Kulturchronik Mir wëlle bleiwen, wou mer sinn ...

Vum 23. bis de 26. Mäerz hat Leipzig seng Diere fir dat gréisste Literaturfest vun Europa opgemaach. Op méi wéi 400 Podiume gouf op der Bicherfoire an an der Stad selwer gelies, diskutéiert an analyséiert. D'Evenement stoung am Zeeche vum Kulturaustausch an dem Recht op Meenungsfräiheet. Literatur aus 42 Länner war op der Leipziger Buchmesse z'entdecken. Lëtzebuerg huet duerch Absence geglänzt.

Valerija Berdi / mak

Meenung IMG_6779.JPG

Mat enger Live-Schaltung iwwer Skype mat der tierkescher Schrëftstellerin Asli Erdoğan, enger Symbolfigur fir d'Recht op Meenungsfräiheet, gouf den Optakt vun der "Leipziger Buchmesse" gefeiert. Eng ganz Rei tierkesch Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen, sou wéi Journalisten a Journalistinne waren op Leipzig invitéiert ginn, konnten awer dëser Aluedung net nokommen, well se keng Erlaabnis haten, d'Tierkei ze verloossen.

A senger Ried zu der Ouverture vun der Buchmesse huet den Alexander Skipis, Direkter vum "Börsenverein des Deutschen Buchhandels", dunn och d'Bundesregierung opgefuerdert, sech fir d'Fräiloossung vum Deniz Yücel anzesetzen. De Journalist vun Die Welt ass zënter Ënn Februar an der Tierkei inhaftéiert.

Protest géint Riets

Um Sonndeg hu sech eng 100 Leit spontan zesummefonnt, fir géint d'Präsenz vum rietspopulistesche Compact-Verlag ze demonstréieren an de franséische Schrëftsteller Mathias Énard gouf mam Leipziger Buchpreis zur europäischen Verständigung ausgezeechent.

Mat sengem Roman "Boussole" géif de Mathias Énard an enger Zäit vun der Spléckung an Haass als eenzegaartege Vermëttler optrieden. Als e passionéierten Orientfuerscher géif hie sech duerch e frappante Räichtum u Wëssen a seng literaresch Kraaft vun der Sprooch auszeechnen.

Europa erhalen

Liesen, nolauschteren, matenee schwätzen: dat war de Motto vun der Leipziger Buchmesse an d'Organisateuren hu bewisen, datt et keng eidel Wieder waren. Et gouf vill ze soen iwwert e Kontinent, dee mat all senge Feeler, Problemer a Suergen, eng wonnerbar Plaz ass, fir ze liewen. Et wier derwäert, Mëssstänn ze thematiséieren a sech fir d'Erhale vun de Fräiheeten, déi mer hei genéissen, anzesetzen.

Leipzig huet gewisen, datt en Zesummeliewen a Verstoen och tëschent Mënschen, déi et net ëmmer einfach mateneen haten, méiglech a gewollt ass. Datt Mënschlechkeet a Gemeinsamkeeten iwwer den Ambitioune vu verschiddenen europäesche Politiker stinn. Datt et derwäert ass, net just ze diskutéieren, mee och dat Friemt kennenzeléieren.

A Lëtzebuerg?

Dat europäescht Netzwierk fir Literatur a Bicher Traduki huet mat der Iwwerschrëft "Die Alchemie des Balkans" en Abléck an déi südosteuropäesch Realitéit a Literatur erméiglecht an "Wir in Europa -Wofür wollen wir einstehen?" war de Motto vun den Diskussiounen, déi am Denkraum Europa 21 gefouert goufen. Dëst erënnert un e Slogan, deen engem well permanent an d'A stécht: Luxembourg - Let's make it happen.

Just de blo-rouden X, deen d'Oppenheet, Gemeinsamkeet an den Austausch symboliséiere soll, war zu Leipzig néierens ze fannen. Lëtzebuerg hat kee Stand, et gouf keng Literatur z'entdecken a keng Meenung ze héieren.

Keng Reklamm

Tjo, Literatur aus ganz Europa ... aus ganz Europa? Neen, ee kleng Land ass net vertrueden, huet der Welt anscheinend näischt ze soen an näischt ze bidden. Lëtzebuerg huet keen Interessi matzediskutéieren, seng Kultur ze presentéieren, seng Literatur matzedeelen.

"Wenn die Sonne der Kultur niedrig steht, werfen auch Zwerge lange Schatten", hat de Karl Kraus gemengt. Ass et well d'Sonn vun eiser Kultur esou héich steet, datt mir guer kee Schied maachen? Ob alle Fall huet de Lëtzebuerger Literaturbetrib erëm eng Kéier bewisen, datt et net duer geet, mat dichtege Sloganen ze blénken ... well dovunner kéint ee blann ginn, fir di substanziell Sujeten.

An der Mediathéik:

Kulturchronik / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Valerija Berdi Meenung
Vu Beruff Schrëftsteller

De Lëtzebuerger Literaturmarché ass net grouss genuch, fir datt ee vum Schrëftstellerberuff liewe kann. Misst dann net d'Solidaritéit ëmsou méi grouss geschriwwe ginn, freet d'Valerija Berdi.

LIT LAB 5
Literatur zu Lëtzebuerg

"Et ass net méiglech vu senger Literatur hei zu Lëtzebuerg ze liewen", sot de President vum Fonds Culturel, de Jo Kox, viru kuerzem am LiteraturLabo. Wéi kann een den Auteuren entgéintkommen?

Presentatioun lord.lu
Luxembourg Online Rights Desk

Lord.lu ass no laangem Waarden elo online. Op der Internetplattform ginn niewent Contenu och verschidde Rechter verkaaft. De Site kéint gläichzäiteg fir eng nei Dynamik bei Auteuren an Editeure suergen.

Valerija Berdi Meenung
Literatur

Kann een zu Lëtzebuerg vu Literatur liewen? Wéi gi SchrëftstellerInne vum Staat ënnerstëtzt? Kucken d'Editeuren op d'Qualitéit vun de Wierker? A wéi steet et ëm den Niveau vu publizéierte Bicher?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen