AutorInne-Lies Ian De Toffoli

Hien ass en avertéierte Kenner vun der Lëtzebuerger Literatur, Literaturwëssenschaftler, Kritiker an Editeur, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Editeuren an awer och Roman- an Theaterauteur. Rieds ass vum Ian De Toffoli an d'Valerija Berdi huet mat him iwwer d'Bedeitung vun der Literatur, dem Ian De Toffoli säi Bezuch zu der anticker Literatur an dem aktuelle Literaturbetrib geschwat an dat am Kader vun eiser Serie Autorinnen- an Auteure-Lies.

Ian De Toffoli

Méi zum Thema

Jean Back
Autorinne-Lies

De Sënn fir d'Observatioun huet de Schrëftsteller Jean Back iwwer d'Fotografie geléiert. Ob Literatur oder Liewen: all d'Spuere féieren op Diddeleng bei de Jean Back an de Gaart.

Anja Di Bartolomeo a Charles Meder
Autorinne-Lies

D'Anja Di Bartolomeo an de Charles Meder sinn an de leschte Jore mat hire Publikatiounen opgefall. Déi zwee Auteuren hunn awer ganz ënnerschiddlech Vuen a Manéieren un d'Literatur erunzegoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen