Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Yannis and The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ #MeToo : Ee wichtege Schrëtt zu Cannes

Festival de Cannes

#MeToo : Ee wichtege Schrëtt zu Cannes

Méi Gläichheet fir Fraen an der Filmbranche. Dat ass dat grousst Zil op der 71. Editioun vum Filmfestival zu Cannes. Direkt 82 Fraen hunn e Samschden um rouden Tapis fir méi Gläichberechtegung a géint sexuelle Mëssbrauch an der Filmindustrie demonstréiert. Donieft goufen am Kader vun der #MeToo Debatt eng sëllech Konferenzen organiséiert. Rezent huet de Festival eng Charta ënnerschriwwen déi méi Gläichheet bei internationale Festivalle soll garantéieren.

auto_stories

3 min

"Haut muss eis Industrie fir Jiddereen accessibel sinn! Komm mir probéieren et!" Mat dësem Statement hunn d'Presidentin vum Jury Cate Blanchett an déi 89-järeg Realisatrice Agnes Varda leschte Samschdeg um rouden Tapis déi éischt grouss Aktioun gestart fir d'Egalitéit tëscht Fra a Mann an der Film Welt. Nieft den zwou Filmgréissten hate sech 80 weider Realisatricen a Schauspillerinne versammelt fir géint Sexismus an Ongläichheet ze protestéieren. Dat virun der Presentatioun vum Eva Husson hirem Film "Les Filles du soleil". Ee kurdesche Film vun enger Fra iwwert d'Fraen am Krich. A wisou 82 Fraen? Eng Symbolesch Zuel! Zënter dem Ufank vum Festival virun 71 Joer hu just 82 Frae géigeniwwer 1688 Männer un der Haaptkompetitioun deel geholl. Dëst Joer sinn et 3 Fraen op 18 Männer. Eng eenzeg Fra huet bis ewell d'Palme d'Or gewonnen.

Niewent dësem spektakulären Optrëtt, dee vum Hollywood-Kollektiv "Time's Up" organiséiert gouf, goufen zu Cannes dëst Joer eng sëllech Konferenzen zum Thema Gläichberechtegung an der Filmindustrie organiséiert. Dodrun deel geholl huet zum Beispill déi franséisch Ministesch fir Kultur. A Si huet sech leschte Sonndeg, een Dag no der Protestaktioun op enger Konferenz, prett gewise fir konkret Mesuren ze huelen.

Charta fir Gläichberechtegung ze garantéieren

Déi franséisch Regierung wäert a Frankräich d'Fraen an hirer Filmcarrière privilegéiert ënnerstëtzen, huet si ugekënnegt. Fir déi aktuell Inegalitéiten ze reparéieren, missten d'Fraen déi allgemeng déi selwecht Chancen, Méiglechkeeten an déi selwecht Salairë kréien, wéi d'Männer. Si wéilt déi staatlech Subventioune fir de Secteur un Paritéits-Objektiver bannen, sou d'Françoise Nyssen.

Op d'Initiative vun der Associatioun "5050 pour 2020", hunn e Méindeg de Festival vu Cannes an d'Paralellkompetitioune "Quinzaine des Réalisateurs" an "d'Semaine de de la critique" eng Charta ënnerschriwwen.

Déi soll d'Gläichberechtegung garantéieren. Deemno sollen déi grouss international Festivaller hier Selectiounscritèrë fir Kompetitiounsfilmer an Zukunft transparent maachen. Domat soll de Verdacht, datt Filmer vu Realisateure privilegéiert kéinte ginn aus dem Wee geraumt ginn. D'Charta zwéngt d'Festivallen och dozou sech mam Problem vun der Ongläichheet ausernaner ze setzen. De Generaldelegéierte vum Festival war deen éischte Signataire. Géigeniwwer vun der Agence France Presse sot den Thierry Fremaux, datt hien hoffe géif, datt déi Charta et fäerdeg bréngt ze weisen, datt d'Welt net méi déi selwecht ass. D'Welt hätt sech geännert a misst sech nach méi veränneren. "Mir mussen eis eege Praktiken, eis Traditioun an eis Geschicht a Fro stellen", sou den Thierry Fremaux.

D'Offensiv vum gréisste Filmfestival vun der Welt ass en éischte groussen a wichtege Schrëtt fir eng méi grouss Egalitéit tëscht Fraen a Männer an der Filmindustrie. Eng Industrie déi an der Post-Weinstein Era ukomm ass.