Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hunter S. Thompson: "Hell's Angels"

Een Thema, Ee Buch

Hunter S. Thompson: "Hell's Angels"

1967 hat den deemools nach onbekannten Hunter S. Thompson mat sengem Buch "Hell's Angels. A Strange and Terrible Saga of the Outlaw Motorcycle Gangs'' seng Carrière als Gonzo-Journalist lancéiert.

auto_stories

9 min

''The Menace is loose again, the Hell's Angels, the hundred-carat headline, running fast and loud on the early morning freeway, low in the saddle, nobody smiles, jamming crazy through trafic and ninety miles an hour down the center stripe, missing by inches ... like Genghis Khan on an iron horse (...)''

Mat engem Artikel an der lénker Wochenzäitschrëft The Nation, de 17. Mee 1965, hat den Hunter S. Thompson op sech opmierksam gemaach. ''Motorcycle Gangs: Losers and Outsiders'' hat deen Text vum deemools 27 Joer jonke Freelance Journalist geheescht. Do koum d'Propos vun engem Editeur, fir dee Sujet op Buchlängt auszebauen a sech dobäi besonnesch op d'Hell's Angels ze konzentréieren.

Ee Joer laang hat sech den Thompson fir seng Recherchë mat där an der Bucht vu San Francisco etabléierter Motogang opgehalen, déi deemools nach net esou bekannt war. Zustane komm war de Kontakt duerch ee fréiere Clubmember, deen an Tëschenzäit Journalist gi war. D'Resultat koum 1967 eraus ënner dem Titel: ''Hell's Angels. A Strange and Terrible Saga of the Outlaw Motorcycle Gangs''.

Eng soziologesch, anthropologesch an historesch Etüd

Dem Hunter Thompson seng Carrière war lancéiert. Inspiréiert hat sech de George Orwell-Veréierer ënner anerem um sougenannte ''New Journalism'', wéi den Tom Wolfe, ee vu sengen eminente Vertrieder, dës Form vu literareschem Journalismus spéiderhi sollt nennen. Erzielt gouf dacks an der éischter Persoun, woubäi weiderhi Wäert op Enquêten a genee Fakte geluecht gouf. Den Thompson huet sech am Laf vun der Zäit ëmmer méi selwer an Zeen gesat a säin eegenen, ganz perséinleche Stil entwéckelt fir net ze soen erfonnt: de Gonzo-Journalismus.

E puer Joer virun de Filmer ''Hell's Angels '69'' a virun allem ''Easy Rider'' (mam Peter Fonda, Dennis Hopper an Jack Nicholson), déi entscheedend dozou bäigedroen hunn, de Mythos vun de Männer op den Harley Davidson ze begrënnen, hat den Hunter S. Thompson de Phenomen auserneegeholl. Säi Buch war wäit méi wéi eng journalistesch Reportage: et war eng soziologesch, anthropologesch an historesch Etüd vun enger Subkultur a vum sozio-politesche Kontext, an där se sech entwéckelt hat, geschriwwen an enger faarweger, deelweis extrem witzeger Sprooch.

Wat war dat iwwerhaapt fir eppes, dëse ''mënschlechen Zoo op Rieder'' mat sengem ''Blutt, Alkohol a Sperma-befleckten Image'', bei deem vill Autosfuerer am léifste géifen ouni Virwarnung d'Steierrad schaarf no lénks schwenken an dës arrogant Skorpiounen zerdrätschen?

Wie waren d'Hell's Angels?

Wie waren déi Typpen, op hire friséierten Harley 74er Motoen, mat hire gréng oder grell-rout gefierfte Bäert, hiren iwwergrousse Sonnebrëller mat orange Glieser, Koffer-Réng an der Nues, Apache-Bandanaen, preisesche Pickelhauben oder Wehrmacht-Helmer op der Bier, mat hiren däitschen eisene Kräizer oder Hakekräizer, mat Moto-Uelech-gebaken Jeans-Boxen an Jeans-Jaquetten ouni Äerm, hiren Tattooen - Mother, Dolly, Hitler, Jack the Ripper, alt erëm Hakekräiz, Dolch, Doudekapp, LSD, Love, Rape -, an hir Hell's Angels Ofzeechen?

D'Hell's Angels, déi et iwwregens och haut nach gëtt, waren deemools schonn eng Zort informell Asbl., mat hiren nawell strenge Reegelen, hirer interner Hierarchie an hirer codifizéierter Club-Kultur. De Phenomen vun de Motobande war nom Zweete Weltkrich a Kalifornien opkomm - well do d'Wieder de Gros vum Joer iwwer schéin ass - als Zesummeschloss vu Krichsveteranen, déi keng Loscht haten op ee gereegelt Liewen. Duerno sollten aner Jonker aus der Aarbechterklass dobäistoussen, déi vum Liewen net vill ze erwaarden haten. Een dovunner, de Ralph Barger, genannt Sonny, war Mëtt de 60er Joren, an der Zäit wéi den Thompson sech do opgehalen hat, de President vun den Hell's Angels-Sectioune vun Oakland a San Francisco, där hiren, Thompson-Zitat: ''Maximum Leader''.

A senger Autobiographie, déi am Joer 2000 verëffentlecht gouf, beschreift de Barger, wéi hie sech als 16-Joer ale Bouf vun Oakland, nodeems hien e puermol wéinst Kläppereien aus der Schoul geflu war, illegal bei der Arméi gemellt hat, well hie keng Loscht hat op een normalen Job. Wéi hien aus der Arméi entlooss gi war, gouf de Barger ee klengen Delinquent an hat misste seng éischt Prisongsstrofe ofsëtzen. An de sëlleche Motorrad-Gangs hat hien dunn déi Disziplin a Komerodschaft erëmfonnt, déi him zanter der Arméi gefeelt haten.

Hell's Angels hunn ëmmer Recht

"The Wild One", ee Film vun 1953 mam Marlon Brando a Lee Marvin, hat de Phenomen vun de Hors-la-loien op Rieder opgegraff an deenen nees eng wichteg Inspiratiounsquell gebuede fir hir eegen Identitéit ze festegen. Satan's Slaves, Gypsy Jokers, Comancheros, Presidents: Dat sinn nëmmen e puer Nimm vun deene Banden, déi an de 60er Joren op de kalifornesche Stroossen an doriwwer eraus ënnerwee waren. Wéi den Hunter S. Thompson schreift, waren d'Hell's Angels just déi Extreemst.

Bei deene gouf et eng ganz einfach Fauschtreegel: an engem Sträit huet en Hell's Angel-Kolleeg ëmmer Recht. Wie mat engem Hell's Angel net averstanen ass, huet Onrecht. An Onrecht wëllen ze behalen, kënnt enger Erausfuerderung gläich. ''All on One and One on All'', sou heescht de Prinzip. Wie mengt sech musse mat engem unzeleeën, huet si herno all um Bockel.

''When you get in an argument with a group of outlaw motorcyclists, your chances of emerging unmaimed depend on the heavy-handed allies you can muster in the time it takes to smash a beer bottle. In this league, sportsmanship is for old liberals and young fools.''

Géint den Establishment, Politik a Police

Dem Establishment, der Politik an der Police ware si en Dar am A. De Problem: wat kann een engem Grupp vu Motorradsfuerer, déi zu Dosenden op der Strooss ënnerwee sinn, scho virwerfen? Gëtt eng Uertschaft vun hinnen, wéi et heescht, reegelrecht ënnerworf, oder fuere si do einfach nëmmen d'Haaptstrooss op an of a maache Kaméidi an enger Bar, woumat si déi verschidde lokal Sensibilitéite stéieren? Den Hunter S. Thompson geet op all d'Phantasien an, déi d'Hell's Angels mat hirem anti-konformisteschen Optrieden an der Ëffentlechkeet alimentéiert hunn, a Bezuch op Drogenhandel a soss kriminellt Verhalen. Opgrond vu sengen Observatiounen a Recherchen trennt hien tëschent deem, wat wierklech stëmmt an deem, wat - senger Meenung no - einfach nëmmen erfonnt ass.

Een Tëschefall sollt fir besonnesch vill Opmierksamkeet suergen an den Hell's Angels eng onverhoffte Prominenz ginn: de Fall vun zwee jonke Meedercher, déi Membere vun der Band beschëllegt haten, si während engem Motos-Rassemblement zu Monterey gruppevergewaltegt ze hunn. D'Uschëllegunge waren, dem Thompson no, kuerz drop aus Manktem u Beweiser fale gelooss ginn. Dat hat d'Medien a verschidde Politiker net dovun ofgehalen, weider op där Well ze reiden a sech un der Schlagzeil "HELL'S ANGELS GANG RAPE'' opzegäilen. Eng Partie Feministinnen haten dem Thompson deemools d'Aart a Weis, wéi hien deen Tëschefall behandelt hat, virgehäit.

De Sprong an d'Ëffentlechkeet

Dem Hunter S. Thompson no war den Tëschefall vu Monterey ee Publicity-Duerchbroch an der Gréisstenuerdnung vun de Beatles oder dem Bob Dylan. Fräimaurer, mat deenen een Hell's Angel säi Club an engem Interview verglach hat, hätte keng esou Reklamm kritt zanter dem 18. Joerhonnert, wéi de Casanova duerch d'Fënstere geklomme war fir de schlechte Ruff vun der Brudderschaft gesuergt hat. Virun allem d'Press kritt hiert Fett of:

''If the 'Hell's Angels Saga' proved any one thing, it was the awesome power of the New York press establishment. The Hell's Angels as they exist today were virtually created by Time, Newsweek an The New York Times.''

Een Dag waren d'Hell's Angels eng Band vu Clocharden, déi all eenzel Dollar hu missten zesummekrazen. 24 Stonne drop hate si mat Reporter, Fotografen, Freelance Journalisten a soss Showbiz-Magouilleuren ze dinn, mat deenen si iwwer dat grousst Geld verhandelt hunn. Wéi si sech bis hirer Wierkung an der Ëffentlechkeet bewosst waren, gouf d'Enn vun enger Ära agelaut, sou dem Thompson säi Fazit.

Ugespaante Situatiounen

Ee gudden Deel vu sengem Buch beschäftegt sech mat engem Motos-Rassemblement am Summer 1965 zu Bass Lake, engem Touriste-Ressort un engem Séi net wäit ewech vum Yosemite National Park. Alles wat mat motoriséierte Gefierer op zwee Rieder ënnerwee war hat an Tëschenzäit esou e schlechte Ruff, datt d'Angscht virun deem Evenement grouss war: d'Police war massiv mobiliséiert ginn, d'Awunner hate sech op eng physesch Ausenanersetzung virbereet, d'Touriste sinn an d'Uertschaft gestréimt fir näischt vum Spektakel vun de motoriséierten Horden ze verpassen, op dat d'Press d'Gemidder schonn Deeg am viraus agestëmmt hat; an den Hunter Thompson matzen dran!

''The noise was like a landslide, or a wing of bombers passing over. Even knowing the Angels, I couldn't quite handle what I was seeing. It was like Genghis Khan, Morgan's Raiders, The Wild One and the Rape of Nanking all at once. (...) If I had been a citizen of Bass Lake at the time I would have gone home and loaded every gun I owned.''

Den Thompson beschreift op eng hilarant Manéier, wéi déi lokal Autoritéite versicht hunn, de Cortège vun honnerte Motosfuerer esou ze kanaliséieren, datt si keng Gefor fir iergendee géifen duerstellen. D'Situatioun war wéi et schéngt esou ugespaant, datt dee klengste Fonken eng Explosioun hätt kéinte provozéieren.

Zu allem Iwwerfloss koum et dunn zu deem, wat den Thompson als ''d'Béier-Kris'' bezeechent: d'Hells Angels haten näischt méi ze drénken. A well den Thompson selwer, als grousse Béier-Amateur - eegener Ausso no - kee Bock drop hat, de Rescht vum Weekend ënner der gliddeger Sonn ze erdiischteren, a souwisou an den Ae vun der lokaler Populatioun als e Member vun den Hell's Angels ugesi gouf, hat eise Gonzo-Journalist sech a säin Auto zur Verfügung gestallt, fir déi néideg Cageoten ze besuergen. Hie selwer war sech net méi sécher, ob hien nach en neutrale Reporter war oder scho vun den Outlaws absorbéiert.

Eng faschistesch Opfaassung

Mëtt de 60er Jore waren d'Hell's Angels aus dem sozialen, intellektuellen a politesche Liewe vun Nord-Kalifornien net méi ewech ze denken, schreift den Hunter S. Thompson. Während enger Rei Méint hate bekannte Vertrieder aus der Hippie-Géigekultur - wéi Allen Ginsberg oder Ken Kesey, mat hinne sympathiséiert, mat hinnen Droge geholl, si als Deel vun der Protestbeweegung ugesinn. De Schock war ëmsou méi grouss, wéi d'Hell's Angels während enger Manif géint de Vietnam-Krich op d'Studenten ageschloen hunn, zesumme mat der Police.

Fir all déi, déi si wierklech kannt haten, war dat - dem Thompson no - am Fong komplett logesch. Den Angels hir kollektiv Opfaassung wier ëmmer faschistesch gewiescht. Wa si mat hiren Hakekräizer wierklech nëmmen hätte wéilte provozéieren, dann hätten si mat Hummer a Sichel fir vill méi Ophiewes gesuergt. Den Hell's Angels hire rigiden Antikommunismus a retrograde Patriotismus wier deeselwechte wéi dee vun der ultrakonservativer John Birch Society, dem Ku-Klux-Klan an der amerikanescher Nazi-Partei.

Näischt ze verléieren

Den Hunter Thompson huet si als eng Band vu Losere beschriwwen, déi näischt méi ze verléieren hunn a sech zesummegedoen hunn, fir hir sozial Vendetta am beschte kënnen ze vollzéien. A sengen Ae waren d'Hell's Angels ee Prototyp, d'Virreider vun enger Well, duerch déi de Respekt virun den Autoritéiten ëmmer méi géif ofhuelen.

Ee Joer laang hat den Thompson d'Motogang intensiv begleet, éier hie sech lues a lues vun hinnen distanzéiert hat - net eleng doduerch, datt hie vun enger Handvoll Angels zesummegeschloe gi war. Um Hunter S. Thompson sengem Buch haten déi Responsabel vun der Gang awer näischt auszesetzen.