Radioen

On air

De Moien  |  Editioun 7h16

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Homo Deus

Danzspektakel

Homo Deus

De Georges Richette an d'Natascha Ipatova vun DanceXperience hunn hir Asbl an de Spektakel Homo Deus, deen nächste Samschdeg an der Rockhal ass, presentéiert.

auto_stories

1 min

De Georges Rischett an d'Natascha Ipatova

Dëse baséiert um Marc Elsberg sengem Roman "Helix" a verbënnt klasseschen an zäitgenësseschen Danz mat Videoelementer an Theater. D'Iddi, d'Choreographie an d'Mise en scène komme vun der Natascha Ipatova an dëse Spektakel, deen d'Asbl DanceXperience all zwee Joer zesumme mat der Rockhal, dem Rocklab an der Stad Esch organiséiert, sammelt Sue fir e gudden Zweck.

An dësem Joer soll esou enger jonker Lëtzebuergerin gehollef ginn, déi a Portugal an enger professioneller Zirkusschoul ass, fir déi Ausbildung awer absolut keng Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg aus kréie kann.

En plus goung am Gespréich iwwer de Gala des Etoiles rieds, deen ufanks Juli nees eng gutt Dose Weltstare vum klasseschen Danz an de Groussen Theater op Lëtzebuerg bréngt.