Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ghost in the Shell: Geescht vun engem Film

Kino

Ghost in the Shell: Geescht vun engem Film

De japanesche Manga "Ghost in the Shell", vum Masamune Shirow, aus dem Joer 1989, gehéiert net nëmmen an de Pantheon vun der BD-Geschicht. D'Anime-Film-Versioun vu 1995 huet op d'mannst esou eng grouss Fan-Communautéit ewéi d'BD. Amerikanesch Filmproduzenten wëllen dës Mëllechkou och elo sträichen, mat Hëllef vum Scarlett Johansson. D'Rechnung ass nëmmen zum Deel opgaangen.

auto_stories

3 min

© 2016 Paramount Pictures. All Rights Reserved.

"Ghost in the Shell" spillt an enger noer Zukunft. D’Scarlett Johansson incarnéiert de Personnage vum Major. Si ass déi éischt Kreatur mat engem synthetesche Kierper awer engem mënschleche Gehir. De Geescht aus dem Titel krut also seng nei Schuel.

An dëser Zukunft ass awer net nëmmen d'Scarlett Cyborg-méisseg ënnerwee. Jidderee ka sech vu spezialiséierte Firme biotechnesch upgrade loossen. Eng vun deene Firmen, bei där d'Juliette Binoche Chef-Ingenieurin ass, huet fir d'Regierung d'Cyborg-Scarlett konzipéiert, a steet hir zur Säit fir Maintenance an eng Zort Therapie.

D'Cyborg-Scarlett schafft fir en Anti-Cyber-Terroristen-Grupp vun der Regierung. Mat e puer suspekten Hacker-Attacken, an der geziilter Liquidatioun vu Wëssenschaftler, geet dëse Grupp op d'Juegd vun engem geféierleche Super-Hacker. Lues a lues stellt sech dann awer eraus, datt d'Geschicht vum Cyber-Scarlett net ganz esou ass, ewéi si dat vu Binoche & Co. virgegaukelt krut.

Adaptatioun vu Kult Manga

"Ghost in the Shell" stoung vun Ufank un op dënnem Äis. De Manga a seng Anime-Film-Versioun si fir Fans scho bal helleg. Fir vill Leit waren dës Wierker déi éischt Beréierung mat déiwe philosopheschen Themen. Wat kann do also eng amerikanesch Live-Action-Adaptatioun nach méi bréngen? Net all ze vill, stellt sech eraus.

An der Anime-Film-Versioun vum Manga geet et ëm e kollektiivt Bewosstsinn, an eng Iwwerwannung vun alen Identitéits- an Gender Diskussiounen: De Geescht an egal wéi engem Kierper. Den Descartes hätt seng Freed dorunner.

An der Hollywood-Versioun geet et par konter ëm d'Reconstitutioun vun enger individueller Identitéit, andeems den Haaptpersonnage seng Erënnerungen zeréck kritt, fir duerch säi Cyber-Liewen ze goen.

Méi Action, manner Philosophie

Vum philosophesche Standpunkt hir sinn et also zwou komplett verschidden Approchen. Woubäi déi amerikanesch Versioun manner e White-washing ass, mam Casting vum Scarlett Johansson, wat iwwregens säi Match mécht. Et ass éischter e West-washing vum Original. Dat kann ee méi oder manner problematesch gesinn.

Déi philosophesch Afrostellung ass zum Deel do am amerikanesche Film. Si gëtt awer am Verglach just ugekraazt, a léisst enger méi Action-orientéierter Mise en scène Plaz. An déi funktionéiert zu engem groussen Deel ganz flott.

Visuell daucht de Rupert Graves, mat Hëllef vum neuseelännesche Weta-Workshop, säi Film scho bal "Blade Runner"-méisseg an Neon-Fuerwen. Alles ass e bëssen iwwerdriwwen. Et ass awer eng Erfrëschung zur Well vu Christopher Nolan Gro-Téin-Sci-Fi-Filmer, déi eng just illusoresch Déift simuléiere wëllen.

Am grousse Ganzen hätt et also kéinte vill méi problematesch ginn. De Regisseur kopéiert vill visuell Komponenten aus der japanescher Manga- an Anime-Kultur. Hie vergësst dobäi awer, fir de Geescht vu sengem Original an de Kierper vum Blockbuster ze transplantéieren.