Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Lack Of Proportion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krankheet, emol literaresch

Gepéngegt Literatur

Krankheet, emol literaresch

Krankheet ass an der Literatur kee Friemwuert. Ob onvergiesslech Protagoniste wéi den Don Quijote oder d'Emma Bovary oder d'Lëtzebuerger Bloggerzeen vun haut: Fir vill Schrëftsteller ass Péng a Leiden ee wichtegt Element. D'Valerija Berdi proposéiert eng literaresch Rees iwwert legendäert Leide vum 17. bis an d'21. Joerhonnert.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

Ob bei groussen Nimm wéi Gustave Flaubert oder Susan Sontag, oder an der Lëtzebuerger Literaturzeen vun haut - Krank-sinn, Péng a Leide vu Kierper a Geescht sinn ëmmer erëm en Thema. Wéi gëtt Krankheet literaresch verschafft? A wéisou setze sech Schrëftsteller mat dësem Sujet auserneen. Eng Rees duerch gepéngegt Literatur vum 17. bis bei d'21. Joerhonnert:

Vu gedréchente Gehirer, der Pescht an der Syphilis

Nous sommes pour vieillir, pour affoiblir, pour estre malades, en despit de toute
medecine
(Michel de Montaigne)

An der Literatur vum 17. an 18. Joerhonnert ginn d'Krankheete vum Kierper a vum Geescht - Richteger an Erfonnter - mat vill Eescht, dacks awer och mat vill Humor behandelt. Souwuel de séileschen a kierperlechen Zoustand vun de Schrëftsteller aus där Epoch, wéi och dee vun hire Protagonisten, bréngen déi eng oder aner interessant Erkenntnis. Do hätte mir dem Don Quijote säin ausgedréchent Gehir, dem Daniel Defoe seng Beschreiwung vun der Pescht zu London, dem Simplicissimus seng Syphilis oder nach dem Voltaire sengem Pangloss seng Erklärung, wat et mat dëser Syphilis op sech huet ...

Episod: Vu gedréchente Gehirer, der Pescht an der Syphilis


Leiden, mee mat Stil

Ich muss frische Luft haben, vielleicht erstes Zeichen von Hydropsie (Theodor Fontane)

Beim Dostojewski a bei de Brontë-Schwësteren, beim Edgar Allan Poe, beim Fontane, beim Dickens a beim Flaubert … d'ProtagonistInne leiden. Déi eng méi edel, anerer méi tragesch. Noblesse oblige ... ouni Depressiounen a Schwindsucht gehéiert een net an déi gehuewe Kreesser.

Episod: Leiden, mee mat Stil


Krankheet als Metapher

Alles Interesse an Krankheit und Tod ist nur ein anderer Ausdruck für das Interesse am Leben (Thomas Mann)

Den Thomas Mann an den Albert Camus si mat hire Wierker iwwer Krankheet a Leiden an d'Literaturgeschicht agaangen - deen ee mat "Der Zauberberg", deen anere mat "La Peste". Et ginn awer nach vill aner Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen, déi sech mam Kierper a mam Geescht ausenanersetzen. Esou zum Beispill d'Susan Sontag: Si liwwert mat hirem Essai "Illness as Metaphor" (Krankheet als Metapher) e spannenden Discours iwwer d'Representatioun vun de Krankheeten a literaresche Schrëften - geschriwwen zu engem Ablack, wou si selwer Broschtkriibs hat.

Episod: Krankheet als Metapher


Keng Limitte fir Blogging

Auch der Winter, allez hëpp!, kann sofort wieder verschwinden. Möchte ins Sonnenlicht, ins Himmelblau schauen, während ich schreibe - und lese, lebe. Kapiert? (Georges Hausemer)

Bestëmmt Forme vu Krankheet géifen am Sënn vun der Kultur instrumentaliséiert ginn. Dat schreift de franséische Philosoph Michel Foucault. Demenz, Iessstéierungen an de Kriibs. Dëst sinn d'Krankheeten, déi engem regelrechte Gesondheetswahn entgéint stinn. SchrëftstellerInne bloggen dagdeeglech iwwert d'Entwécklung vun hirer Krankheet. Domat enttabuiséiere si déi negativ Aspekter vun der zäitgenëssescher Spaass-Gesellschaft. Ënnert dëse Bogger sinn och déi eng oder aner Lëtzebuerger Literaten - esou zum Beispill de Georges Hausemer, dee reegelméisseg iwwer säin Tumor schreift.

Emissioun: Keng Limitte fir Blogging