Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hermann Hesse - Über das Glück

Buch-Tipp fir de Summer

Hermann Hesse - Über das Glück

E Buch fir e luesen Dag mat engem Kaffi op enger Terrass, oder einfache nëmme fir eng kleng Paus. D'Buch "Über das Glück" vum Hermann Hesse léisst een e bësse méi lues ginn, an et kritt een Ofstand vum alldeeglechen Tratt. Dëst ass d'Meenung vum Lara Bousch, dat eent vu senge léifste Bicher virstellt.

auto_stories

3 min

"Über das Glück" ass eng Sammlung vu Gedichter a Kuerztexter vum Herrmann Hesse. Mat ganz sënnleche Beschreiwungen transportéiert hien de Lieser an eenzel Glécksmomenter. Heiansdo sinn et Gedichter, iwwer Wolleken, déi donkelblo Faarf vum Oweshimmel oder hie beschreift d'Natur, mat hire Joreszäiten. An déi Beschreiwunge mécht den Herrmann Hesse mat ville charmanten Detailer, déi ee esou gutt kann novollzéien.

"Weisse Wolken

O schau, sie schweben wieder
Wie leise Melodien
Vergessener schöner Lieder
Am blauen Himmel hin!

Kein Herz kann sie verstehen,
Dem nicht auf langer Fahrt
Ein Wissen von allen Wehen
Und Freuden des Wanderns ward.

Ich liebe die Weissen, Losen
Wie Sonne, Meer und Wind,
Weil sie der Heimatlosen
Schwestern und Engel sind."

Dofir eegent sech d'Buch "Über das Glück" och besonnesch gutt fir Zäiten, déi net ëmmer esou glécklech sinn, a wou eng Erënnerung un déi kleng Saachen am Liewe gutt deet. An dëser Sammlung kommen also och perséinlech Andréck vum Hermann Hesse zum Ausdrock. Zum Beispill Kuerztexter iwwer en Owend an engem Grotto am Tessin, oder wéi hie sech virhëlt mat engem Bestëmmungsbuch an de Bësch ze goen an d'Planzen ze studéieren. Et sinn Texter, bei deenen ee sech als Lieser einfach goe léist.

Sommertage im Süden
"Gegen den Abend aber wird es Zeit, irgendwo den See aufzusuchen, ein Stück Sandstrand mit Gehölz dahinter, etwas Schlif und etwas Gras. Der See leckt mit warmer Zunge am abendlich verglühenden Sand, die Angler stehn mit langen ruten träumerisch auf dünnen Waden in den Bachmündungen, die Berge nehmen abendliche Färbungen an, der goldene Abendzauber geht über die Welt, und das Weh im Herzen wird für Stunden süss und wohlschmeckend. Auf den braunen Rücken brennt mir die Sonne, bis sie hinter einem der vielen, allzuvielen Berge vergeht, den hungrigen Leib kühlt mir der gute See, die Füsse der Bach. Wie viel hätte man zu wünschen, und doch eigentlich nichts. Wie traurig ist uns das Leben geworden - und wie dumm wir sind, wenn wir es so traurig nehmen!"

Méi philosophesch sinn Ausschnëtter vu senge Bréiwer a Sammlunge vu Gedanken, wou hie sech freet, wat Gléck ass.

"Nachtwind rauscht in den Wipfeln vor meinem Fenster auf, Mondlicht fällt herein auf den roten Steinboden. Freunde in der Heimat, was macht Ihr? Habt Ihr Blumen in den Händen oder Handgranaten? Lebt ihr noch? Schreibt Ihr liebe Briefe an mich oder wieder Schmähartikel? Liebe Freunde, tut was ihr wollt, aber denkt je und je einen Augenblick daran, wie kurz das Leben ist!"

Et kann ee vun Ufank bis Schluss liesen oder et klappt een iergend eng Säit op a léisst sech iwwerraschen, wou een dann elo gelant ass. D'Onendlechkeet vum Himmel faszinéiert den Herrmann Hesse ganz besonnesch. Sou ass et och verständlech, datt am Buch, "Über das Glück", Themen, ëmmer erëmkommen, wéi déi mächteg Bierger vun den Alpen, déi hien aus senger Kandheet kennt oder seng Sehnsucht nom wäiten Horizont beim Wanderen a beim Fléien.

A wann hien de gehetzte Liewensstil vum moderne Bierger aus dem Joer 1918 kritiséiert, dann huet dëst Buch net vill un Aktualitéit verluer.