Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luucht um Enn vum Tunnel?

CinEast-Festival

Luucht um Enn vum Tunnel?

Kann den Zyklus vun der Vendetta gebrach ginn? De kosovaresch-amerikaneschen Drama ''Drita'' vum Daniel Kruglikov ass e strengt, poetescht Wierk. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

Eng Fra (Arta Dobroshi) kuckt an d'Kamera a liest e Gedicht vir. Méi spéit gëtt ee gewuer, datt den Auteur vun deem Text hire Mann Flamur (Florist Bajgora) ass. Mee d'Drita existéiert nëmmen nach an deem senger Erënnerung - si gouf ermort. Een eenzege Gedanken dreift de Flamur: hire Mäerder bestrofen.

De kosovaresch-amerikanesche Film ''Drita'' ass den éischte Long-métrage vum Daniel Kruglikov, Jong vu russeschen Immigranten, deen zu New York opgewuess ass an och do lieft. Produzéiert gouf de Film ënnert anerem vum bekannte brittesche Realisateur Steve McQueen (''Shame'', ''12 years a slave'').

Déi weiblech Haaptroll verkierpert déi kosovo-albanesch Schauspillerin Arta Dobroshi. 2008 hat ee si am Film vun de Bridder Dardenne ''Le Silence de Lorna'' entdeckt, virun zwee Joer war si Member vum CinEast-Jury.

Vendetta, eng ural Traditioun

D'Thema vun der Vendetta steet am Mëttelpunkt vum Film. Dës ural Traditioun mat hirem praktesch onendlechen Zyklus vu Gewalt a Géigewalt vergëft och nach hautdesdaags déi albanesch respektiv kosovo-allbanesch Gesellschaft. Wien ass eigentlech d'Affer, wien den Täter ? Wien huet also mat der Gewalt ugefaangen ? A kann een deen absurden Zyklus iwwerhaapt op en Enn bréngen ? Dat ass de ganzen Enjeu vun engem Film, deen d'Spuere verwëscht andeems en d'Chronologie vun den Evenementer duerchernee geheit.

Déi bluddeg Dot gëtt net gewisen. Wat een ze gesi kritt, dat ass dat trauregt Resultat vun engem Prozess, metaphoresch duergestallt duerch eng mat Schnéi bedeckten, trist urban Landschaft. Et ass also Wanter, déi doudeg Joreszäit. E richtegt Liewe schéngt net méi méiglech ze sinn. Dialoger gëtt et am Film bal keng.

An der Gedankewelt vum Haaptprotagonist

Et héiert ee just dem Flamur seng apathesch Off-Stëmm, déi am Laf vum Film och ëmmer méi lues gëtt. De Flamur denkt u seng verstuerwe Fra zeréck, där hir plakeg, geeschterhaft Presenz sech mat eenzele Momenter vu gemeinsamer Freed ofwiesselt.

Vum Drita bleift just ee mat Blutt befleckt wäisst Kleed, dat de Flamur un d'Existenz vun hirem Mäerder erënnert. Wat deem seng Motivatioun war seet de Flamur net, vläicht well en dat wëll vergiessen. De Spectateur gëtt unhand vu Flashbacke selwer op d'Spuer bruecht, d'Geschicht gewënnt esou u Komplexitéit.

Dem Flamur seng Gedanke pendelen hin an hir, tëschent senger Fra an dem Mäerder. Als Oflenkung bleift him just déi physesch Aarbecht. Setzt hien elo ee weideren drop a féiert den Zyklus vun der Gewalt weider ? Oder geléngt et him, den Zwang vun der Traditioun ze briechen ?

Strengt, poetescht Wierk

''Drita'' kann ee wéinst senger Erzielweis scho bal als experimentelle Film bezeechnen, dee sech gréisstendeels op mental Virgäng konzentréiert. Vun de Personnagë selwer gëtt ee wéineg gewuer, si sinn op dat Weesentlecht reduzéiert grad ewéi déi vun hinnen ausgedréckten Emotiounen.

Allgemeng ass et e strengt mee poetescht Wierk, dat engem d'Wiese vun der Vendetta vermëttelt: eng kal Berechnung, déi sech just nach mam Doud beschäftegt an d'Liewen ausblennt. Trotz allem besteet e Fonken Hoffnung : den albanesche Virnumm ''Drita'' bedeit Luucht.


''Drita'' leeft nach e Mëttwoch 14. Oktober um 18.30 an der Cinemathéik a Mëttwoch 21. Oktober um 19 Auer am Utopia, respektiv kann online gekuckt ginn, am Kader vum CinEast-Festival.