De gebiertege portugisesche Konzeptkënschtler Marco Godinho lieft a schafft tëschent Lëtzebuerg a Paräis. "Tëschent" ass a sengem Fall en zéie Begrëff. D'Ënnerwee sinn, reesen, sech am positive Sënn "verlafen", Zäit mam Friemen verbréngen, gehéiert souzesoen zu sengem Beruff.
Hien ass am Gaangen, eng subjektiv kënschtleresch Kartographie zesummenzestellen. An dat kënnt un: Den Ament ass hie fir en etlech Ausstellunge gebucht: Vun Nice iwwer Taipei, am Fréijoer 2019 vertrëtt hie Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg. Aktuell stellt de Marco Godinho hei an der Galerie Zidoun Bossuyt am Gronn aus.