D'Fotografe si lass. Sou ass dat an der Stad, jo am Fong am Grand-Duché, wann EMOP-Vernissagë sinn, den EMOP-Präis iwwerreecht gëtt, EMOP-Diskussiounsronne fir Interesséierter an déi national an international Fotografen, déi beim EMOP ausstellen, um Programm stinn. Mëttlerweil gëtt et eng agedroen EMOP-Associatioun an hire Siège ass zu Lëtzebuerg.
Dat bedeit, datt d'Memberen aus aacht europäesche Stied sech reegelméisseg hei treffen, fir sech iwwer den nächsten Ausstellungsmotto oder nei fotografesch Talenter auszetauschen. Responsabel fir den EMOP zu Lëtzebuerg, kuerz EMOPLUX, ass d'Café-Crème-ASBL, also ënner anerem de Konschthistoriker a Fotosexpert Paul Di Felice.
Gesellschaftskritesch Sujeten
An de leschten Editioune war den EMOP dacks gesellschaftskritesch ugehaucht: Ee Sujet war beispillsweis wéi d'Geschicht, eise Passé, an der Educatioun, duerch d'Billerflut vermëttelt gëtt. Bodyfictions, also Fiktiounen déi de Kierper zielt, respektiv ausdréckt, schéngt op den éischte Bléck méi konschthistoresch, en Zeréckbesënnen op en alleréischten, éiwege Sujet.
Mee an Zäite vu Selfies a sozialen Netzwierker, wou d'Mënsche versiche sech maximal ze schützen, fir dann op der anerer Säit lauter Intimitéiten ze posten, wou Transhumanismus aktuell ass, kritt Bodyfictions eng zimlech politesch Nott.