Radioen

On air

De Weekend  |  75 Joer fir de Jean Asselborn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Meng Generatioun ass net fir dës Dote verantwortlech"

Film

"Meng Generatioun ass net fir dës Dote verantwortlech"

Fir de jonke serbesche Realisateur Ognjen Glavonić ass et d'Responsabilitéit vu senger Generatioun, fir d'Wourecht ze soen. Mat sengem Film "The Load" thematiséiert hien eng Kéier méi d'Geschicht vun de Massegriewer viru Belgrad.

auto_stories

8 min

Leon Lucev (Foto: CinEast)

Während den NATO-Bombardementer 1999 op Jugoslawien, fuere Camionen tëschent dem Kosovo an der Peripherie vun der serbescher Haaptstad Belgrad. De Vlada (Leon Lučev) ass ee vun de Camionschaufferen. Wat hien do transportéiert, schéngt hien net ze interesséieren, hie mécht et fir d'Suen ... No sengem Documentaire "Depth 2" thematiséiert de jonke serbesche Realisateur Ognjen Glavonić (1985) eng weider Kéier - elo a Form vu Fiktioun - d'Geschicht vun de Massegriewer, an déi Serben déi albanesch Affer vu Massakere begruewen haten. "The Load" leeft an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Interview mam Realisateur.

Interview mam Ognjen Glavonicplay_arrow

Michel Delage: An Ären zwee leschte Filmer hutt Dir deeselwechte Sujet behandelt. "The Load" ass elo ee Fiktiounsfilm, dee viregte war een Documentaire. Wat huet d'Fiktioun zum Thema bäigedroen?

Ognjen Glavonić: Fir mech geet et am Film net eleng ëm de Sujet, et geet doriwwer eraus. Am Fong hat ech mat enger Fiktioun ugefaangen, viru siwe Joer. Dunn hunn ech een Documentaire gemaach, well ech mech an dee Sujet erageschafft hat. Déi Recherche huet dann hir eege Stëmm entwéckelt. Am Documentaire geet et méi ëm d'Toponymie vun der Dot, ëm hir Geografie, ëm d'Manéier, fir se ze organiséieren, se ze vertuschen - et gouf net iwwer déi Dot geschwat ...

D'Fiktioun ass eppes méi Perséinleches. Ech war ee Bouf während de Bombardementer, ech ka mech doru ganz gutt erënneren. Vun der Geschicht vun de Massegriewer hat ee deemools näischt matkritt. Et hat keen driwwer geschwat, et wousst kee Bescheed, an der Zäit wou et geschitt war. Wéi ech zéng Joer drop, 2009, fir d'éischt eppes driwwer héieren hat a gemierkt hat, datt kee mir méi konnt verzielen, war dat "verbuedent Wëssen" mat de Biller vun de Bombardementer a menger Erënnerung zesummegestouss. An dorausser ass dunn de Fiktiounsfilm entstanen.

Do gi vill Sujeten ugeschwat. Den Ausgangspunkt ass awer net d'Dot oder de Krich. Et ass méi perséinlech. Wat ass méi wichteg wéi eng Famill? Wat wiers du bereet fir eng Famill ze maachen? Wat hues du erlieft? Wat hues du vun dengen Eltere mat op de Wee kritt a wat wäerts du denge Kanner hannerloossen? Et geet méi ëm Wäerter a Gefiller wéi ëm d'Geschicht.

"Faschismus féiert ëmmer a Massegriewer"

Dir stellt een Zesummenhang hier tëschent dem Zweete Weltkrich an dem Krich Enn de 90er Joren a Jugoslawien. Am Film gëtt et ee Briquet, dee vun enger Generatioun op déi aner iwwerdroe gëtt. An da geet dee Briquet verluer. Heescht dat, datt eppes an där Transmissioun vu Generatioun zu Generatioun verluer gaangen ass?

Jo, Dir kënnt dat vläicht esou interpretéieren. Fir mech ass Jugoslawien ëmmer de Problem an d'Fro vu menger Generatioun. An och wann ech do gebuer sinn, hat ech ni d'Chance, do ze liewen. An d'Wäerter, op déi dat Jugoslawien opgebaut gi war, sinn zerstéiert ginn, wéi Jugoslawien zerstéiert ginn ass. Et geet hei net nëmmen ëm dat Land, mee ëm déi Wäerter.

Fir mech geet et am Film ëm deen Typ, deen an eng Strofdot verwéckelt gëtt. Eng Dot, déi an hirem Wiese faschistesch ass, well Faschismus féiert um Enn ëmmer a Massegriewer. Gläichzäiteg sinn do Géigestänn - Monumenter, ee Briquet, Postkaarten, déi u Jugoslawien erënneren, an déi beim Personnage net nëmmen d'Erënnerung un d'Land ervirruffen, mee och u säi Papp. Hien ass opgrond vun anti-faschistesche Wäerter erzu ginn an engem Land, dat aus dem Kampf géint Faschismus a géint seng Kollaborateuren ervirgaangen ass. An da gëtt him op eemol bewosst, datt hien Deel vun dëser faschistescher Dot ass. Et sinn déi Kollaborateuren, déi d'Land um Enn zerstéieren.

Mee da kënnt eng nei Generatioun ...

... jo, d'Kanner. Déi drëtt Generatioun. Déi Kanner am Film hu genee deen Alter, deen ech deemools während de Bombardementer hat. De Schluss vum Film, mat der Punk-Musek - vläicht eng Teenager-Iddi vu Rebellioun - dat ass wichteg. Et geet u mat enger Rebellioun géint déi Eeler oder géint soss Problemer. Mee wann ee sech bis drun hält, fänkt een un iwwer Saachen ze schwätzen, déi verstoppt sinn. An dann huet een och kee Problem, fir iwwer d'Wourecht ze schwätzen, och wann déi Wourecht vill Leit aus dem eegenen Ëmfeld ka blesséieren.

All kéiers wenn ech mech un d'Bombardementer erënneren, un d'Angscht a Paranoia ënner menge Kolleegen, menger Famill an och bei mir selwer - ech ka mech ganz gutt drun erënneren, un déi Angscht, ze stierwen, fir näischt ... Ech war deemools 14 Joer al, ech ka mech och drun erënneren, wéi ech d'Musek entdeckt hat, mech an d'Musek verléift hat. Dat ass eng vun de villen Iddien, déi ech am Film wollt verschaffen.

De Film schaaft och eng bedréckten Atmosphär. Dee Camion fiert duerch ee Land, dat bedréckend ass ...

... fir mech ass et net bedréckend - vläicht traureg, mee net bedréckend. Ech hunn Trauregkeet gär. Trauregkeet kann hëllefen, aktiv ze ginn, eppes ze gesinn. Bedréckt sinn ass ze vill passiv, mécht stompeg. Mee de Film ass och net nëmmen traureg. De Schluss ass - mengen ech - voller Hoffnung.

"Eis Verantwortung ass et, d'Wourecht ze soen"

Den Titel vum Film, "The Load", deit och d'Laascht un, déi een um Gewëssen huet. Dem Haaptpersonnage gesäit een och un, datt hie vun eppes belaascht ass - vun dëse Strofdoten. Wëllt Dir Iech selwer vun enger Laascht befreien, andeems Dir esou ee Film maacht?

Nee, an do si mir erëm bei der Fro vu menger Generatioun. Vun eis gëtt ëmmer erwaart, datt mir eng Ausso iwwer dës Doten an dës no Vergaangenheet maachen - et ass jo viru just 20 Joer geschitt. Mir gi gezwongen, ze soen, wat mir dovun halen, ob mir eis identifizéieren oder net. Dat obwuel mir net matgemaach hunn an näischt dovunner woussten. Et war virun eiser Zäit. Meng Generatioun ass net dofir verantwortlech.

Wa mir Verantwortung droen, dann ass et, fir d'Wourecht ze soen. Och wann der näischt gemaach hutt: wann der et gesitt an dann näischt doriwwer sot, ass et, wéi wann d'Dot géif widderholl ginn. Wéi et mir bewosst ginn ass an ech méi doriwwer gewuer gi sinn, konnt ech net näischt soen. Sech als Affer gesinn, ëmmer nëmmen anerer als Täter dohinner stellen, dat ass de Problem. Déi Laascht soll een de Verantwortlechen operleeën, et soll ee se net nach mat hinnen deelen. Wann een dat awer géif maachen an dobäi nach léien, dat wier eng Laascht.

Dat ass jo interessant, zemools an engem Land wéi Däitschland, wou gewëssermoosse mat der eegener Vergaangenheet elo gebrach gëtt. Fir d'Laascht net méi mussen ze deelen an no vir ze kucken. Vill Leit gesinn dat awer och kritesch. Wann een d'Vergaangenheet begrueft, weist een och d'Verantwortung vu sech ...

... et ass net d'Vergaangenheet begruewen. Dat ass jo grad de Problem. Faschismus ass net eppes wat an anere Leit existéiert, Faschismus ass net aner Leit. Et muss een et Dag fir Dag fir d'éischt bei sech selwer bekämpfen, an dann eréischt bei aneren. Wann ee seet: "elo ass et fäerdeg", dann huet ee verluer. Huele mir d'Definitioun vum Nationalismus. Sech als Däitschen oder als Serb ze identifizéieren heescht, op dat berouen, wat ee bei der Gebuert kritt huet. Ee Mënsch ze sinn, mënschlech sinn, ass eng Aarbecht, déi een all Dag muss maachen. Zum Beispill sech mat der Vergaangenheet ausenanersetzen. Et ass een ni um Enn ukomm.

Ognjen Glavonić

Gesitt Dir Iech als Vertrieder vun enger Generatioun vu serbesche Filmmécher, oder sidd Dir zimlech eleng mat Ärer Approche, fir Filmer ze dréien?

Ech sinn net eleng. Et gëtt vill Leit, vill Kolleegen. Wat eis verbënnt ass net, datt mir Serbe sinn, mee datt mir eng an déi selwecht Iddi hunn iwwer dat, wat ee mat Film kann a sollt maachen. An dat net nëmmen a Serbien, mee och a Kroatien, am Montenegro, am Kosovo, a Slowenien, Mazedonien a Bosnien. Dat heescht net, datt mir der Meenung wieren, mam Kino kéint een iergend eppes veränneren ...

Gemeinsam ass eis de Besoin vun der Selbstreflexioun an d'Aart a Weis, wéi een iwwer bestëmmte Wourechte schwätzt. Geet et drëm, eidel Aussoen ze maachen an d'Sprooch vun Hollywood oder soss eng Filmsprooch ze benotzen? Och dat ass problematesch. Wann der matzen am Häerz vun der Saach sidd, dann ass dat scho gutt. Mee wann der eng Sprooch benotzt, déi d'Saach banaliséiert, einfach nëmmen eng Geschicht dorausser maacht, dann ass dat e Problem. Wann een iwwer d'Wourecht schwätzt, da muss et eng Katharsis sinn, keng eidel Phrasen. An et geet net duer, dat einfach nëmmen auszeschwätzen. Et kënnt iwwer eng kënschtleresch Recherche zum Ausdrock.

Et gëtt ëmmer méi Jonker, déi eng interessant Filmsprooch wielen. An deem Sënn gëtt et eng Generatioun, an ech wëll och gären en Deel dovunner sinn.


"The Load" leeft nach eng Kéier Dënschdeg 16. Oktober um 21h am Utopia.