Radioen

On air

De Moien  |  The Disliked - Possessed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literatur aus aller Welt

Salon du livre et des cultures

Literatur aus aller Welt

Am Kader vum "Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté" an den Ausstellungshalen um Kierchbierg, kënnen d'Visiteuren iwwer 100 Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an den Ausland begéinen. Auteuren, Editeuren a Librairë wëlle mat der Literatur déi verschidden Natiounen zesummebréngen, déi zu Lëtzebuerg liewen.

auto_stories

3 min

Ausschnëtt vun der Affice vum Salon (www.clae.lu)

Zanter 17 Joer organiséiert d’Equipe vum "Comité de liaison des associations d’étrangers" am Kader vum Migratiouns- a Kulturfestival de "Salon du livre et des cultures".

D'Zil ass et fir di verschidde Kulturen zesummen ze bréngen. Wat duerch Gastronomie an Musek ganz einfach ass, soll duerch den Austausch a d'Kenneléiere vun der Poesie an der Prosa weider gefuerdert ginn.

Et sinn etabléiert Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, déi um Festival ageluede sinn, fir aus hire Wierker ze liesen, hir Bicher ze dedicacéieren an och ze diskutéieren.

Schrëftsteller aus ville verschiddene Länner

Dëst Joer ass déi italienesch Schrëftstellerin Melania Mazzucco derbäi, déi mat hirem Roman "La vita" grousse Succès gefeiert huet, awer och de spueneschen Schrëftsteller José Ovejero, de jonke portugisesche Schrëftsteller Bruno Alfama an de polneschen Auteur Jakub Malecki. Literatur aus Bosnien, Montenegro an Albanien, sou wéi och aus Südamerika stinn och um Programm vum Salon du Livre, awer och eng ganz Rei Lëtzebuerger Auteure sinn op de Stänn vun hiren Editeuren ze fannen.

Duerch d'Zesummenaarbecht mat diverse Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, déi zu Lëtzebuerg liewen hunn d'Organisateuren d'Méiglechkeet Kontakter mat de Schreiwenden aus dem Ausland opzehuelen. Net d'Thema vun de Wierker wier dobäi relevant, mee d'Literatur u sech relevant, esou d'Kristel Pairoux vun der asbl CLAE.

Immigrante mat Sprooch, Kultur a Literatur

D'Immigrante géifen zu Lëtzebuerg ze vill dacks op hier Aarbechtskraaft reduzéiert ginn. Et géif gäre vergiess ginn, datt dës Leit méi ze bidden hunn, datt si eng Sprooch, hier Kultur an eben och hier Literatur mat an Land bréngen, ënnersträicht de Jean Philippe Ruiz, Chargé de direction beim CLAE

Dem bosnesche Schrëftsteller Faiz Softic, dee scho laang zu Lëtzebuerg lieft, ass et och dëst Joer erëm gelonge verschidde Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Bosnien-Herzegowina an aus Montenegro op de Festival z'invitéieren.

Um "Salon du livre et des cultures" gëtt awer och un dee méi jonke Publikum geduecht. Eng Rei Liesunge fir Kanner si virgesinn.

Eng Performance ronderëm d’Konschtbuch ass e weidere Moment, deen een um Festival kann erliewen.