Dat wat een dann um Ecran gesäit, sinn eng Zort Explosioune vu Punkten a Strécher, déi sech beweegen, déi wackelen, mol méi séier, mol méi lues. Vläicht steet een do a kuckt an huet keng Ahnung, wat dat soll, vläicht kënnt een awer vum selwen drop, wat de Steve Gerges mat senger Installatioun vun eis wëllt.
De Steve Gerges ass vu Beruf Motion Designer, e Kënschtler, deen och an den Domainë vu Motion Design an interaktiven Installatioune kreativ ass. Seng Wierker huet hien an de Rotonden, am MUDAM, op der Fassad vun der Cité judiciaire an och um Festival Rock-a-Field presentéiert. Elo eng kleng Installatioun an der CECIL's Box.