Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konschtpräis oder Trouschtpräis?

Bildend Konscht

Konschtpräis oder Trouschtpräis?

Zu Lëtzebuerg ginn et aacht verschidde Konschtpräisser. Zum Deel mat substanzielle Geldpräisser. Ass dat en Zeeche vun enger feelender Gouvernance am Kulturmilieu, oder éischter eent vun enger lieweger Konschtzeen?

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg gëtt et keen offizielle Konschtpräis vun der Regierung. Et sinn iwwert déi lescht Joren awer verschidde Forme vun Auszeechnungen an der bildender Konscht zu Lëtzebuerg entstanen. Dacks verbonne mat substantielle Geldpräisser.

De Klassiker ass de Prix Grand Duc Adolphe, dee mat 5.000 Euro Präisgeld am Kader vum Salon vum Cercle Artistique vergi gëtt. Beim Hierschtsalon kommen ofwiesselnd de Prix Pierre Werner an de Prix Révélation derbäi. Déi sinn all Kéiers mat 2.500 Euro dotéiert. Dës Zomme schéngen awer geréng, am Verglach mat de 25.000 Euro vum Luxembourg Art Prize. Dee gëtt vum Privatgalerist a Sammler Hervé Lancelin ausgeschriwwen.

Complementaritéit vu Präisser an Institutiounen

Et geet awer net nëmmen ëm Suen. Verschidde rezent Konschtpräisser bestinn ënnert der Form vu Kënschtlerresidenzen, zum Beispill zu New York. Oder ënnert der hybrider Form vun engem Geldpräis, deen un eng Ausstellung an eng Katalogproduktioun gekoppelt ass.

Mëttlerweil weisen a produzéiere vill Institutiounen zu Lëtzebuerg Géigewaartskonscht. Dobäi muss ee sech, genee wéi bei den aacht Konschtpräisser, d'Fro stellen, a wéi wäit si complementaire sinn, respektiv a Konkurrenz zouenee stinn? Net onbedéngt an engem Sënn vu Prestige oder Renommée. Mä d'Zuel vun de Kënschtler, déi zu Lëtzebuerg den Niveau fir dës Zort Auszeechnungen erreechen, ass einfach begrenzt. Dat ënnersträicht de Marc Scozzai. Hien organiséiert nieft dem LEAP Konschtpräis och d'Triennale de la jeune création an de Rotonden.

Hëllef iwwer d'Präisgeld eraus?

De Focuna huet viru Kuerzem déi éischte Bourse Bert Theis verginn. 15.000 Euro gi vun engem Privatmäzen gespent. Si solle ganz spezifesch fir Produktiounskäschte bei gréissere Projete verdeelt ginn. Zu Lëtzebuerg hätt sech e gewësse Circuit opgebaut, bei deem déi verschidden Etappen als selbstverständlech ugesi ginn, bedauert de Jo Kox vum Focuna. Vill jonk Kënschtler géifen de wierkleche Schrëtt zu enger Professionaliséierung, wéi se am Ausland üblech ass, net maachen. Dat géif och dorunner leien, datt et zu Lëtzebuerg keng Galerie géif ginn, déi Lëtzebuerger Kënschtler an deem Sënn hëllefe kéint.

D'Françoise Poos, Presidentin vum Edward Steichen Award, fuerdert am Kontext vun der Multiplikatioun vun de verschiddene Präisser, datt ee sech misst iwwerleeën, wie genee fir wat zoustänneg ass. A wéi een, iwwer d'Auszeechnungen eraus, de Kënschtler an hirer Professionaliséierung hëllefe misst.

D'Iddi, datt ee strukturell a logistesch Hëllef bidde soll, deelt de Marc Hostert vum Cercle Artistique de Luxembourg. Den Hervé Lancelin betount, datt säi private Konschtpräis eigentlech eng international Vernetzung, och vu Lëtzebuergesche Kënschtler, als Zil huet.