Radioen

On air

Notturno  |  Kae Tempest - I Saw Light Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaukasesch Kënschtler tëscht Krich a Fridden

Georgien

Kaukasesch Kënschtler tëscht Krich a Fridden

Georgien ass e klengt Land op der Grenz tëscht Asien an Europa. Hei wunne knapps 3,7 Millioune Mënschen. Virun der Onofhängegkeet 1991 hunn op dësem klenge Fleck am Kaukasus nach e gudde Strapp méi Leit gelieft. Deemools, nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun, mä och nach haut gesi vill Georgier méi Grënn fir ze goen, wéi fir ze bleiwen.

auto_stories

5 min

Politesch Konflikter, déi d'Existenz menacéieren, zéie sech wéi e roude Fuedem duerch d'Geschicht vu Georgien. Wéi sou dacks verännert sech wéi et schéngt just d'Form, net awer den Inhalt vum Problem. Datt sech sou permanent problematesch Situatiounen och an der Konscht erëmspigelen, ass eng logesch Konsequenz, fënnt de Shaka, e jonke Regisseur vun Dokumentarfilmer.

"Wéi mir an den 1990er Joren hei opgewuess sinn, war alles zerstéiert. Et war en eenzege grousse Ghetto a mir stounge virum Näischt." Et wier weder Stroum, nach Luucht oder fléissend Waasser ginn. "Et war wierklech schwéier, z'iwwerliewen. Dono ass aus dësem Liewenstrauma esou lues Konscht entstanen."

Georgien huet eng ganz Rei Biergerkricher hannert sech. D'Konflikter ronderëm d'Regiounen Abchasien a Südossetien dauere bis haut. Wéi wierkt sech sou eng Daueruspanung op d'Konscht aus? Kritt se doduerch eng bestëmmte Form, eng Faarf oder vläicht souguer en eegene Klang? Den Gio huet 20 Joer, ass zäitgenëssesche Komponist a lieft hallef zu New York an hallef zu Tbilisi, wéi d'Haaptstad op Georgesch genannt gëtt.

Erfarunge spillen onbewosst Roll an der Konscht

Esou Experienze mat Konflikter zeechnen engem säi Liewen, mä eben och d'Perséinlechkeet. Biergerkricher kléngen onbewosst iergendwéi ëmmer mat, wann nei Konscht entsteet, seet hien. "Déi Erfarung kënnt net onbedéngt an enger deskriptiver Form an der Konscht zum Virschäin, mä et geet méi déif wéi dat. Se gëtt vum Kënschtler duerch seng Aarbecht, also de kënschtleresche Prozess verdaut a kritt dann eng ganz perséinlech Ästhetik." Konscht kéint komplett abstrakt sinn an dach kéint se eng bestëmmte Kultur, déi sech ronderëm de Kënschtler ofspillt, representéieren. "Dat Erliefte mécht eng vu ville Schichten aus, aus deenen de Kënschtler zesummegesat ass."

Ee Véierel vun der georgescher Populatioun lieft zu Tiflis, dem kulturellen Zentrum vum Land. Trotzdeem si Kënschtler net immens gutt gestallt. Den Duerchschnëttsloun a Georgien läit bei ëm déi 400 Euro de Mount. Wéi vill aner Acteuren an der Konschtzeen brauch och de Shaka nach en zousätzleche Job fir iwwerliewen ze kënnen. Obwuel dës Aarbechtskonditiounen net ideal sinn, bleift hie bei senger Beruffswiel. Grad elo wier et wichteg unzerappen, mengt de Regisseur. "Georgien ass op seng Aart a Weis e gudden Terrain fir Neies, well et souzesoen en neit an onofhängegt Land ass. Doduerch dinn sech eng ganz Rei Méiglechkeeten op." Et géinge sëllech nei Espacë ginn, an déi ee goe kéint fir e Gefill fir se ze kréien. "Hei kanns de Konzepter, Iddien a Projete grad am Konschtbetrib ëmsetzen, well villes nach net do war."

Vergëften Ierwe vun der Geschicht

De Shaka betount awer och, dass een dat Ganzt selwer misst an d'Hand huelen. De georgesche Kulturministère géif sech net grad e Been fir déi lokal Zeen ausrappen... Vu staatlecher Säit wier d'Prioritéit, déi auslännesch Kënschtler an d'Land ze bréngen, net déi eege Leit ze fërderen.

Fir d'éischt mol virun der eegener Dir ze kiere fir Plaz fir Neies ze schafen, fënnt de Gio besonnesch wichteg. An dësem Kontext weist hien op e Problem hin, deen een als "vergëften Ierwe vun der Geschicht" kéint bezeechnen an deen engem sënnvollen nationalen Ëmgang mat Konscht nach am Wee steet.

De Shaka an d'Mako sinn zwee Kënschtler aus Georgien

"Am kulturelle Kontext ass Georgien nach net prett fir Konscht seriö ze 'consomméieren'. Am 20. Joerhonnert gouf et vill Problemer, déi d'Entwécklung vum Land gebremst hunn." Datt westlech Konscht ënnert dem Sowjetregime verbuede war, wier just een negatiivt Beispill vu villen. "Bei d'Transitiounsphas vun der Onofhängegkeet koumen ekonomesch, kulturell an eben och politesch Schwieregkeeten dobäi."

Dës hunn d'Entwécklung vun engem soziale Kontext, an deem Kënschtler a Public hätte kënnen zesummen interagéieren, definitiv net gefërdert." De jonke Komponist knäppt hei och un d'Thematik vun der typescher sowjetescher Propaganda-Konscht un. Net nëmmen d'Bild vun der Konscht, mä eben och dat vum Kënschtler selwer, wier net méi zäitgeméiss, awer nach immens präsent. D'Kënschtler si sech eens, datt net d'Traditioun selwer, mä éischter eng Zort "Damaged Mentality", also eng beschiedegt Mentalitéit, de Problem wier.

Verstëbsten Universitéiten, almoudesch Dozenten

De Shaka féiert dës Schwieregkeet ënnert anerem op d'Haltung an de georgesche Bildungsinstitutiounen zréck. "Déi staatlech Universitéiten hei sinn almoudesch, d'Dozente sinn dacks iwwer 70 Joer al a fillen sech nach staark mam sowjetesche Stil verbonnen." Genee dat misst sech änneren. "Den aktuelle Bildungssystem ass menger Meenung no ee vun den Haaptproblemer a Georgien. Wann nei Generatiounen eng méi normal, manner politesch gefierfte Bildung hei genéisse kënnen, wäert dat och vill am Land selwer changéieren.

Déi jonk Konzeptkënschtlerin Mako bestätegt dat. Si studéiert op der State Academy of Art zu Tbilisi. Mat méi moderne Konschtrichtungen hätten hir Dozenten net nëmmen näischt um Hutt, mä si géingen se deels souguer mol net kennen, esou d'Mako. Am Ausland mussen ze studéiere schéngt ëmmer méi wichteg ze ginn. Dovu kéinte méi Leit profitéieren.

Am Numm vun der Konscht ze reese gehéiert iwwregens net onbedéngt zum Standard a Georgien. Dacks ass et esou guer mat Invitatiounen aus anere Länner schwiereg, e Visa ze kréien. D'Prozedur wier onduerchsichteg an den Ausgang zimlech onberechenbar, soen d'Kënschtler.