Zensur huet Traditioun a ville Länner an a ville Formen. Wat heescht haut Zensur? Wéi huet se sech entwéckelt a wéi e Kleed dréit se am 21. Joerhonnert? Unhand vu konkreter Literatur diskutéieren déi dräi Literaturlaboranten Valerija Berdi, Michel Delage a Ian De Toffoli mam Expert vun der Zensur, dem Dr. Henning Marmulla a geheie vill Froen op.
Verschidden Zorte vun Zensur
Et gëtt zum Beispill formell an informell Zensur, déi formell ass déi Zensur, déi vum Staat imposéiert ass, mee da ginn et nach aner, méi subtil Methode fir eng Publikatioun oder de Vertrib vu Bicher ze verhënneren, duerch Boykott oder Drock oder souguer Menacen.
Kuckt hei d'Opnam vum Livestream vum LiteraturLabo:
Dann ass den Theater och eng Plaz, wou Zensur existéiert, an d'Press ass natierlech och en Thema. An dann Zensur an den Diktaturen. Wat och e weidere wichtege Punkt ass, ass de Begrëff méi kloer ze definéieren, den Ënnerscheed tëschent Zensur a Kritik, tëschent Zensur a Meenung, dann och wéi Zensur wouer geholl gëtt, et gëtt jo vu gudder a vu béiser Zensur geschwat.
Wéini ass et Zensur?
Da gëtt heiansdo ganz séier Zensur gejaut, just wann een net mat Decisiounen d'Accord ass. E Beispill, wann Onlinemedie rassistesch oder sexistesch Kommentare vun hire Säite läschen, dann ass de Begrëff Zensur net wäit.
Et gëtt awer och konkret iwwer Literatur diskutéiert. De Michel Delage stellt dem Bernhard Cène säin zenséierte Roman "Le château de Cène" vir a mam Ian De Toffoli maache mir eis op d'Spuere vun der Zensur a laang vergaange Joerhonnerten.
De ganze LiteraturLabo iwwer Zensur: