Radioen

On air

Notturno  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kenah Cusanit - Babel

Buchkritik

Kenah Cusanit - Babel

"Babel", esou heescht den Debutroman vum Kenah Cusanit. E war ënner den Nominéierte fir de Präis vun der Leipziger Buchmesse. D'Christine Mandy mat engem Liesandrock.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / rasoul ali & Hanser-Literaturverlage

D'Ischtar-Paart vu Babylon, déi am 6. Joerhonnert viru Christus gebaut gouf, ass haut am Pergamon-Musée zu Berlin ze bewonneren. De Robert Koldewey huet dat leider net méi dierfe materliewen.

Den däitschen Architekt an Archeolog huet tëschent 1899 an 1917 grouss Deeler vu Babylon am haitegen Irak ausgegruewen. Et ass seng Persoun, déi d'Kenah Cusanit a "Babel" an de Mëttelpunkt stellt, nieft engem bestëmmten Dag vun den Ausgruewungen am Joer 1913.

Eng Ausgruewung, déi sech am Text erëmspiggelt

Dësen Dag gëtt net just chronologesch beschriwwen. Historesch Hannergrondinformatiounen an theoretesch Iwwerleeungen ënnerbriechen d'Handlung. Sou gläicht den Opbau vum Text selwer enger archeologescher Ausgruewung: De Lieser stéisst op eenzel Fakten an Anekdoten a muss se um Enn zesummesetzen - wéi déi blo Zille vun der Ischtar-Paart.

Stéck fir Stéck kënnt ee bei der Lektür dem Koldewey sengen Eegenaarten op d'Spuer. Bréif fir Bréif entdeckt ee seng Korrespondenzen. Argument fir Argument gëtt dem Friedrich Delitzsch seng Positioun am sougenannte Bibel-Babel-Sträit beliicht:

"Delitzsch listete alle Stellen des Alten Testaments auf, die vorbiblischen Ursprungs waren und von denen die Bibel und unser religiöses Denken bereinigt werden müssten, da diese Stellen historisch und damit von Menschen gemacht und damit nicht göttlich seien, sondern wissenschaftlich belegt. Und die Bibel dürfe doch nicht wissenschaftlich belegbar sein. Es kam Koldewey vor, als wolle Delitzsch die Bibel unüberprüfbar machen, indem er sie einer wissenschaftlichen Überprüfung unterzog, als wolle er sie objektiv machen wie einen wissenschaftlichen Fakt, indem er alle geschichtlich korrumpierten Stellen herausstrich. Denn das tue der Wissenschaftler, er schreite voran, indem er Anomalien entdecke und eliminiere.

Das war der Augenblick, in dem Koldewey die Bleistiftspitze abbrach. Aber er antwortete nichts und dachte, dass Delitzsch vielmehr voranschritt, indem er Anomalien eliminierte."

An dësem Passage stécht den Humor an d'A. Ouni deen Humor géing se plazeweis e wéineg stëbsen, d'Geschicht ronderëm de Viischten Orient.

Et feelt eppes

Et wierkt mat Momenter forcéiert, wéi all dat Wëssen, dat bei de Recherchen zesummegedroe gouf, an d'Wierk integréiert gëtt, an d'Suergfalt am Ëmgank mat de Fakte spigelt sech net ëmmer an der Literazitéit an am sproochlechen Ausformuléieren erëm. Aner Kenntnisser gi beim Lieser einfach virausgesat. Wat nëtzlech gewiescht wier, wier e klenge Glossaire oder Persouneregëster, deen als Orientéierung gedéngt hätt.

D'Handlung vu "Babel" gëtt e wéineg ze dacks ausgebremst. Sou ass a bleift et eng fakten- a léierräich Lektüre, déi just dee Moment, wou d'Spannung sech opbaut, wou den Héichpunkt erreecht ass, wou eng interessant Figurekonstellatioun an d'Spill kënnt, abrupt op en Enn geet.