Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Heiansdo sinn et d'Affer, déi musse verzeien"

Literatur

"Heiansdo sinn et d'Affer, déi musse verzeien"

Um Ohrid-Séi a Mazedonien huet déi bulgaresch Schrëftstellerin Kapka Kassabova hir eege Familljegeschicht an allgemeng d'Quelle vum mënschleche Leed am Balkan exploréiert. D'Resultat ass e faszinant Buch: "To the lake. A Balkan journey of war and peace".

auto_stories

1 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Als Jugendlech ass déi 1973 zu Sofia gebuere Kapka Kassabova mat den Elteren an Neiséiland ausgewandert. Spéiderhin huet si de Wee zréck an Europa fonnt fir sech a Schottland nidderzeloossen, wou si zanterdeem lieft.

Zënter dem Enn vun den 90er Jore publizéiert si Gedichter, Romaner an Essaien, ëmmer op Englesch. An hirem leschte Buch "To the lake. A Balkan journey of war and peace" beschreift si hir Rees a Mazedonien, tëschent den Zwillingsséien Ohrid a Prespa.

Am Gespréich mam Michel Delage erkläert d'Kapka Kassabova, firwat si sech op d'Spuere vun hirer Famill gemaach huet. Si schwätzt iwwer d'Ursaache vun der Tyrannei am Balkan, iwwer déi patriarchalesch Gesellschaften, iwwer den ethnesche Mix, iwwer Krich mee och iwwer Schéinheet, Léift an Hoffnung.


"To the lake" gëtt et och op franséisch: "L'Echo du lac. Guerre et paix à travers les Balkans" (Editions Marchialy) an och an enger däitscher Iwwersetzung: "Am See. Reise zu meinen Vorfahren in Krieg und Frieden" (Hanser Verlag).