Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Librairie Alinéa - à la ligne!

Stad Lëtzebuerg

Librairie Alinéa - à la ligne!

Mat Crémant a vill Lecture hu sech déi bekanntste Gesiichter aus der Lëtzebuerger Literaturzeen fir d'Erhale vun der Librairie Alinéa agesat. De Libraire Edmond Donnersbach huet no de sëlleche Solidaritéitsdeklaratiounen decidéiert weider ze maachen. Eventuell an enger neier Form.

auto_stories

2 min

"D'Librairie Alinéa mécht am August hir Dieren zou." Dës Nouvelle hat sech am Mee wéi e Laf-Feier verbreet an och an der Press fir Schlagzeile gesuergt. Datt eng Librairie en intellektuelle Bijou an enger Stad ass, an eng grouss Bedeitung huet, huet net just d'Entsetze vun de Frënn vun de Bicher bewisen. Mee och, datt dës ugekënnegt Fermeture um politesche Plang diskutéiert gëtt. De Besëtzer vun der Librairie war selwer iwwer esou vill Opmierksamkeet iwwerrascht an huet doropshin decidéiert, seng Librairie weide op ze loossen. An no neie Weeër ze sichen, der Librairie Alinéa eng Zukunft ze ginn.

Solidaritéit fir d'Librairie

D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux wollt et awer net dobäi beloossen an huet zu engem "boeuf littéraire" opgeruff. Deem huet sech bal déi ganz Lëtzebuerger Literaturzeen ugeschloss. Eng ronn 50 Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller hunn eng Solidaritéitsdeklaratioun ënnerschriwwen. De 15. Juni hu si sech an der Librairie Alinéa zesummefonnt, fir aus hire Wierker ze liesen.

Extrait: Luc Caregariplay_arrow

Eng Initiativ, déi och beim Public gutt ukomm ass, wéi d'Reaktioun vun engem Spectateur weist.

"Ech si ganz frou iwwer déi Initiativ. Wéi ech héieren hunn, datt den Alinéa, eng vun de schéinste Librairien, géif zou maachen duecht ech: 'Dat kann net sinn'. Du sinn ech direkt heihinner komm an hunn e puer Bicher kaf. An dunn huet den Edmond gesot, e géif vläicht awer net zou maachen. Du war ech scho berouegt."

"Nei Erausfuerderungen"

De Libraire Edmond Donnersbach ass frou iwwer d'Ënnerstëtzung vun de Leit. "Datt dat fir si wichteg ass, datt d'Librairie sou bestoe bleift. Dat mécht se och. Ech hunn nei Iddien an ech si motivéiert fir nei Projeten ze maachen. Mir kucke, wéi schnell mir déi elo kënne realiséieren. Mee dat gëtt scho ganz flott."

Hie war awer och iwwerrascht vum Undrang dee seng Librairie erlieft huet. "Ech sinn elo motivéiert ginn duerch d'Leit, déi mir och vill Iddien bruecht hunn a wou ech mir gesot hunn: 'Setz dir nach eng nei Erausfuerderung'. Dat brauch ech elo a mengem Alter nach eng Kéier. Fir elo déi Saach, déi mir bis elo gemaach hunn, besser a méi grouss ze maachen."