Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Let's Dance Raw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Externe Beroder fir Entspanung vun der Situatioun

MUDAM

Externe Beroder fir Entspanung vun der Situatioun

Am Mudam soll zousätzlecht Personal agestallt ginn an een externe Beroder féiert de Moment Eenzel-Gespréicher mat alle bedeelegten Acteuren, dat mam Zil d'Situatioun ze entspanen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv.

Si hätt reegelméisseg Kontakter mat Membere vum Verwaltungsrot a mat der Directrice vum Musée, esou d'Sam Tanson. Et wier immens wichteg, datt elo eng Analys iwwer d'Situatioun am Mudam gemaach gëtt, ënnersträicht d'Kulturministerin.

Eng komplett Analys

D'Direktesch hätt zesumme mam Verwaltungsrot ee Beroder bäigezunn, dee sech op institutionell Froe spezialiséiert hätt, "an deen eng sougenannten 360 Grad Analys vun der Situatioun mécht", esou d'Sam Tanson. Dofir géif hie mat all de Membere vum Personal a mam Verwaltungsrot schwätzen. Duerno géif eng Analys gemaach ginn an och eng Rei Recommandatioune proposéiert ginn.

Éischt Conclusioune sollen Enn Mäerz oder Ufank Abrëll virleien. Donieft sollen am Mudam eng Rei nei Poste geschafe ginn: d'Ministesch schwätzt vu fënnef bis sechs zousätzleche Plazen. Véier dovunner si fir Jonker virgesinn, déi déi bestoend Equipe ënnerstëtze sollen. Et géif drëm goe "jonke Leit hei aus der Géigend och eng Zort Formatioun an deem Beräich unzebidden", dat wieren "d'Leadere vu muer an deem Beräich".

De Mudam soll zur Rou kommen

D'Directrice vum Mudam hätt gëschter an der Kommissiounssëtzung an der Chamber zouginn, datt si d'Situatioun vun der Onzefriddenheet vum Personal am Musée e wéineg ënnerschat gehat hätt, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Et wieren eng Partie Leit fortgaangen, well si net méi zefridde waren am Mudam. D'Ambiance am Mudam wier awer mëttlerweil besser.

"Mir ass et wichteg, datt de Mudam endlech zur Rou ka kommen", huet d'Octavie Modert betount: elo wou de Musée endlech net méi politesch vun enger Säit kontestéiert wier, betount d'CSV-Deputéiert a fréier Kulturministerin. Si kritiséiert domat d'DP an de fréiere Kulturminister Xavier Bettel. Déi aktuell Ministesch géif sech dorëms këmmeren, "net an all Detail, mee do, wou et hir Roll ass". D'Octavie Modert begréisst dat.

D'Haaptsaach wier, datt de Musée um Kierchbierg kéint schaffen a sech op seng Missioun kéint konzentréieren: Zäitgenëssesch Konscht duerzestellen. Et wier wichteg, "datt d'Atmosphär kann dobannen esou sinn, datt d'Leit kënne schaffen, datt de Mudam ka funktionéieren. An datt d'Schickeria sech net méi amëscht, wat dobanne muss gewise ginn." Si wier och berouegt, esou d'Octavie Modert weider, datt d'Mudam-Directrice gesot hätt, datt d'Membere vum Verwaltungsrot sech net méi an d'Gestioun géifen amëschen.

Mateneen amplaz géinteneen

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum behält vun den Aussoe vun der Mudam-Directrice vu gëschter an der Chamber zeréck, datt an der Vergaangenheet "eng Kultur vum Géinteneen" am Mudam war, an dat wéilt d'Directrice elo änneren "an eng Kultur vum Mateneen". Als Deputéierte kéint een dat awer net aschätzen, mee et misst een einfach ofwaarden.

"Ech mengen een Element ass, datt elo no de Sozialwahlen och eng Personaldelegatioun do ass", esou de Marc Baum. Bei dëse Wahle goufen am Mudam zwee OGBL-Kandidaten als Delegéiert gewielt.

De Musée soll fir dëst Joer iwwer aacht Milliounen Euro staatlech Sue kréien, esou steet et am Budgets-Projet: dat wier bal eng Millioun méi wéi 2018. Eleng fir d'Erweiderung vun der Kollektioun vum Mudam sollen dëst Joer 580.000 Euro zur Verfügung stoen, esou d'Kulturministerin. Dës Zomm soll an Zukunft op 620.000 Euro oder méi klammen, wënscht sech d'Sam Tanson.