Nach bis de 27. Januar ass dem Milo Rau seng Ausstellung "Europe Trilogy" an der Abtei ze gesinn. Eng Videoperformance, an där aacht Acteuren hir perséinlechst Geschichten erzielen: Krich, Flucht, d'Identitéit an d'Memoire vun Europa stinn hei am Mëttelpunkt.
"Es geht im Grunde auch gar nicht um Flüchtlinge, es ist nur ein Teil dieser ganzen Geschichte, es geht um die Liebe zu den Eltern, es geht um Dinge, die haben mit Flucht gar nichts zu tun", seet de Milo Rau.
Bis elo huet de Milo Rau iwwer 50 Theaterstécker, Filmer, Bicher an Ausstellunge realiséiert. Et ass ëmmer eng Ausenanersetzung mat der aktueller Realitéit, déi an eiser Mediewelt entweder just kuerz oder net prioritär thematiséiert gëtt.
Eng Ausernanersetzung mam Mënsch, sengen Doten a sengem Leed
De Milo Rau ass grad aus dem Irak zréck. Säin neit Theaterstéck behandelt d'Schluecht ëm Mossul: "Kaum ist die Schlacht vorbei, auch wenn es da noch ISIS-Leute gibt, auch wenn noch täglich Autobomben hochgehen, auch wenn die neuen Shia-Milizen teilweise auch nicht viel besser sind, verschwindet das aus den Medien und kein Schwein interessiert sich mehr dafür."
De Milo Rau interesséiert sech. Net just fir Mossul, mee fir all Form vu Gewalt géint Mënschen. Iwwerall do, wou d'Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn, ass de Milo Rau op der Plaz fir en neie Film, en Theaterstéck: "Meine Beobachtung war und ist, dass wir eine globale Wirtschaft haben, aber keine globale Demokratie und das ist vielleicht das Grundproblem unserer Zeit."
Ruanda, Kongo, Russland an elo Iran, awer och d'Fäll Dutreux a Breivik hunn eng Plaz am Milo Rau senger Konscht. Et ass ëmmer eng Ausenanersetzung mam Mënsch - sengen Doten a sengem Leed. "Es sind Stücke auch, wo es bei mir ein bisschen um die Kraft des Theaters geht oder um die Frage, wie man eigentlich diese Dinge zur Darstellung bringt", esou nach de Milo Rau.