Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Asgeir - King And The Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kino zu Lëtzebuerg - Eng Success-Story?

Kinosgeschicht

Kino zu Lëtzebuerg - Eng Success-Story?

Am Kader vum Lëtzebuerger Filmfestival hunn d'Zäitzeien a fréier "Utopisten" Joy Hoffmann an Nico Simon an den Historiker an Auteur Yves Steichen am Riicht eraus iwwert d'Buch "Utopia: Une passion pour le septième art", dat d'Entwécklung an d'Erfollegsgeschicht Lëtzebuerger Kino retracéiert, geschwat.

auto_stories

4 min

D'Buch "Utopia: une passion pour le septième art" erzielt d'Geschicht vum "Ciné-Club 80" bis zu der "Utopia S.A.". Fir den Auteur Yves Steichen war d'Sich no engem Thema fir seng Masteraarbecht 2011 den Ulooss, fir mat de Recherchen an Interviewe fir d'Buch unzefänken. D'Buch ass eng rezent Zäitgeschicht. Et ass chronologesch vun de 1960er Jore bis haut opgebaut – mat Aussoe vun Zäitzeien, déi nach all liewen.

Den Joy Hoffmann an den Nico Simon sinn der Zwee dovun. Si hu sech alle béid scho fréi fir de Kino interesséiert. D'Freed um Organiséieren a Plangen war d'Basis vun hirem spéideren Engagement am Ciné-Club. Eng Passioun, déi sech an der Scouten-Zäit entwéckelt huet an duerno am Jugendhaus um Lampertsbierg weidergefouert ginn ass.

Kommerzielle Kino net méi schlecht

Fir den Nico Simon ass et ëm 1968, wéi si mam Ciné-Club ugefaangen hunn, keen Ënnerscheed tëschent sougenanntem "Art et Essai"-Kino an dem kommerzielle Kino ginn. Dat wier fir hien haut nach ëmmer net anescht. "Ech soen och haut nach am Utopia lafe grad souvill schlecht Filmer wéi am Utopolis. Et gëtt gutt Filmer an et gëtt schlecht Filmer an d'Trennung vu Popcorn-Kino oder Net-Popcorn-Kino. Dat ass extrem diskutabel an huet fir mech ni sou eng grouss Roll gespillt."

Fir den Historiker war déi flottsten Zäit deen Ablack, wéi den Utopia no 1989 fënnef Säll hat – bis 1996, bis den Utopolis do war. Déi Zäit also, während där am Utopia all Filmer gelaf sinn."

D'Ënnerstëtzung vu fréier feelt haut

Iwwert all déi Jore wier et och vun der Stad Lëtzebuerg vill Ënnerstëtzung ginn. Dat war dem Joy Hoffmann no fir e kulturpolitesche Kontext immens wichtegt. "Wanns du ënnerstëtzt gi bass – dat heescht du hues e Projet presentéiert – da krus du déi Ënnerstëtzung. Sief dat Suen oder aner Saachen. An da war et deng Responsabilitéit, dat z'organiséiere wéis du et wollts."

Et hätt deemools keng direkt Interventioun um Terrain vun engem Kulturministère ginn, esou den Nico Simon. Fir den Joy Hoffmann feelt dee Soutien. D'Ënnerstëtzung vun deemools hätte si och haut nach fir déi regional Kinoe gebraucht. Dat wier leider net méi wéi fréier.

De 15. Dezember 1983 hat den Utopia seng Dieren opgemaach. Aus dem Ciné-Club ass dunn eng Societéit mat de selwechte Leit aus dem Club ginn. Vun der BIL hätte si deemools Suen zur Verfügung gestallt kritt fir de Projet vun engem Reseau vu regionale Kinoen ze realiséieren.

Den Utopia sollt am Fong de "Fer de lance" vun deem Ganze sinn, erënnert sech den Nico Simon. "Well mir eis geduecht hunn, do kënne mir eventuell e puer Su verdéngen an domadder dee ganze Reseau hikréien. Dat funktionéiert och nach bis haut, ausser datt den Utopia haut net méi dran ass."

Kee Kino an enger Galerie

Den Utopolis war dem Nico Simon no als Zuchpäerd fir d'Entwécklung vum Kierchbierger Quartier geduecht. Dat wier och am Interêt vum Ciné-Club gewiescht. Just d'Ausgangsiddi, de Kino an den Auchan z'integréieren, dat wollt hien net.

"Do hu mir dunn alles gemaach, fir dass dat näischt soll ginn. Ech wollt op kee Fall, datt mir ee Kino an engem Keller ginn, wou Owes alles däischter ass." Hie wollt eng Galerie an engem Kino an net e Kino an enger Galerie, betount den Nico Simon.

Positiv Zukunft

Mat der Reprise duerch de Grupp "Kinépolis" ass d'Success-Story vum "Utopia Group" ofgeschloss ginn. Den Nico Simon gesäit d'Zukunft vum Kino awer positiv a seet, et wieren europawäit nach ni esou vill Leit an de Kino gaange wéi elo. Déi gréisste Challenge fir de Kino si fir hien net alternativ Technologië wéi déi sougenannten "Home Cinemas", mee déi permanent Entwécklung, déi ee forcéiert op engem héijen Niveau vun den Technologien ze bleiwen. "Dir kacht och doheem e Büfdeck. Mee d'Leit ginn awer an de Restaurant ee Büfdeck iessen, do kréie si dat selwecht zerwéiert. Heiansdo besser." Esou wier et mam Kino och."

Den Auteur vum Buch, den Yves Steichen, schléisst net aus nach e Buch iwwert d'Lëtzebuerger Filmgeschicht ze schreiwen. Den Ament schafft hien un enger Biographie iwwert den Thierry Van Werweke. Mee besonnesch d'Kino- a Produktiounsgeschicht aus den 1980er Jore fënnt hien eng wichteg an interessant Epoch.