescht deementspriechend Publikatioun. Et ass de Compte-rendu vu sengem Brasilien-Openthalt am Abrëll 2019, en Ausfluch queesch duerch dat risegt südamerikanescht Land: vun de südleche Stied Rio de Janeiro, Porto Alegre a Brasilia erop an d'Amazonas-Géigend ëm Manaus a Belém am Norden, mat all Kéiers Ofstiecher a manner bekannten Uertschaften.

Lëtzebuerger Emigratioun a Brasilien

Domat knäppt den Helminger u säi Roman "Neubrasilien" (2010) un, an deem en ënnert anerem d'Geschicht vu Lëtzebuerger Auswanderer a Brasilien ëm 1830 thematiséiert hat. Och am neie Buch ginn d'Spuere vun där Emigratioun agesammelt, wéi dës Statu vum gebiertege Lëntgener Jesuittepater Jean-Philippe Bettendorf, deen am 17. Joerhonnert déi nërdlech Stad Santarém gegrënnt hat.

Dem Auteur säin Interessi gëllt allgemeng der däitschsproocheger Immigratioun, mat där déi Lëtzebuerger wéinst der evidenter kultureller Affinitéit op der Plaz an een Dëppe gehäit gëtt. Den anachronistesche Béier-an-Dirndl-Folklor, deen d'Nokommen um Liewen halen, erkläert de Guy Helminger duerch eng Freed un der Traditioun. Mat rietsnationaler "Deutschtümelei" hätt dat näischt ze dinn.

Dag fir Dag notéiert den Auteur dat wat hie - meeschtens a Begleedung vu lokale Guiden - gesinn an erlieft huet, hie beschreift de verblatzte Glanz vu fréieren, méi glorräichen Zäiten, reit Anekdoten iwwer seng flüchteg Renconteren uneneen. D'Buch, am klassesche Reportage-Stil geschriwwen a mat Fotoen illustréiert, liest sech bal wéi en Touriste-Guide. Awer ee mat engem ganz perséinleche Bléck.

Weder Sozialvoyeurismus nach Sensationalismus

De Guy Helminger, bekannt fir seng politesch lénk Astellung, sicht sech bewosst och Plazen aus, déi a priori manner unzéiend sinn, mee eng wichteg Facette vun der brasilianescher Realitéit duerstellen. Quartieren, an deenen Aarmut a Kriminalitéit Hand an Hand zesummeginn a wou sozial engagéiert Associatiounen dem Laisser-faire vun der Bolsonaro-Regierung versiche sou gutt et geet entgéintzewierken. Sozialvoyeurismus kann een dem Auteur awer net ënnerstellen.

Grad esou wéineg wéi Sensationalismus, obwuel mer am Ufank vum Buch e Jugendlechen zerwéiert kréien, dee sech mat Gewier am Grapp an enger Favela vu Rio fotograféiere léisst. Mat enger wëllkommer Luciditéit kommentéiert den Auteur Situatioune wéi beispillsweis e folkloristeschen Danz vun Tatuyo-Indianer, eng fir si iwwerliewenswichteg Touristenattraktioun, déi awer mat kultureller Authentizitéit näischt ze dinn hätt.

D'Buch dokumentéiert dem Guy Helminger säin éierleche Versuch, de Bols vun engem Land ze fillen, souwäit een dat iwwerhaapt bannent engem Mount a mam selwer operluechte Reespensum ka maachen. Eng breet an déif gräifend Analys vun der brasilianescher Gesellschaft war souwisou net d'Zil, wéi d'Ufankszitat vum Adelbert von Chamisso kloer mécht. Dofir feelt souwisou déi aner Säit vun der Medaile, nämlech d'Vue op dat räicht Brasilien.

Méi informativ wéi literaresch usprochsvoll

An deem Sënn gëtt de Guy Helminger senger Metapher vum Buchtitel net ganz gerecht. "Die schwere Naht der Flüsse", déi Plaz also, wou déi zwee Flëss Amazonas an Tapajós eng Zäit laang mat ënnerschiddleche Vitessen nieftenee fléissen ouni sech ze vereenen - e wonnerbaart Bild fir déi sozio-ekonomesch Ongläichheeten.

Och soss ass d'Buch méi informativ wéi wierklech literaresch usprochsvoll. Et ass éischter en Text fir d'Zäit tëschent zwee Romaner z'iwwerbrécken an d'Schreif waarmzehalen. Am Géigesaz zu vill Reesauteure verfält de Guy Helminger net an en Egotrip. Datt hie bei engem Promi-Owend däerf fir de gudden Zweck matkachen oder virun engem Fussballmatch vum Stadionsspriecher annoncéiert gëtt, kommentéiert hie mat enger gesonder Dosis Selbstironie.