Radioen

On air

De Weekend  |  Kings Of Leon - King Of The Rodeo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ahmed Albascheer: Humor als Therapie

Irak

Ahmed Albascheer: Humor als Therapie

A senger eegener Late-Night-Show beschäftegt sech den irakesche Komiker Ahmed Albasheer mat der politescher a reliéiser Landschaft a sengem Heemechtsland. Dat ass mat ville Gefor verbonnen a regelméisseg kritt de jonken Iraker Morddreeungen. Dofir muss hie seng Sendung an der jordanescher Haaptstad Amman produzéieren.

auto_stories

6 min

De Comedian Ahmed Albasheer

Den 32 Joer alen Ahmed Albasheer huet seng Sendung "The Albasheer Show" an d'Liewe geruff, nodeems hie scho verschidden Tëleessendere produzéiert hat, mee do net soe konnt, wat hie wollt. A senger eegener Sendung huet sech dat geännert an den Ahmed behandelt do déi Themen, déi hie wëll. Dat géif hie sou erfollegräich maachen an et géif d'Show eenzegaarteg maachen, seet hien. Allerdéngs kréien hien a seng Equipe dowéinst awer och finanziell Problemer: si sinn nämlech kenger Partei ënnerstallt.

"Mee mir wëllen dat sou. D'Sendung ass fräi. Dat ass firwat d'Mënsche se gären hunn. Well mir soen, wat sech soss keen traut."

Déi Fräiheet, déi hie sech a senger Sendung hëlt, bedeit awer och eng Gefor fir dem Ahmed Liewen. Schonn dacks kruten hien oder seng Mataarbechter Morddreeungen. Dat ass fir den Ahmed Albasheer awer net sou schlëmm. Liewe vun all Iraker wier zënter 2003 net méi sécher an et dierft een net drun denken an einfach weider maachen, seet hien.

Déi Dreeunge géife weisen, datt een eppes mat der Sendung erreecht hätt an een Effekt ausgeléist hätt. Den Iraker hëlt kee Blat virun de Mond a mécht souwuel de Geck iwwert d'irakesch Politik, wéi och iwwert d'Relioun oder d'Terrormiliz Islamesche Staat. Wéinst de Geforen, deenen hien ausgesat ass, kann den Ahmed Albasheer seng Show allerdéngs elo net méi am Irak produzéieren. Hien d'jordanesch Haaptstad Amman geflücht.

Schrecklech Evenementer an Humor ëmwandelen

Den Ahmed a seng Crew sinn all Dag a Gefor. Dofir muss déi geneeë Lag vum Appartement, an deem si schaffen, och geheim bleiwen. D'Aarbecht déi si maachen, géife si awer gär maachen, seet den Ahmed. All Mataarbechter hätt schlëmm Saachen erlieft, an an der Sendung hätt een d'Méiglechkeet, d'Erliefnesser ze verschaffen an eppes ze veränneren. D'Mënsche géife leiden an dofir déi schrecklech Evenementer an Humor ëmwandelen, fir datt aner Leit driwwer laache kënnen.

"D’Menschen déi an der Sendung schaffen an d'Mënschen, déi d’Sendung kucken, hunn déi selwecht Problemer. Se hunn alleguer Frënn, en Haus oder d'Aarbecht verluer."

25 Leit schaffe mat him un der Sendung. Déi meescht vun hinne sinn aus dem Irak bis a Jordanien geflücht. Seng Ekipp wier ganz verschidden an trotz den ënnerschiddlechen Iddien a Relioune wier d'Zesummenaarbecht gutt. Eppes, dat hie sech och fir den Irak géif wënschen. D'Noriicht, déi si vermëttele wéilte wier, datt wa si all zesumme schaffen, da kéinte si eppes erreechen.

Jugend zum kriteschen Denken ureegen

Am Irak leeft dem Ahmed seng Show net um Fernseh. Do fënnt sech kee Sender, deen dee Risiko agoe well. D'Sendung leeft den Ament beim arabesche Kanal vum däitschen Auslandsrundfunk "Deutsche Welle" a beim arabesche Sender "NRT Arabia". De gréissten Erfolleg hätt d’Late Night Show awer op Youtube op där iwwert eng Millioun Zuschauer d'Sendung reegelméisseg kucke géifen, sou den Ahmed. Dee gréissten Erfolleg wier bei der Zilgrupp vun den 18 bis 34-Jähregen. Et wéilt ee probéieren, d'Jugend dozou ze bréngen, d'Situatioun am Irak ze hannerfroen. Dat bescht wat ee maache kéint, wier hinnen ze weisen, datt een alles hannerfroe soll, ier ee wiele geet.

Déi meescht Jonk am Irak géife keng Noriichte kucken, bedauert den Ahmed. Mat sou enger Sendung wéi senger, géif een déi Jonk natierlech uschwätzen an et kéint een d'News witzeg verpaken, fir z'informéieren. Ob d'Show een Impakt op d'Meenung vun de Jonken hätt, géif sech am September 2018 erausstellen, wann déi nächst Wahlen am Irak ustinn.

Journalist, ee geféierlechen Job am Irak

Éier den Ahmed 2012 a Jordanien gaangen ass, war hie Journalist am Irak. Dat wier a sengem Heemechtsland awer ganz geféierlech, seet hien. Wann een als Journalist ufänke géif ze schaffen, misst ee scho "säin Doudesschäin ausfëllen a just den Datum fräiloossen". Et géif een ni wëssen, ob een den Dag iwwerliewe géif. Den Ahmed Albasher selwer hätt scho vill matgemaach, a méi wéi eng Kéier wier hien nëmme knapp dem Doud entgaangen, erzielt hien.

"Et war ganz geféierlech. Ech gouf bedreet, hat eng Bomm a mengen Auto. Ech gouf vun engem amerikanesche Sniper getraff, ech gouf duerch e Selbstmordattentäter verletzt a gouf entféiert. Ech gouf och vun der irakescher Police an Arméi arrêtéiert. 10 oder 15 Mol, genee weess ech dat awer net méi."

Pressefräiheet wier eppes wat et am Irak eigentlech net géif ginn. D'Regierung géif zwar d'Illusioun oprecht erhalen, datt ee schreiwe kéint wat ee wëll, mee d'Gefor datt e bedreet oder ugegraff gëtt, wier ganz grouss. D'Pressefräiheet géif also nëmmen an der Theorie existéieren a jiddereen deen am Irak seng Meenung géif soen, wier a Gefor, sou den Ahmed.

Tabu-Themen

Nodeems hie Familljememberen, Frënn a Nopere verluer hätt, hätt den irakesche Komiker eppes a sengem Liewe missen änneren. Hien hätt souguer Suicide-Gedanke gehat, seet hien. Grad dowéinst hätt hien d'Albasheer Show an d'Liewe geruff.

Seng Sendung an den Humor wiere wichteg fir hien, hie gesäit se als "eng Aart vun Therapie". Bei him hätt et gehollef an hie géif hoffen, op déi Aart a Weis och aneren Iraker duerch schwéier Zäiten ze hëllefen. Hie wéilt mat senger Show probéieren, de Leit ze weisen, datt een iwwert Saache schwätze muss, an datt et wichteg wier, d'Tabuen z'iwwerwannen. Virun allem d'Relioun, d'Politik a Sex wieren am mëttleren Oste staark tabuiséiert, seet den Ahmed Albasheer. Et wieren dräi Themen, iwwert déi am mëttleren Oste kee schwätze wéilt. Gläichzäiteg géifen se d'Liewen awer kontrolléieren.

Nees an der Heemecht kënne produzéieren

Säin Zil wier et, ze hëllefen e fräien a liberalen Irak ze schafen. Et wier nach e wäite Wee, mee wann een et hikréie géif, da kéint säi Land e Beispill fir déi aner Staaten am mëttleren Oste sinn – dovun ass den Ahmed Albascheer. Säin Dram wier et, an den Irak zeréck ze goen an do seng Sendung ze produzéieren. Een Dram, dee sech den Ament nach net géif realiséiere loossen, well hien da géif arrêtéiert oder esouguer ëmbruecht ginn.

"Et ass offiziell. Géif ech elo an den Irak zréckgoen, wier ech den Dag drop dout. Ech hoffen, datt ech meng Show iergendwann am Irak maache kann, awer mat de selwechte Fräiheeten. Da kéinte meng Mataarbechter och ouni Angscht liewen. Mee ech weess, datt dat am Moment nach net geet. Lo géife meng Famill a meng Equip verletzt ginn."

Am Moment muss hien also zu Amman bleiwen an do seng Sendung weider dréinen. Donieft huet hien och elo ugefaangen, mat engem Stand-Up-Programm op Englesch opzetrieden. Hie wéilt domat de Mënschen an Europa d'Situatioun am Irak erklären. Mat sengem Programm war hien och schonn zu Lëtzebuerg an der Abtei Neimënster.