Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon, le petit caméléon

Kannerbuch

Léon, le petit caméléon



"Léon, le petit caméléon", esou heescht e Kannerbuch, dat am Laf vum Confinement entstanen ass. De Grafikerbüro SO Graphiste huet den Ufank vun dëser Geschicht geschriwwen, a wéi et vun do aus weidergeet, konnten d'Leit op de sozialen Netzwierker bestëmmen.

auto_stories

2 min

Wärend dem Confinement hätte sech vill Persounen eleng gefillt, an d'Kanner hätten och net onbedéngt verstane wat geschitt, seet d'Sophie Ensel vu SO Graphiste. An do hätt ee sech gefrot, wéi een dëse Mënschen an dëser Zäit hëllefe kéint.

Zu puer eng Geschicht erzielen

Et war d'Iddi eng Geschicht zesumme mat anere Persounen ze erzielen. D'Sophie Ensel huet mat hirer Aarbechtskolleegin Audrey Weiss eng éischt Zeen fir "Léon, le petit caméléon" geschriwwen an illustréiert an op de sozialen Netzwierker publizéiert.

Interesséierter konnten da Proposen erareechen, wéi et an der nächster Zeen vun der Geschicht weidergoe soll. Do wieren och allkéiers zéng bis zwielef Proposen erakomm, esou d'Sophie Ensel a vun deenen hätt een dann eng ausgeloust.

Aus de sozialen Netzwierker gëtt e Buch

Den neien Deel gouf dann illustréiert an ass nees op de sozialen Netzwierker gedeelt ginn, esou laang bis een 13 Zeenen zesummen hat, an d'Geschicht fäerdeg war.

Och wann et um Ufank eigentlech net geplangt war, gouf sech dozou entscheet, d'Geschicht a Form vun engem Buch ze publizéieren. Dem Léon oder Leo seng Rees ass elo op Franséisch a Lëtzebuergesch disponibel. De Benefice vum Buch geet un d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

E Lauschterbuch

Well ee vun der Participatioun bei SO Graphiste esou positiv iwwerrascht war, wëllt een entweder Enn vun dësem Joer oder spéitstens Ufank 2021 d'Initiativ widderhuelen.

Mee virdru steet awer nach en anere Projet virun der Dier, well "Léon, le petit caméléon", oder op Lëtzebuergesch "Leo, de Chameleon", ass vun Oktober un och a béide Sproochen als Lauschterbuch disponibel.

D'Buch kritt een um Internetsite www.so-graphiste.lu, am Haus vun der Natur op der Kockelscheier oder an der Wëlldéierstatioun zu Diddeleng.