Anarchist, Provokateur, Kënschtler, BD-Zeenarist, Realisateur, Bedreiwer vum Bréisseler Kultbistro "Dolle Mol"... De Jan Bucquoy ass e villsäitegen a faarwege Personnage.
Säin neie Film "La Dernière tentation des Belges" ass den drëtten Deel vun enger autobiografescher Trilogie, déi no "La Vie sexuelle des Belges" (1994) a "Camping Cosmos" (1996) hei ofgeschloss gëtt.
Den Thema vum Suicide ass schonn esou keen einfache Sujet. Wann et ëm déi eegenen Duechter geet, bal eng Saach vun der Onméiglechkeet... An dach ass de Jan Bucquoy sengem humoristeschen, barocke Stil trei bliwwen.
Am Interview mam Michel Delage verréit de belsche Realisateur, wéi en dat fir hie besonnesch delikat Thema ugaangen ass, wéi eng politesch-kënschtleresch Referenzen an de Film afléisse gelooss huet, a virun allem, wou e mat sengem Coup d'Etat drun ass, deen e Joer fir Joer mat grousser Disziplin virum Palais zu Bréissel openeits probéiert huet!