Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ #LitLab 11 - Thema: Zensur

Literatur

#LitLab 11 - Thema: Zensur

Haut den Owend ass et ërem sou wäit, an der Ettelbrécker Bibliothéik treffe sech eis Literaturlaboranten fir an der 11. Editioun vum LitLab e ganz besonnesche Phenomen ënner d'Lupp ze huelen, nämlech d'Zensur.

auto_stories

3 min

Wat erwaart een den Owend?

Valerija Berdi: Ganz onzensuréiert: Mir geheien d'Fro op, ob et och am 21. Joerhonnert Zensur gëtt. Jo, et gëtt se, dat ass kloer, et ginn och vill Forme vun der Zensur, an déi wëlle mir dann haut den Owend debattéieren.

Du sees vill Forme vun Zensur, wat kann ee sech ënner deene Forme virstellen?

Et gëtt zum Beispill formell an informell Zensur, déi formell ass déi Zensur, déi vum Staat imposéiert ass, mee da ginn et nach aner méi subtil Methode fir eng Publikatioun oder de Vertrieb vu Bicher ze verhënneren, duerch Boykott oder Drock oder souguer Menacen. Den Theater ass och eng Plaz, wou Zensur existéiert, an d'Press ass natierlech och en Thema, genee wéi Zensur an Diktaturen.

Et ass och wichteg, de Begrëff méi kloer ze definéieren, den Ënnerscheed tëschent Zensur a Kritik, tëschent Zensur a Meenung, wéi Zensur wouer geholl gëtt a sou weider.

Zensur ass wahrscheinlech och heiansdo e ganz schmuele Pad?

Effektiv gëtt heiansdo ganz séier Zensur gejaut, just wann een net mat Decisiounen d'Accord ass. Zum Beispill wann Online-Medie rassistesch oder sexistesch Kommentare vun hire Säite läschen, dann ass de Begrëff Zensur net wäit, an dat wäert och haut den Owend bei eis am LitLab en Thema sinn.

Nieft dir Valerija, dem Michel Delage an dem Ian De Toffoli ass och een Zensurexpert dobäi, dee sech vill mat där Matière beschäftegt huet.

Genee, den Dokter Henning Marmulla ass Germanist an huet sech laang fir seng Dokteraarbecht mat Zensur beschäftegt, an dofir si mir och immens frou, e richtege Mann vum Fach dobäi ze hunn.

Dir schwätzt awer och iwwer konkret Bicher?

Deelweis beliichte mir d'Vergaangenheet an déi zäitgenëssesch Literatur. Et wäert vun allem dobäi sinn, mee do verroden ech elo net méi, dofir kann ech just soen, kommt den Owend fir siwen Auer an d'Ettelbrécker Bibliothéik an uschléissend am offiziellen Debat wëlle mir mat eisen Nolauschterer iwwer d'Thema diskutéieren an dat garantéiert onzensuréiert!

Reservatioune fir de LitLab den Owend an der Bibliothéik zu Ettelbréck: events@100komma7.lu.

Wien net kann derbäi sinn, dee kann sech de LitLab net just ulauschteren, mee och kucken, mir iwwerdroen de LitLab live iwwer Facebook an iwwer eisen Internetsite.