Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - My Dear One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kosmesch Kartografinne maachen eng Zäit- a Weltrees

Mappamundi vum Bady Minck

Kosmesch Kartografinne maachen eng Zäit- a Weltrees

Um Luxembourg City Film Festival gouf der Lëtzebuerger Cineastin Bady Minck hiren neie Film virgestallt. "Mappamundi" ass eng Science-Doku-Fiktioun, an hëlt de Publikum mat op Rees eng vun enger Milliard Joren, ëm d'Welt an duerch de Kosmos.

auto_stories

2 min

Mappa Mundi © Amour Fou

Kosmesch Kartografinne géifen an hirem Raumschëff duerch de Weltall fléien, fir Planéiten ze moossen, seet d'Bady Minck iwwer hiren neie Film. "Si sinn awer enttäuscht vun deenen éischten Exemplairen."

Op engem bloe Planéit gesi si, wéi grad ee Kontinentaldrift am gaangen ass, bei deem d'Äerdplacke sech verschieben. "Mir erliewen an enger Minutt 700 Millioune Joer vun eiser Vergaangenheet, vun der Entwécklung vun der Äerd." Duerno géifen d'Kartografinnen observéieren, wéi dëse Planéit vun Homo sapiens populéiert gëtt.

Wat d'Kaarte verroden

Bei Recherche fanne si al Weltkaarten. Zum Beispill op enger Mammutschank aus der Ukrain. Eng aner al Kaart gouf vun Indianer an ee Fiels am Idaho, Amerika, geritzt. An sou geet et weider. Zesumme mat de kosmesche Kartografinne kritt och de Public Geleeënheet déi Kaarten, aus alle Weltgéigenden an allen Epochen, ze déchiffréieren.

D'Weltrees féiert duerno och 250 Millioune Joren an d'Zukunft. 'T gëtt turbulent, seet d'Bady Minck. Awer alles wier recherchéiert a wouer. Déi Faszinatioun fir Kaarten war scho bei hirem viregte Projet wichteg. "Im Anfang war der Blick" baséiert op éisträichesche Postkaarten.

Vun dësem enge Format aus hätt si sech weider fir d'Weltbild interesséiert, awer an engem anere Moossstaf. "Well si onheemlech vill iwwer eis Kultur aussoen. Iwwer eis verschidde Kulturen. D'Weltkaarte si jo iwwerall op der Welt ganz anescht." Ofgesi vum geopoliteschen Interessi géife si vill iwwer eise Point de Vue vun der Welt verroden.

Deene kosmesche Kartografinnen op alle Fall bréngt de Film e Perspektivwiessel. "Mappamundi" ass villschichteg a kompriméiert op 45 Minutte. De Film hat seng Weltpremière um Sundance Film Festival. Elo gouf en um Luxemboug City Film Festival presentéiert. An engem, wéi d'Bady Minck seet, nach ganz frëschen, gliddegen Zoustand.