Radioen

On air

Notturno  |  Bobby Lee - Reds For A Blue Planet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LiteraturLabo 10: Krimi

Kultur

LiteraturLabo 10: Krimi

De Mëttwoch den Owend um 7 Auer ginn d'Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi, Michel Delage a Ian de Toffoli Iech Rendez-vous fir e kriminelle Literaturtreff an der Chapelle am Neimënster.

auto_stories

4 min

Soubal iwwer de Krimi rieds geet, zéien déi eng distinguéiert d'Nues, déi aner fänken u mat schwäermen. Krimi deelt d'Geeschter. Onseriéis, trivial, banal, an uewendrop nach schlecht erzielt a geschriwwen - sou gëtt de Krimi dacks erofgemaach. Anerersäits: Spannung, skurril Personnagen, Rätsel, Mord, Folter, Sich nom Schëllegen an Opléisung vun der Dot - dat ënnerhält natierlech. A wann dëse Krimi-literareschen Entertainment dann och nach gutt geschriwwen, spannend opgebaut, interessant an e Milieu agebett a kuerzweileg ass, dann huet een esou e Krimi, éier ee sech ëmsinn huet, wéi all anere Pageturner, een Zock gelies, a wëllt onbedéngt deen nächsten ufänken.

Lauschtere mir e kuerzen Extrait aus enger Trilogie vun der spuenescher Autorin Dolores Redondo, déi aus dem Baskeland staamt, an där hir Kriminalromaner och do spillen. Et geet hei ëm eng vun den Haaptfiguren, d'Amaia Salazar. Si ass am Krimi d'Kommissärin, hei si mir awer elo zeréck am Fréijoer 1989, deemools war d'Amaia nach e klengt Meedchen.

"Auf dem Weg zur Backstube sang Amaia vor sich hin, lächelte und tastete nach ihrem Schlüssel unter ihrem Pullover. Bevor sie aufschloss, vergewisserte Sie sich immer, dass niemand in ihrer Nähe war, der es ihrer Mutter erzählen konnte. Dann steckte sie den Schlüssel ins Schloss und seufzte erleichtert, wenn es mit einem Klicken nachgab, das im ganzen Laden zu hallen schien. Bevor sie Licht anmachte, schloss sie die Tür undschob den Riegel vor. Sie sah sich um. Wie immer, wenn sie allein herkam, pochte ihr das Herz heftig in der Brust. Gleichzeitig genoss sie das Geheimnis, das sie mit ihrem Vater teilte. Die Verantwortung, die dieser Schlüssel bedeutete. Sie ging zu dem Behäter un dbückte sich um den braunen Umschlag hervorzuholen, der dahinter versteckt war.

"Was machst du hier?" Die Stimme ihrer Mutter hallte durch die leere Backstube. Amaias Muskeln verkrampften sich als hätte sie einen Stromschlag erlitten. Die Hand, die sich nach dem Umschlag gestreckt hatte schnellte zurück und sie verlor das Gleichgewicht und landete auf dem Hintern, sie hatte Angst. Wie konnte es sein, dass ihre Mutter, die gerade noch im Morgenrock und Pantoffeln vor dem Fernseher gesessen hatte, jetzt plötzlich in der Backstube war. Der Ton in ihrer Stimme war so feindselig, wie sie es noch nie erlebt hatte.

"Hat's dir die Sprache verschlagen?" Ohne aufzustehen, drehte sich Amaia langsam um und sah ihrer Mutter direkt in die kalten Augen.

Dës perséinlech Tragedie, déi d'Amaia erlieft, huet nëmme bedéngt mat der eigentlecher Handlung vum Krimi "Das Echo dunkler Tage" ze dinn, an ass kee Spoiler."

"Schmidt ist tot.": "perfiden Noir-Krimi"

Nieft der Dolores Redondo hu mir mam Raoul Biltgen ee Lëtzebuerger Auteur erausgesicht, mat sengem Kriminalroman "Schmidt ist tot." Dëst ass eng engersäits sensibel erzielte Geschicht vun zwee Bridder, déi méi ënnerschiddlech net kéinte sinn, verbonne mat enger rasanter Sich no Léisungen an engem - wéi d'Kritik schreift - "perfiden Noir-Krimi".

Dominique Manotti: "Racket"

Aus dem franséischsproochege Rayon hu mir eis fir dëse Labo zwee ganz ënnerschiddlech Wierker virgeholl: engersäits der Dominique Manotti hiert 500-Säiten-Wierk "Racket", an deem et dës Kéier ugeet mat der Vente vun enger Filière vun Alstom, un déi amerikanesch General Electric. Obstrus Konditioune bei dëser Vente bréngen d'Spezialistin vun der Wirtschaftsgeschicht am 19. Joerhonnert Dominique Manotti op de Plang, a si gebraucht de Fait reell fir dorop hiren zwielefte Roman opzebauen.

Mat dobäi - bei Manotti-Lieser scho bekannt, d'Noria Ghozali, entretemps 45 Joer a mat der onkamouder Fro am Hannerkapp, ob si hiert Beruffsliewe bis d'Pensioun wëllt bei der Police verbréngen.

Jean Echenoz: "Envoyée spéciale"

Last but not least huele mir dem Jean Echenoz säi Wierk "Envoyée spéciale" ënnert d'Lupp: hei begéine mir enger gudder Handvoll Personnagë vun de verschiddensten Horizonter a suivéieren hir Liewensweeër, déi gär mol, malgré eux, déi Richtung huelen, déi si eben huelen.

Een dovun, de Lou Tausk - dat ass säi Kënschtlernumm - hofft ëmmer nach, datt d'Ëffentlechkeet nach eng Kéier op hien opmierksam gëtt.

A wat ass Krimi un der Tatsaach, datt ee verkraachten Artist e Comeback wëllt maachen? Dat gitt Dir de Mëttwoch den Owend gewuer, vu 19 Auer un an der Chapelle am Neimënster.

De LiteraturLabo 10 gëtt an Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner organiséiert.